Pilgeren "héich zwee", heescht et dëst Joer zu Lëtzebuerg. Gemengt ass: d’Oktav an d’Hellegt Joer 2025. Iwwer d’Bedeitung vum Pilgeren, dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

An der Weltkierch ass 2025 en Hellegt Joer – do steet Pilgeren op Roum um Programm. An zu Lëtzebuerg de Pilgergang an d’Kathedral, am Kader vu "400 Joer Oktav". Béid ënnert dem Thema "Pilger vun der Hoffnung".

Pilgeren heescht sichen, et ass eng Sichbeweegung, an där de Mënsch net ëm sech selwer kreest a seng eege Wënsch, Pläng an Dreem géing bestätege wëll. Et geet drëm, Ofstand ze gewanne vum Alldag a senge Flichten, vun der Famill an hiren Erwaardungen, vun Zwäng a Virstellungen an um Enn vu sech selwer: "friem goen" am gudde Sënn.

Pilgeren ass reliéis ënnerwee sinn, als e Symbol vum Mënschsinn, dat no vir lieft, an d’Zukunft eran. Net op der Plaz trëppelen, mä weidergoen!

Pilgeren huet ze di mam Verlaangere vun eiser Séil. "Am Anfang steht die Sehnsucht", schreift d’Nelly Sachs. Am Mënsch lieft d’Sehnsucht, déi hien erausdreift aus dem Engerlee vum Alldag an aus der Engt vun der gewinnter Ëmgebung. Ëmmer lackelt dat Anert, dat Friemt. Mä all Neies, dat een ënnerwee gesäit an erlieft, kann hien ni ganz erfëllen. Seng Sehnsucht ass méi grouss.

Pilgeren ass duerfir en häerzhafte Sprong an e weiden Horizont – eraus aus dem Gewéinlechen a Banalen, eraus aus all deem, wat äis deeglech bestëmmt a beherrscht, eraus aus der Engt a Begrenztheet, eraus aus dem Tratt an der
Routine, aus där Zooss, an där mer schwammen. Dora kënnt en déift Verlaangeren no Fräiheet, no Gléck zum Ausdrock.

Pilgeren ass virugoen, ass lassmarschéieren op en Zil – eben net en Trainéieren op engem Lafband oder Crosswalker; an och net wéi den Hamster am Lafrad, dat dréit an dréit an awer net vum Fleck kënnt. Mer dréien net am Krees, d’Liewen huet en Zil.

Wallfaarten ass e Sichen no Äntwerten, an dat am breede Spektrum vun der Fro nom Sënn vum Liewen, no Tréischtung an der Nout, no Perspektive fir d’Zukunft. E Bild fir opzebriechen an nei Initiativen ze ergräifen, an dobäi ni d’Knëppele bei d’Tromm ze geheien.

Esou gesinn ass Pilgeren net de Buedem ënnert de Féiss verléieren, mä neie Buedem ënnert de Féiss gewannen.