Wiem seng Strooss?

Haut mécht d’Magali Paulus sech Gedanken iwwert d’Strooss als Symbol vum ëffentleche Raum a wéi wichteg den Accès op d’Strooss fir d’Zivilgesellschaft ass.
Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
Ech sinn eng Frëndin vun der Strooss, souwuel déi Strooss, déi mer bei Maniffe besetzen, wéi och déi Strooss, op där ech menge Matmënsche begéinen. Wann ech net eng Relatioun mat der Strooss hätt, wier ech mer der Realitéit vu villen Mënschen net bewosst. Op der Strooss kënne mer eis begéinen an eis austauschen. D’Strooss ass och eng ëmstridde Plaz: tëscht den Automobilist*innen an de Vëlosfuerer*innen, tëscht deenen, déi presséiert si vu A op B ze kommen an deenen déi kee kloert Zil op hirem Wee hunn, tëscht deenen, déi Decisiounen huelen an deenen, déi des Decisioune betreffen.
Fir mech ass d’Strooss och Synonymme vum Espace public, dem ëffentleche Raum. De Jürgen Habermas huet dës Notioun a senger politescher Theorie vun der Demokratie definéiert. 2 Iddie sinn an dësem Begrëff vun zentraler Bedeitung. 1. gëtt den ëffentleche Raum als déi sozial Sphäre verstanen, an där d’Kommunikatioun tëschent de Bierger*innen déi ëffentlech Meenung produzéiert. An 2. ass et déi sozial Sphäre, an där sech d’Bierger*innen als politesch Kraaft konstituéiere kënnen, déi et erméiglecht, sech private Muechten entgéint ze stellen oder Afloss op de Staat ze huelen. Fir den Habermas kann den ëffentleche Raum als en Ensembel vu "Privatpersoune" verstane ginn, déi zesumme kommen, fir Theme vun "ëffentlechem Interesse" oder "intêret commun" ze diskutéieren.
Dësen ëffentleche Raum schéngt ëmmer méi kleng, fir d’Bierger*innen an och déi organiséiert Zivilgesellschaft ze ginn. An de leschte Méint huet d’Regierung verschidde Gesetzesprojeten deposéiert oder ass am Gaangen, Gesetzesprojeten auszeschaffen, déi den Accès un déi faméis Strooss ëmmer weider reglementéieren an arbiträre maachen. Ëmmer weider gëtt d’Wichtegkeet vum "an d’Strooss goen" am Sënn vun "Descendre dans la rue" oder "prendre la rue", a Fro gestalt. Desto méi restriktiv den Accès gëtt, desto manner Leit an d’Strooss wäerte goen an desto manner den ëffentleche Raum zu der Produktioun vun ëffentlecher Meenung wäert bäidroen, déi politesch Kraaft vun de Bierger*innen an der organiséierter Zivilgesellschaft wäert ofhuelen.
Dofir ass et elo esou wichteg, déi Rechter ze schützen, well mir däerfen net vergiessen, dass d’Recht ze manifestéieren, dh an d’Strooss ze goen, e Mënscherecht ass. Also musse mer all Geleeënheet notzen an d’Strooss ze goen, ob et fir d’Fraen ass, fir d'Äerd oder fir Palestina. Also wéi ass dann elo d'Äntwert op "wiem seng Strooss"?
Eis Strooss!!