D’Regierung stellt de Pensiounssystem op de Préifstand. Wärend d’Cotisatiounen eropgoe sollen, klëmmt och de Budget fir d'Defense. Wat bedeit dat fir déi jonk Generatioun – a fir d’Vertrauen an d’Politik? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

D'Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

D’Regierung plangt eng Pensiounsreform. Gläichzäiteg klammen Depensen fir Defense heiheem exorbitant an d'Luucht. Zwou Mesuren, déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn – a sech nawell begéinen: Wat si mir bereet, den nächste Generatiounen ze hannerloossen? De Premierminister huet de Pensiounssystem an der Ried zur Lag vun der Natioun als „sozial Errongenschaft“ bezeechent – e Verspriechen u jiddwereen. Dat Versprieche gëtt elo nei verhandelt. D’Zuel vun de Cotisatiounsjore soll lues a lues klammen. D’gesetzlecht Pensiounsalter bleift formell bei 65, mee de facto gëtt et méi schwéier, fir d’Pensioun voll ze kréien. D’Aféierung vun enger progressiver Pensioun – der "retraite progressive" – soll dëse Wandel offiederen. Mee kloer ass: Déi Jonk musse méi laang schaffen – fir déi nämmlecht Sécherheet.

Am anere Fall wier Kees ab 2027 eidel, sou de Pensionsrapport vun 2022, am Sënn dat Beiträg net méi duer ginn, fir d’Pensiounen ze finanzéieren. Dofir gouf am Koalitiounsaccord eng breet Consultatioun mat der Zivilgesellschaft – e Gespréich iwwer d’Zukunft vum Rentesystem festgehal. Mee esou e Gespréich ass just dann éierlech, wann d’Léisung net schonn feststeet. Gläichzäiteg soll och déi privat Virsuerg méi staark gefërdert ginn – duerch Steieravantagen. Mee wat ass mat deene Leit, déi sech dat net leeschte kënnen? D’CSV berifft sech op Solidaritéit, d’DP op Eegeverantwortung. Mee bei der Pensioun dierf dat net zu engem System fir zwou Klasse ginn: Fir déi, déi sech ofséchere kënnen – an déi, déi op dat ëffentlecht Verspriechen ugewise sinn. Gläichzäiteg huet d’Regierung annoncéiert 1,2 Milliarden Euro an d’Verdeedegung ze investéieren – 400 Milliounen d’Joer méi wéi geplangt. Zil ass et, d’2 %-Zil vun der NATO direkt z’erreechen. Ech froe mech: Wat soe mir eisen Kanner, wann si froen, ob sech schaffen

iwwerhaapt nach lount – wa mir d’Pensioun no hanne réckelen, mee Milliarde fir Waffen direkt bereetstellen? Verdeedegung ass wichteg, keng Diskussioun. De Krich an der Ukrain, déi onberechenbar international Lag – dat ass eng Realitéit. Mee Verantwortung - ob politesch oder net - heescht méi. De Philosoph Hans Jonas huet a senger Verantwortungsethik gefrot: Mir däerfen nëmmen esou handelen, datt och muer nach mënschlecht Liewe méiglech ass – an Dignitéit. Dat gëllt net nëmme fir d’Ëmwelt, mee och fir Gerechtegkeet a sozial Sécherheet. Dobäi stellt sech ëmmer méi d’Fro, ob sech d’CSV mat dëser Reform net selwer an en Dilemma manövréiert.. Zanter Joerzéngten huet si sech als Partei vun der sozialer Mëtt verstanen – chrëschtlech-sozial am eigentleche Sënn. Wa si elo e Projet matdroe wëll, deen als technokratesch a Marchés-orientéiert empfonnt gëtt, riskéiert si méi wéi nëmmen e bëssen Onzefriddenheet. Si riskéiert dat Vertraue vun deene Bierger, déi se ëmmer als moralesche Kompass gesinn hunn. Oder, méi krass: Wat ass un dëser Reform nach chrëschtlech-sozial? Fir d’DP passt dës Reform an de Profil. Si steet fir wirtschaftlech Pragmatismus, fir Eegeverantwortung a fir international Stabilitéit. Datt si méi op privat Virsuerg setzt, verwonnert keen – et ass konsequent. Mee grad doduerch gëtt den Ënnerscheed zur CSV nach méi däitlech: Déi eng verwalten, wat se ni versprach hunn – déi aner verléieren, wat se emol ausgemaach huet. Wann mir wëllen, datt déi Jonk Verantwortung iwwerhuelen, da musse mir hinnen och Perspektiven ubidden. E Rentesystem, op deen een sech verloosse kann. An eng Politik, déi erkläert, firwat mir Milliarde fir d’Rüstung brauchen – a wat mir domat wierklech schützen.

Pensiounsreformen sinn net nëmme Rechenexercicer. Si si e Spigelbild vun eiser Gesellschaft: Wéi gi mir ëm mat Jonken an Alen? Wien trëtt zeréck – a wien muss méi ginn?