Sécherheet muss fir jiddweree sinn

© RTL Grafik
De Robert Weber beschäftegt sech mat der Investitiounspolitik vun de Betriber a vun de schaffende Leit.
Et gëtt Themen, déi ëmmer erëm optauchen, awer ëmmer erëm eesäiteg duergestallt ginn.
Et geet ëm "d‘Sécherheet". Wann dat Thema usteet, dann denkt direkt bal jiddereen un di militäresch Situatioun. Dat ass sécherlech e wichtegen Aspekt, awer dee steet hei net am Mëttelpunkt.
Fir eng Wirtschaft ze (re)lancéiere brauch den Entrepreneur "Sécherheet", soss gëtt näischt investéiert. Jo, ech sinn och fir Rahmebedingungen, déi der Wirtschaft Sécherheet bidden. Politesch Stabilitéit, steierlech konkurrenzfäeg Situatiounen, Präisstabilitéit, niddreg Energiekäschten, eng verlässlech Rechtsuerdnung, eng zouverlässeg Wirtschafts-a Finanzpolitik, Wärungsstabilitéit, zolidd Staatsfinanzen, e funktionéierende Bankesystem, optimal Infrastrukturen (Stroossen, Bunn, Loftfaart, Datenautobunnen,Cybersécherheet) Ëmweltfacteuren, Versécherungen, soziale Fridden a.v.m.
Fir seng Investitiounen ze tätegen, brauch den Entrepreneur also empfänglech Sécherheet a Stabilitéit.Hien ass interesséiert u Wäerthaltegkeet a Beneficer. Fënnt hien des Bedingungen net, da mécht hien och keng Investitiounen. Oder e sicht sech en anert Land, wat him des Bedingungen ubitt. Dat sinn Grondelementer vun eiser Ökonomie.
Awer, Sécherheet muss fir jiddereen gëllen. Eis Ökonomie lieft net eleng vun Investitiounen a Kapital a Gidder. Ouni Mënschen di schaffen, rullt hei näischt!
Wéi steet et da mat hirer Sécherheet? All schaffende Mënsch ass och en Entrepreneur! E brauch eng Aarbechtsplaz an eng Pai, hie grënnt eng Famill, hien investéiert an en Haus oder eng Wunnecht, hie léint Sue fir en Auto a villes méi.
De schaffende Mënsch brauch och Planungssécherheet. Seng Investitioun a säin Haus, an eng Famill soll sech rentéieren. Dëst sinn Investissementer fir e lieweslaang. De Kaf vun engem Haus, oder enger Wunnecht ass en Invest vun 30-40 Joren. Fir eng Famill ze grënnen suergt hie sech säi lieweslaang, bis dass d’Ausbildung vu senge Kanner ofgeschloss ass an seng Kanner op eege Féiss stoe kennen. Vill schaffend Leit bezuelen nach an hirer Pensioun fir d’Ausbildung vun hire Kanner.
Awer, wou ass hir Sécherheet? Jo, et gëtt eng Partie Netzer fir Katastrophen "ofzefiederen". Ëffentlech Hëllefen, Aarbechtslosen-Ënnerstëtzung, Krankekeesen, an anerer. Awer, wéi gesäit et mat deene Mënschen aus, déi wuel e soziaalt Netz hunn, dat hinnen awer näischt hëlleft?
Do sinn z.B. d’Mataarbechter vu Liberty Steel vun Diddeleng. Si duerchlafen e jorelaange Leidenswee. Zanter Jore weess hei keen, op e muer nach eng Aarbecht huet, vun enger Pai net ze schwätzen. Wéi sollen des Mataarbechter hir Investitioune plangen, realiséieren an duerch hir Aarbecht ofsécheren? Hei geet et ëm di blank Existenz.
Där Liberty Steelë goufen et bis elo vill an et wäert der och an der Zukunft nach vill ginn. Sécherheet ass also net fir jiddereen! Des Onsécherheet vun de schaffende Leit wierkt sech och op de Betrib an di ganz Gesellschaft aus.