Duerch eng besser Cohesioun, Europa no bannen an no bausse stäerken

An enger Zäit, an där hannert dem Begrëff „Europa“ - dorënner versteet sech d’Europäesch Unioun -, ëmmer méi Fragezeiche stinn, huet déi europäesch Kommissioun virun e puer Deeg eng «Strategie fir de Marché unique » publizéiert. Dozou eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
Dat iewescht Zil vun der neier Strategie ass d’Vereinfachung vum europäesche Bannemaart, d’Ofleef méi fléissend ze maachen an d’Relatiounen tëscht de Memberstaaten ze stäerken. E wichtege Message an enger Zäit wou ëmmer méi europäesch Länner nationalistesch Parteien a Politiker un d’Spëtzt vun de Regierunge wielen, a wou op der enger Säit de Krich virun eiser Dier steet, an op der anerer Säit iwwer den Atlantik, komplizéiert politesch Decisiounen e groussen Afloss op d’Wirtschaft an d’Gesellschaft an Europa hunn.
Déi nei Strategie geséit ganz konkret a strukturéiert Mesure vir, dat de Bannemaart besser a méi einfach funktionéiert. Eng Prioritéit ass d’Aarbechtsëmfeld fir kleng a mëttelgrouss Betriber ze vereinfachen, duerch administrativ Erliichterungen, méi homogen Normen, an e méi harmoniséierte reglementaire Kader fir iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg ewech, an Europa ze schaffen. Aner Schwéierpunkte sinn d’Ënnerstëtzung fir kompetent Mataarbechter ze recrutéieren an en onkomplizéierten Zougang zu Finanzmëttel fir d’Betriber. Begleet duerch den digitale Wandel, sollen dës Ziler méi séier an effizient erreecht ginn.
Iwwer déi kleng a mëttelstänneg Betriber eraus, adresséiert d’Strategie sech natierlech och un déi grouss Entreprisen, a sou un all europäesche Bierger. Andeems jidderee vun eis den europäesche Bannemaart ënnerstëtzt a lieft, gëtt Europa – an engem schwieregen internationalem Ëmfeld – gestäerkt a kann sech besser fir d’Zukunft opstellen, souwuel wat seng wirtschaftlech Positioun ugeet, wéi eng inklusiv Gesellschaft am Respekt vun der Ëmwelt an den natierleche Ressourcen.
Dës Iddie sinn zum groussen Deel net onbekannt, an hu schonn d’Basis vum Marché unique den 1993 agefouert ginn ass, gestallt. Nëmmen zesummen, kennen d’Memberstaaten eng staark Wirtschaft no vir bréngen, déi der Konkurrenz vun deenen anere Weltmuechte Stand hält.
An domat steet a fält och de Succès vun dëser iwwergräifender Strategie. All Memberstaat muss sech fir déi konkret Ëmsetzung an d‘Applikatioun vun den europäesche Reegelen a sengem Land engagéieren.
Politiker si gefuerdert iwwer dat direkt Ëmfeld vun hire Wieler eraus, eng staark europäesch Visioun ëmzesetzen. Betriber si gefuerdert den europäesche Gedanken am Alldag ze liewen, mee och iwwer de Lobbyismus an den Drock den sou op déi europäesch Politik ausgeüübt gëtt. An domat ass um Enn och all eenzelne Bierger - souwuel privat wéi am Beruff - gefuerdert, well mir all zesummen d’Gesellschaft, d‘Wirtschaft an d’Politik ausmaachen, duerch eist Kafverhalen, eis Liewensgewunnechten, eise Mediekonsum an natierlech och eis Wal-Decisiounen.