Eng neoliberal Pensiounsreform wéi se am Buch steet

D'Pensiounsreform, sou wéi se lo vun der Regierung annoncéiert ass, ass schonn e komescht Konstrukt. Si ass ideologesch orientéiert an et mierkt een, dass et just drëm geet, fir Kotisatiounserhéijungen ze verhënneren, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
No enger Schäindebatt, déi ee ka resuméieren: "schwätz mat, mee mir maachen awer wat mer souwisou wëlles haten", ass d’Kaz lo aus dem Sak a punkto Pensiounsreform.
Dat wat lo um Dësch läit, ass dat, wat d’Leit am mannste wollten. Et ass och dat wat di allermeeschten Teilnehmer un de sougenannten Experteronnen net wollten an ass eppes wat finalement zu méi Ongerechtegkeete féiert:
- eng forcéiert Verlängerung vun der Dauer, wou ee muss schaffen ëm bis zu 5 Joer fir jiddereen,
- keng Cotisatiounserhéijung, keen Déplafonnement oder aner gerecht nei Recetten,
- kéng Erhéijung vun den niddrege Renten déi zu Lëtzebuerg net duerginn fir normal ze liewen,
- par contre, eng weider Ënnerstëtzung vun de private Pensiounsregimer, déi virun allem de Besserverdénger steierlech Virdeeler bréngt.
Dat ass eng kloer neoliberal Approche an eng ideologesch orientéiert Reformagenda. Wat se dem System finanziell brénge soll, ass d’ailleurs net kloer. Si ka souguer mëttelfristeg finanziell en negativen Impakt op de System hunn, zemools wann doduerch, dass d'Leit méi laang schaffe ginn, manner Emploi geschaaft gëtt. D’Regierung sot och, si steet zur Pensiounsreform vun 2012. Dës Reform bréngt staark Verschlechterunge mat sech, virun allem fir déi Jonk, mee awer och fir déi Leit, déi lo an der Rent sinn.
De Réajustement riskéiert deemnächst fort ze sinn, obwuel mer 30 Milliarden an der Reserv hunn, obwuel d'Rentner vun haut déi Reserv mat opgebaut hunn. Dat kascht den Duerchschnëttsrentner wärend senger Rent iwwert 100.000 Euro a féiert sécherlech zu enger Erhéijung vun der Altersaarmut zu Lëtzebuerg, déi sech an deene leschten 10 Joer jo scho verduebelt huet. D’Regierung seet, si steet zu dëser Reform an also zu dëser Verschlechterung, mee wa se konsequent wier, da misst se lo och eng Kotisatiounserhéijung decidéieren. Déi war nämlech an der Reform 2012 och implizitt virgesinn. Dat mécht se awer net aus Grënn, déi net novollzéibar sinn. Amplaz dovu solle lo Suen aus enger Konsumsteier geholl ginn, fir d’Pensioune matzefinanzéieren. Konsumsteiere sinn déi sozial ongerechtste Steieren, déi et ginn. Och hei gesäit ee kloer den neoliberalen Usaz vun der Reform.
Finalement wëll d’Regierung d’Mindestrent net erhéijen, dat mam Argument, dass dann och Leit eppes géinge bäikréien, déi aner Revenuen hu wéi just hier Rent, a villäicht net op hir Mindestrent ugewise sinn. Mee dat sinn der éischtens net vill an zweetens ass dat carrément hypokritesch, wann ee gläichzäiteg déi aner Revenuen, spréch Kapitalerträg, déi déi Leit hunn, net wëll méi besteieren.
Eng Erhéijung vun der Mindestrent ëm 10% kascht just ronn 30 Milliounen Euro. Dat ass manner wéi d’Hallschent vun deem, wat eis am Moment déi steierlech Begënschtegunge fir d’Privatrente vun de Besserverdénger kaschten. An déi steierlech Begënschtegunge solle jo nach weider erhéicht ginn. Duerfir sinn da Suen do. Béi dëser Reform muss ee wierklech ganz kloer soen: et ass net nëmme „Business first“, mee et ass och nach eng Ëmverdeelung vun ënnen no uewen.