Viru kuerzem huet Lëtzebuerg ee vun deene rare Momenter erlieft, déi nëmmen all puer Joerzéngte virkommen: ee feierlechen Trounwiessel. Fir de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, ass et elo Zäit, mat e bëssen Distanz op dës Deeg zeréckzekucken an d’Fro ze stellen, wéi gutt déi behaapte politesch an ideologesch Neutralitéit vun eiser Monarchie zu engem kathouleschen Te Deum passt, deen als quasi selbstverständlechen Deel vun engem Staatsakt higeholl gouf.

Carte Blanche vum Bob Reuter

Elo, wou e puer Deeg vergaange sinn zanter dem éischte Weekend am Oktober, kënne mir mat e bëssen Distanz op dat zeréckkucken, wat geschitt ass an et kritesch hannerfroen. Et war e symbolträchtege Moment an der Geschicht vu Lëtzebuerg: ee feierlechen Trounwiessel, eng „Rentrée joyeuse“ duerch d’Land an zum Ofschloss, wéi et d’Traditioun wëll, en Te Deum an der Kathedral. Verschidde Leit hunn dat bestëmmt als schéin, feierlech an traditiounsräich erlieft. An awer ass et genee dës Selbstverständlechkeet, déi mir ze denke gëtt.

Mir héieren ëmmer nees, d’Monarchie géif sech als politesch an ideologesch neutral verstoen an dat ass wichteg, well si sech grad duerch dës Neutralitéit legitiméiert. Mee wéi neutral ass eng Institutioun wierklech, déi hire symbolesch wichtegste Weekend mat engem kathoulesche Gottesdéngscht ofschléisst? A wéi konsequent huele mir d'Trennung vu Kierch a Staat, wann esou e reliéise Ritual einfach als natierlechen Deel vun engem Staatsakt higeholl gëtt? Oft gëtt dat domat erkläert, datt de Groussherzog eben e perséinlech gleewege Mënsch ass an dat ass säi gutt Recht. Jiddereen dierf säi Glawen hunn a liewen. Mee hei geet et net ëm eng Privatsaach, mee ëm eng ëffentlech Roll. Wann de perséinleche Glawe vum Staatschef d’Symboler vun der Institutioun bestëmmt, dann ass déi behaapten Neutralitéit net vill méi wéi eidel Wierder. D’Funktioun vum Staatschef ass net privat, si ass ëffentlech an dat däerf net vermëscht ginn. En Te Deum war am 19. Joerhonnert vläicht eng Selbstverständlechkeet, well d’Gesellschaft homogen an d’kathoulesch Kierch dominant war. Awer d’Lëtzebuerg vun haut ass pluralistesch. Et besteet aus Mënsche mat verschiddene Glawensrichtungen an zum gréissten Deel aus deenen, déi iwwerhaapt net gleewen. Fir si alleguer soll de Staat neutral sinn, net nëmmen a senge Gesetzer, mee och a senge Symboler.

Datt een zu dësem reliéise Schlussakt nëmme wéineg kritesch Stëmmen héieren huet, weist, wéi déif d’Iddi vun enger "Staatsrelioun" nach ëmmer an eisem Selbstverständnis verwuerzelt ass. Mee genee dës Onhannerfroheet ass e Problem. Traditioun eleng kann net d’Begrënnung fir eppes sinn, dat am Widdersproch zu de Prinzippie vun eiser Demokratie steet.

Eng konsequent Trennung vu Kierch a Staat heescht net, d'Relioun aus dem ëffentleche Raum ze verbannen. Et heescht, datt de Staat sech net mat enger Relioun identifizéiert an datt och Symboler wéi en Te Deum net automatesch Deel vun engem Staatsakt sinn. Wa mir d’Neutralitéit eescht huelen, musse mir se och do verdeedegen, wou se op den éischte Bléck "harmlos" schéngt.