Déi lescht Wochen ass hei am Land vill iwwer d'Sozialronn geschwat ginn an dobäi dann och iwwer d'Pensiounen. A senger Carte Blanche vun haut beschäftegt de René Winkin sech mat enger Fuerderung, déi an deem Kontext dacks genannt gëtt a kuckt bësse no vir.

Carte Blanche vum René Winkin

Wann et ëm d’Ofséchere vun de Pensioune geet, dann navigéiert een am Prinzip an engem Dräieck tësche méi laang schaffe goen, ëmmer méi an d’Kees cotiséieren oder déi rasant Entwécklung vun de Pensiounsausgaben ofbremsen. Mee, am ëffentlechen Discours héiert een dacks Leit, déi sech an deem Dräieck do net d’Fanger wëlle verbrennen. Hir Zauberformel heescht "alternativ Finanzéierungsquellen".

Am Kloertext: dat sinn nei oder méi Steieren, déi de Staat soll andreiwen, deemno keng Reform vum Pensiounssystem, mee e Refill vu Lächer, déi bekanntlech ëmmer méi grouss ginn. Also ëmmer nees an ëmmer méi opfëllen... an ee Faass ouni Buedem.

Ma wou sollen déi alternativ Finanzquellen da spruddelen?

Den defizitäre Staatsbudget gëtt lo schonn zousätzlech belaascht duerch steigend Sozialtransferten, d’Verdeedegung, d’Energietransitioun a grouss Infrastrukturprojeten. Nodeem des Regierung d’Steieren op de Privatpersounen erofgesat huet, sollen déi da lo nees eropgoen? Bei der Betribsbesteierung wär et mol gutt, wa mir den Taux vum IRC, wéi ugekënnegt, endlech ënner d’Moyenne OECD kéinte bréngen. Verschidde Leit mengen, dass nei oder méi héich Konsumsteieren als alternativ Finanzéierung vun héije Pensioune sollten hierhalen. Hei gëtt neierdéngs och vun neien Digitalsteiere geschwat. Sollen déi op e-Banking, Online-Buchungen oder op dem Notze vu myguichet opgehuewe ginn? Ma wär dat nieft onsënneg, net och nach onsozial?

Ass et wierklech ubruecht, Automatiséierung a Robotik ze besteieren an enger iwwerreguléierter Ekonomie, déi zanter Jore keng notabel Produktivitéitsgewënner méi opweist? Et ginn der, déi dat mengen. Wéi ëmmer gëtt et dann och Leit, déi eppes aus onsen Nopeschlänner opgeschnaapt hunn; copy paste quoi. Zum Beispill Ierfschaftssteier, Grondsteier oder Verméigenssteier. Ma wien de Wee vun eisen Nopeschlänner well aschloen, fir esou nach eng Partie Jore kënnen ze maachen, wéi wa mir keen Ausgabeproblem hätten, deen iwwersäit, nieft der ugespaanter Finanzlag vun dëse Länner, och nach zwou onkamoud Lëtzebuerger Partikularitéiten, déi maachen, dass de Schoss mol kräfteg no hanne kéint goen:

1. Déi Suen, déi bei eis zousätzlech an alternativ solle mobiliséiert ginn, wäerten zu engem ganz groussen Deel direkt an d’Ausland drainéiert ginn, also eis Ekonomie sécher belaaschten an ofbremsen, ma hir nëmme beschränkt zegutt kommen.
2. Vill vun deem alternative Geld, wann et keng Cotisatiounen a keng Steieren op Léin a Pensioune soll sinn, riskéiert dann eenzeg an eleng, vun ëmmer méi héich belaaschten iwwregbliwwen Awunner hei am Land bezuelt ze ginn, fir eng steigend Zuel vun Empfänger, déi kaum zu deem alternative Finanzement wäerte bäidroen.

A wéi laang geet dat hei gutt, iert déi alternativ Finanzéierungsquellen dann enges Daags alternativ Parteie fërderen? Besser elo scho mol drun denken.