Lëtzebuerg muss Palästina unerkennen

A senger Carte Blanche fuerdert de fréiere Minister Robert Goebbels, datt Lëtzebuerg Palästina unerkennt.
De Staat Israel ass kee Produkt vun der Bibel. Hie gouf geschaaft duerch d’Vereenten Natiounen, déi gläichzäiteg och ee Staat fir Palästinenser decidéiert haten. Bluddeg Konflikter hu bis elo eng Zwee-Staate-Léisung verhënnert.
Ech triede fir d’Existenzrecht vum Staat Israel an. Hat ëmmer Sympathië fir eng vun de wéinegen Demokratien am Noen Osten.
D’Attentater vum Hamas vun Oktober '23 hunn Israel zu enger Bestrofung vun dësen Terroriste forcéiert. Mee et geet net méi ëm dat biblescht "An ëm An, Zant em Zant". D’Regierung Netanjahu huet ganz aner Ziler. Sie wëll d’Palästinenser verdreiwe fir en Israel an enger biblescher Breed ze schafen, déi et ni gouf.
Gaza as e Sträife-Land, esou grouss ewéi d’Kantone Lëtzebuerg a Réimech zesummen. Säit iwwer 600 Deeg ginn 2,2 Millioune Mënsche gewëssermoossen tëschent Réimech an Lëtzebuerg hin an hier gedriwwen.
Kaum Waasser, wéineg Iessen, keng Medikamenter, stänneg ënner Beschoss. Iwwer 55.000 Palästinenser goufe schonn ermuert. All Dag kommen e puer Dosen Doudeger dobäi. Israel attackéiert de Libanon, intervenéiert a Syrien, huet e richtege Krich mam Iran ugefaangen.
Alles ënnert dem Motto "Terrorismus-Bekämpfung". Mais déi schlëmmsten Terroriste sinn de Netanjahu a seng faschistoïd Geselle Katz, Smotrich an Ben-Gvir.
Mir verurteelen zu Recht de russeschen Iwwerfall op d'Ukrain. Dem Putin seng Massakere vun der Zivilbevëlkerung a säi Landraub. Déi selwecht moralesch Krittäre musse fir Israel gëllen. Massaker vu palästinenseschen Ziviliste si genee sou wéineg z’akzeptéieren ewéi Landraub duerch Israel.
D’USA versuergen Israel mat modernste Waffen. Géif d’Ukrain de selwecht Waffe kréien, wär de Putin schonns op de Knéien.
Ech hunn null Sympathië fir Hamas-, Hezbollah-, oder Huthi-Terroristen. Fir d'Mullahen an d’Ayatollahen. Awer de Netanjahu bréngt bewosst de Weltfridden a Gefor, fir sech politesch an Israel ze behaapten. Dem Netanjahu seng Gewalt-Orgië mussen och vum Lëtzebuerger Staat verurteelt ginn. D’Regierung muss Palästina als Staat unerkennen. Dat weist Israel, dass et iwwerall Sympathië verléiert. Israel well Sécherheet a Fridden. Et verléiert am Moment béides.