An der europäescher Press, déi jo all Dag eng méi oder manner ëmwerfend Nouvelle vum Donald Trump iwwerhëlt, ass wéineg driwwer geschwat ginn, mee am Mäerz dëst Joer huet de President Trump en Dekreet ënnerschriwwen, aus deem ervirgeet, datt Englesch ewell déi eenzeg offiziell Sproch an de Vereenegte Staaten ass. Wei den Trump mat dëser Sproch ëmgeet, beschäftegt de Paul Hammelmann a senger "Carte blanche".

Eng Carte Blanche vum Paul Hammelmann

Bis dohi war et effektiv esou, datt an de Vereenegte Staate säit dem President Clinton eng Rei offiziell Texter op englesch an op spuenesch verfaasst waren. Dëst, fir den "hispanics", also den Awunner an Awanderer mat hispaneschen oder spueneschen Originnen, d’Integratioun méi einfach ze maachen. 
 
Den Trump huet als eng vu sengen éischten Amtshandlungen no senger Intronisatioun all spuenesch Texter verschwanne gelooss an Englesch als eenzeg an offiziell Sproch agefouert. 
 
Dobäi ass säin eegene Sproochgebrauch säi Sazbau, seng Grammaire, säi Vokabulär vun enger seelener Eefällegkeet! 
 
Hie bréngt et anstandslos - jo anstandslos, dat pass wéi d’Fauscht op d’A - fäerdeg, eis all gudden Dag mat enger neier, nach méi ruckelzeger Iddi a mat senger legendärer Bescheidenheet z’iwwerraschen. Ech ka mer an deene Momenter net hëllefen a fir den alldeegleche Brechreiz lasszeginn, loossen ech mech ëmmer wann ech säin infantile Langage héieren a meng Kandheet zréckfalen a muss un deen aneren Donald, den Donald Duck zeréckdenken.
 
D’Charakterzich gläiche sech: déckkäppeg, intolerant, verlugen, selbstherrlech, vulgär an egoistesch, trotzdeem kann een dem Disney sengem Donald eng gewësse Sympathie ofgewannen, wat bei deem haitegen Awunner vun Entenhausen D.C. sécherlech net de Fall ass. 
 
Den aktuellen Donald huet dann och wéi am Comic mat sengem steeräiche Monni, dem Elon "Dagobert" Musk Sträit kritt an hien ass och entouréiert vu sengen Neveuen Tick, Trick an Track: den J.D. (James-Donald) Vance, deen eis Europäer jo als erbäermlech an als Schmarotzer titeléiert huet an eis de "free hate speech" wollt octroyéieren, de Pete Hegseth fréieren Anchorman bei "Fox News" an natierlech de Robert Kennedy; deen huet wéinstens e Wuerm am Kapp, t’ass alt dat!

Mol ofgesi vun de planetaresche Konsequenze vun deene Geeschtesblëtzer, déi dës Schlaumeier vu sech ginn, iwwer Grönland, Panama, Gaza asw., muss ee sech schumme wann ee vun hinnen de Mond opdeet, wei nach déi lescht Woch virun der UNO-Vollversammlung, wou den Donald virun engem peinlech beréierte Publikum, de Buergermeeschter vu London als "terrible, terrible mayor" bezeechent oder am Februar am Wäissen Haus, wou hien dem Selenskyj virwerft, "hien hätt keng gutt Karten" (sic !) 
 
Dofir dann och den Titel vun dësem Beitrag: "MEGA - Make Entenhausen Great Again". D’Press kéint vläit an Zukunft amplaz jeeweils direkt Ried ze zitéieren, einfach Spriechblosen op Fotoe placéieren: de Primaten hire Langage géif do largement erapassen.