Fir eng Stäerkung vun der Kafkraaft an e Recht op en dezent Liewen!

© RTL Grafik
An der Carte Blanche vum laangjärege President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann geet et ëm d‘Thema Erhalung a Stäerkung vun der Kafkraaft an e Recht op en dezent Liewe fir jiddereen.
Ëmmer méi oft héiert een, dass dat alldeeglecht Liewe méi deier gëtt a vill Leit Problemer hunn, fir all Mount iwwer d’Ronnen ze kommen.
Effektiv brauch een nëmmen d‘Präisentwécklung vun de Produiten an Déngschtleeschtunge vum alldeegleche Bedarf, sief dat d’Alimentatiounartikelen, d’Energie, d'Taxen, d'Assurancen, d'Loyeren an d’Präisser vun den Alters- an Fleegeheimer ze analyséieren, da kann ee ganz gutt verstoen, dass vill Stéit Problemer a Suergen hunn. Bei ville Leit geet et hei ganz einfach ëm hir Existenzen, well d’Präiserhéijunge maachen keng Paus.
Jo effektiv liewe bal 20 Prozent vun de Leit an der Aarmut resp. no un der Aarmutsgrenz. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Kanner- an Altersaarmut. A wou bleift dann nach d’Méiglechkeet, sech kënnen iwwerhaapt nach e puer Euroen, fir dat spéidert Liewe resp. fir seng Pensioun op d‘Säit ze leeën, geschweige sech nach eng eege Wunneng ze leeschten.
Hei geet et och nieft der Bekämpfung vun der Aarmut ëm déi Kleng- an Mëttelverdénger an déi Elengerzéiend. Well och hei gëtt et héich Zäit, dass d’Regierung den Hiewel usetzt. Zill muss et sinn, alle Verbraucher en dezent Liewen an eng Bedeelegung un alle gesellschaftlechen, sozialen a kulturellen Aktivitéiten ze erméiglechen. De Konsument brauch och Planungssécherheet, fir kënne verschidde Projeten unzegoen. Bei der eelerer Generatioun geet et dorëms, dass hir Pensioun net gekierzt, mä erhéicht gëtt, virun allem wat d’Mindestpensiounen ubelaangt.
D’Regierung huet jo elo virun allem bei der ugekënnegter Steierreform an der Opstellung vum nächsten Budget d’Méiglechkeet, hire Beitrag dozou ze leeschten. Well d’Steierpolitik huet jo och eppes mat der Erhalung an der Stäerkung vun der Kafkraaft ze dinn.
Ob et bei der ugekënnegter Steierreform awer zu méi Steiergerechtegkeet kënnt, wou dann tatsächlech géif méi Netto vum Brutto iwwreg bleiwen, kann een op d'mannst bezweifelen.
D’Regierung muss sech bewosst sinn, dass d’Erhalung an d’Stäerkung vun der Kafkraaft ebenfalls méi Wirtschaftswuesstem a méi Steierrecette bedeiten. De Verbraucher muss net ëmmer dat schwächste Glidd an der ganzer Kette bleiwen.