
Jo, “Objects in the mirror are closer than they appear”, ass hei als Metapher gebraucht, fir emol d’Menace vun engem autoritäre Regime am aktuellen Amerika ze beliichten. D’Vereenegt Staaten hunn sech nom Zweete Weltkrich aus engem Model vu liberaler Demokratie zu engem Staat entwéckelt, dee “moralesch um Buedem läit” (1) mat engem President, deen alldeeglech op Sendung eng Ruckelzegkeet no där aner vu sech gëtt.
Mee kann een deementspriechend epistemologesch d’USA als faschistesche Staat bezeechnen?
Vill Zeeche schwätzen dofir, wéi d’Gewaltbereetschaft vu senger geheimer Staatspolizei ICE, Verherrlechung vun der Gewalt allgemeng, d’Ënnerbanne vun der Pressefräiheet – rezent Beispill “Washington Post” an “CNN” – d’Ofschafe vun de Rekursméiglechkeete fir verhafte Migranten, an esou weider.
Den US-Historiker Jonathan Rauch analyséiert d’Ideologie vum Regime, deen en place ass, als Nationalismus puer, op d’Spëtzt gedriwwe vëlkescht a rassistescht Denken – America first – e Staatsbiergertum, dat op Blutt baséiert a wat geméiss der Trumpscher Ideologie vu Migrante vergëft gëtt. (2)
Net sou rezent an der amerikanescher Politik : dat imperialistescht Behuele vis à vis vu Venezuela a Grönland an och op eng méi perfid Manéier, Kuba.
Esouguer de Krich mam Iran ass dem internationalen an nationale Recht no net konform, och wann den Trump hei, wéi de Bundeskanzler Merz bemierkt, “eng Drecksaarbecht mécht, déi eis arrangéiert”. (3)
Dat alles sinn zwar déi klassesch Unzeeche vun engem autoritär faschistesche Regime, an dach woen ech ze behaapten, datt d’USA, och historesch bedéngt, nach ëmmer dem liberale Pluralismus verflicht bleiwen. Dëst allerdéngs an enger hybrider Relatioun zu hirem perfide President a Konsorten, déi keng Unzeeche vun Anstand, Fairness oder Bescheidenheet erkenne loossen.
Dofir sollte mir als Europäesch Unioun, e Marché mat ëmmerhi 450 Millioune Konsumenten a mat enger Geschichtserfarung, déi hiresgläiche sicht , ëmmer de Réckspigel fest am A behalen, fir datt déi “Objects” eis net op emol ronderëm d’Ouere fléien.
_______________________________________________________________________
(1) Ines Kurschat; Luxemburger Wort; 14/02/2026
(2) Jason Stanley; Uni Toronto
(3) Friedrich Merz; ZDF; 1/3/2026