Alerte rouge

© RTL
"Verglas/si possible restez chez vous". Dat ass de Message, dee gëschter Owend géint 20 Auer via SMS un d’Populatioun erausgeschéckt gouf.
Bleift (wa méiglech) doheem! De Message "Bleift doheem" kënne mer zanter der Covid-Pandemie.
Mä d’Pandemie ass laanscht.
Et ass Wanter. Do schneit et emol. Do reent et och (an zimmlech vill an de leschten 2 Méint). A wann de Reen op de kale Buedem opschléit, fréiert et emol an et kënnt zu Glatäis.
Et ass effektiv Wanter!
Mä: Ech kann d’Geforesituatioun net aschätzen.
Dofir hu mer eng Cellule de crise.
A verschidden offiziell Sourcen.
www.meteolux.lu,www.infocrise.lu,@infocrise.lu,@CGDISlux
Eng Fro muss erlaabt sinn: Géint 20 Auer kommunikéieren. Ass dat net e bësse spéit, wann d'Leit sech solle fir den Dag drop organiséieren?
Ech hu mech haut um Wee op d’Aarbecht op quasi eidele Stroossen allerdéngs och gefrot, wat ech mam Message "Bleift doheem" sollt ufänken.
Et kann net jiddwereen Home Office maachen.
Ewéi maachen et beispillsweis d’Restaurateuren oder d’Geschäftsleit, déi op Clienten ugewise sinn?
Op Clienten, déi jo sollen - wa méiglech - doheem bleiwen.
Ech fannen et positiv, dass d’Streedéngschter eraus waren a gutt geschafft hunn!
D’Stroosse waren iwwer Land gréisstendeels gutt ze fueren. Héiert een.
An de Spideeler huet d’Personal sech organiséiert an hat vläicht duerch d’Alerte rouge manner ze dinn, ewéi wa keng Virwarnung erausgaange wär.
D’Assurancë mussen sech duerch d’Alerte rouge och méiglecherweis mat manner Téitschen ausenanersetzen.
Mä ech bleiwen derbäi: E Land quasi ausser Betrib setze wéinst Schnéi, Reen a Glatäis? Matzen am Wanter? Wou steiere mer hin?
Gëtt d’Alerte rouge beim geréngste Wiederëmschwong elo de Standard?
Sécher: Et ass eng Warnung erausgaangen. Et huet schonns (e bësse besser geklappt) ewéi beim Héichwaasser.
Haut huet de Gros vun de Leit jo gutt gefollegt.
An am Laf vum Nomëtte gouf et eng nei Warnung: Eng Alerte orange.
Et kann iwwer Nuecht schneien.
Solle mer bei enger Alerte orange och muer doheem bleiwen?