Gemengen, et ass un iech!

Dës Regierung hat sech d’Aarmutsbekämpfung als eng Top-Prioritéit op de Fändel geschriwwen. D’Gemenge spillen dobäi eng zentral Roll. Amplaz Neel mat Käpp ze maachen, setzt d’Regierung op een Pflegeleicht-Programm. Dat hat den neie Luc awer eigentlech anescht annoncéiert, fënnt d’Annick Goerens haut a sengem Commentaire.
Iwwer 6 Méint ass déi mëttlerweil-net-méi-esou-nei CSV-DP-Regierung um Rudder. Opweises ass nieft Steier-Cadeauen, eigentlech just d’Heescheverbuet. Ech hat mer Aarmutsbekämpfung eigentlech anescht virgestallt. Mee bon...
"Den" zentrale Problem am Land, an do si sech all d’Acteuren queesch duerch de soziale Secteur eens, ass de Logement. Wouhi mat Leit, déi de Mindestloun verdéngen oder Drogenofhängeg oder anescht schwéier krank sinn an net schaffe kënnen? Wouhi mat Asyldemandeuren, an deene Leit, déi de Statut scho kruten an hei dréngend gebraucht ginn, fir ze schaffen? Jo wouhi mat all deenen, wann d’Mëttelschicht scho struewelt eppes ze fannen?
D’Gemenge sinn zentral, mee se ginn dacks wurschtele gelooss a ginn Suen op onnéidege Plazen aus a bauen Prunkbauten, déi keen brauch, seet de President vun der Gemengegewerkschaft Claude Reuter. D'Äntwert vum responsabelen Inneminister ass d'Joker-Kaart Gemengen-Autonomie.
Een rezent Beispill Flüchtlingsstrukturen. Op der Säit 187 vun CSV-DP Koalitiounsaccord steet «les DPI [demandeurs de protection internationale, ndlr.] seront répartis équitablement à travers le pays. Toutes les communes devront participer et être solidaires [… ] ». Wann een dat liest, kann een dovunner ausgoen, dass d’Regierung wëlles huet e Verdeelungsschlëssel auszeschaffen, fir esou all d’Gemengen dozou ze beweegen, hir Responsabilitéit z’iwwerhuelen.
Et géing ee kee Verdeelungsschlëssel asetzen, mee méi intensiv mat de Gemenge schwätzen, äntweren den CSV-Inneminister Gloden an DP-Familljeminister Hahn op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Engel, Biancalana an Delcourt. Dass eis dat Geschwätz wierklech net weider bréngt, weist strikt an einfach d’Zäit. Mir schwätzen zanter der “Flüchtlingskris” vun 2015 vum faire Verdeele vu Flüchtlingen. A carrement 66 vun 100 Gemengen drécke sech nach ëmmer dolaanscht – och bal 10 Joer méi spéit.
Excusë ginn et ëmmer. Vill Gemenge sinn effektiv kleng an hu manner Moyenen, wéi déi grouss Noperen. Mee deementspriechend géing och de Verdeelungsschlëssel jo ugepasst ginn. Wou e Wëllen ass, ass och e Wee. E grousse Problem, egal ob beim Bau fir Flüchtlingsstrukturen oder Sozialwunnengen, ass den Nimby-Effet, not-in-my-backyard, vun den Awunner vun der Gemeng. Och do weist sech duerno meeschtens, dass alles just hallef sou wëll ass, mee et muss ee gewëllt sinn, eng sozial Politik duerchzesetzen. An net just Wieler-Cadeauen ze maachen.
Een anert Beispill si Konsum-Räim fir Drogenofhängeger, sougenannt Fixerstuff, där ginn et just 2 Stéck am Land: den Abrigado op der Stater Gare an een zu Esch. Zoustänneg Acteure fuerdere scho laang een am Norden, zu Ettelbréck. De sozialistesche Buergermeeschter Bob Steichen wëll esou eppes awer net a senger Gemeng. Not in my backyard quoi. Dobäi kréien d’Gemengen awer ëmmer méi Awunner, ëmmer méi Suen a kënne sech net éiweg laanscht hir Responsabilitéit drécken.
Léif Gemengen, Solidaritéit ënnerteneen a mateneen. Just dat bréngt eis an Zäite vu Polykrise virun.