ING-Flopp schued dem ganze Secteur

E Mëttwoch Owend koum se endlech. Déi offiziell Annonce vun der ING Bank, dass si zu Lëtzebuerg mat de Bank-Servicer fir Privatclienten ophält an domat déi éischt Explikatioun, firwat dausende Clientë vun der Bank virun d'Dier gesat ginn. Eng Annonce mat nohaltegem Impakt op e ganze Secteur, mengt d‘Maxime Gillen an hirem Commentaire.
Kuerzfristeg mussen elo Mol just déi geschasste Clientë kucken, bei enger anerer Bank ënnerzekommen an déi aner Banke musse kucken, stënterlech eng ganz Rei Cliente mateneen opzehuelen. Méi mëttel- a laangfristeg féiert dës Decisioun dozou, dass déi latent Skepsis vis-à-vis vum Bankesecteur bei de Leit méi grouss gëtt. An dat grad bei deene Leit, déi d‘Bank elo net méi als Cliente wëll, also déi keng Honnertdausenden Euro investéiert, gespuert oder geléint hunn. Dat kann d‘Bank sécherlech verquëssen, ma dem Secteur kann dat kaum gutt doen. Et ass schliisslech eng Branche, déi vill vum Vertraue vun hire Cliente lieft.
Zu Lëtzebuerg hunn elo scho vill Leit bei e puer Banken e Konto, vun deenen der vill kaum genotzt ginn an un deenen d‘Banke kaum eppes verdéngen. Dat dierft elo just nach méi ginn. Et ka jo keen engem garantéieren, dass een net gefillt vun haut op muer vu senger Bank virun d‘Dier gesat gëtt.
Sollt hei am Land awer nach eng Kéier eng Bank op d‘Iddi kommen, mat hire Servicer fir Privatclienten opzehalen, weess si elo op alle Fall, wéi si et net soll maachen. Déi ganz Affär ass esou dilettantesch, dass et kaum ze faassen ass. D‘Bank huet net nëmmen hir Clientë massiv veronséchert an domat d‘Politik op de Plang geruff, ma si huet iwwerall fir Opreegung gesuergt, vu Finanzopsiicht iwwert Gewerkschaften, bis bei déi aner Banken. An dat komplett ouni Nout.
Wier et dann esou schwiereg gewiescht, am Virfeld mat deenen anere Banke respektiv der Bankenassociatioun ze schwätzen? Wier et esou absurd gewiescht, esou eng Aktioun mat enger grouss ugeluechter Informatiounscampagne z‘encadréieren?
Et kéint ee jo mengen, dass bei esou engem internationale Grupp, genuch schlau Leit géife schaffen, déi esou eng Decisioun mat Respekt zum Client hätte kënnen ëmsetzen. An och hei am Land ass d‘ING zwar wuel net déi gréisste Bank, ma awer e wichtegen Acteur, mat ëmmerhi ronn 10 Prozent Undeel um Marché.
Derbäi kënnt, dass si iwwert d‘Jore vill Efforte gemaach huet, fir sech e méiglechst frëndlechen Image ze ginn. Et ass Mol nach keng 3 Wochen hir, dass erëm Dausende Leit ënnert hirem omnipresente Sponsoring duerch d‘Stad gelaf sinn. Eleng dat léist d‘ING sech all Joers ronn 300.000 Euro kaschten.
D‘Affär ING ass sécherlech an e puer Méint schonn erëm gréisstendeels vergiess. Ma d‘Clienten si souwisou scho veronséchert duerch héich Fraisen an Agencen, déi zougemaach ginn. Dowéinst mengen ech, dass den Image vun an d‘Vertrauen an d‘Banken allgemeng méi en nohaltege Knacks kritt hunn.