Dräi nei Sektioune kommen am Secondaire classique bäi. Dat bedeit, dass et dann 10 verschidde Méiglechkeete gëtt, säi Lycéesparcours no der 4ième weider ze féieren.

Ass dat net ze vill Choix ? Dat freet d’Monica Camposeo am Commentaire vun haut.

Sproochen, Mathé, Bio, Eko, Konscht, Musek an nach Sozialwëssenschaften, och bekannt als General. Dat sinn d’Sektiounen, déi et scho gëtt. Dobäi kommen d'Sektioun N fir Entreprenariat, Finanzen a Marketing, d'Sektioun P fir Kognitiv- an Humanwëssenschaften an d'Sektioun R fir Politik an nohalteg Entwécklung.
 
Fir wat géing Dir iech haut entscheeden? Dat ass guer net esou einfach. Mat 15 oder 16 Joer fält déi Entscheedung sécherlech nach méi schwéier. An dat ass jo am Fong guer net schlëmm. Et muss een op 4ième net wëssen, wat een de Rescht vu sengem Liewe wëll maachen. Et ass okay, wann een nach net zu 100 Prozent weess, u wat een interesséiert ass.
 
"Am Beschten dir huelt eng aktiv Entscheedung". Dat sot mäi Mathésproff op 4ième. An dat war wuel dee sënnvollsten Tipp zu där Zäit, un deen ech nach haut gären zeréck denken. Net nëmmen an der Schoul, mee ganz allgemeng gëllt: Am beschte Fall entscheet ee sech fir eppes an net géint eppes aneres.
 
Ze vill Choix kann awer iwwerfuerderen. Da gëtt et méi schwéier, eng aktiv Entscheedung ze treffen, well all Sektioun esou spezialiséiert ass, dass ee mat all Choix och eppes aneres verpasst.
 
Am Gespréich mat Jonke mierkt een dacks, dass si vun Erwuessenen den Drock verspieren, sech scho fréi ganz genee musse festzeleeën. An deem Alter schéngt engem dat wéi d’Entscheedung vum Liewen, déi déi ganz Zukunft beaflosst.

Woubäi ee sech jo ëmmer nees nei erfanne kann. Ma amplaz Jonker bäizebréngen, wéi si hire Wee fannen an dass si sech sollen asetzen, fir dat ze erreechen, wat si wëllen, gëtt hinne bäibruecht, sech festzeleeën. Sektioun wiessele gëtt vill ze dacks als Echec gesinn. Woubäi et dach besser ass, eppes auszeprobéieren a sech anzegestoen, dass et net dat Richtegt ass, wéi dass een einfach weidermécht an onglécklech ass.
 
D’Argument fir d’Aféierung vun dräi zousätzleche Sektiounen ass, dass de Schoulsystem soll moderniséiert an un déi "gesellschaftlech Realitéiten" ugepasst ginn. D’Fro stellt sech awer, ob dat och d’Realitéit vun de Schülerinnen a Schüler ass. Ëmmerhi sinn si déi concernéiert.
 
Déi national Schülerkonferenz CNEL huet op Nofro hi confirméiert, dass si am Viraus net an d’Diskussioune mat agebonne goufen. Si hätten duerno och keen Avis zu den Texter ofginn, well ee sech zu de Sektiounen net hätt wëlle positionéieren. D’Schülerkonferenz ass éischter fir e System mat Walfächer, also ganz ouni Sektiounen. Esou e Pilotprojet gouf jo och schonn ugekënnegt, wat d’CNEL begréisst. Ma dowéinst wier d’Aféierung vun dräi neie Sektioune fir d’Schülerkonferenz awer net koherent.
 
Dobäi kënnt, dass den Encadrement an d’Opklärung op 4ième net ëmmer optimal verlafen. Hei hänkt et vill vum Schoulpersonal of. Wéi esou dacks am Fong, net just bei der Orientatioun. Dat kennt bestëmmt nach jiddereen aus senger Schoulzäit: E gudde Proff krut et och hin e Fach, an deem ee manner talentéiert war, interessant ze maachen. An un déi Proffen denkt een och haut nach zeréck. De Géigendeel ass awer leider och de Fall. Vläicht sollt den Educatiounsministère dëst Ongläichgewiicht éischter ugoen, wéi nei Sektiounen anzeféieren, ier e se da ganz wëll ofschafen.