Den Donald Trump huet seng "extreem haart Ried", déi hien en Donneschden op der Convention vun den Republikaner hale wollt ewechgehäit.

Hie wollt d’Land elo nom Mordversuch op hien vereenen, wéi e seet.
 
Den Donald Trump als Friddensengel...
 
Dat ass eng Roll, déi d’Dany Rasqué him a sengem Commentaire net ofkeeft.
 
Den Donald Trump seet, hie wéilt probéieren d’Land erëm ze vereenen, anengems zweiwelt hien drun, ob dat him geléngt, e gëtt ze bedenken, datt d’Leit extrem gespléckt sinn.

Do muss de fréiere President an elo offizielle Presidentschaftskandidat sech selwer op d’Schëller klappen, well keen huet an de leschte Wochen, Méint a Joren d’Leit esou géinteneen opgehetzt wie hie selwer.

Oder wien huet de 6. Januar 2021 seng Sympathisanten esoulaang opgestëppelt, bis se de Kapitol gestiermt hunn?

Wien hat viru Geriicht - iwweregens net just an der Affär Stormy Daniels - eng Zort Maulkuerf kritt, well e géint Zeien, de Jury a Riichter gehetzt huet, fir si anzeschüchteren?

Wien huet nach virun e puer Méint an enger Ried iwwer d’Grenzpolitik gesot, Migrante wiere keng Mënschen, mä Béischten?

Wie sot - dank dem Joe Biden - géif et eng Invasioun vu Verbriecher am Land a wien huet virdru gewarnt, datt de bluddegen Ënnergank vun den USA virprogramméiert wier, wann d’Republikaner dës Walen net sollte gewannen?

Den Donald Trump huet alles dru gesat, fir de Leit Angscht ze maachen an d’Gefill vun Onsécherheet ze verstäerken.
De fréieren a vläicht och nächste President vun den USA huet Haass an Hetz an der Vergaangenheet erëm salonsfäeg gemaach. Hie war a politeschen Debatten net drun intresséiert, fir sech mat Argumenter géint de politesche Géigner duerchzesetzen, mä huet mat Ligen a Verschwierungstheorien probéiert ze punkten.

Schonn 2017 hat den Donald Trump versprach, datt hien de President vun allen Amerikaner wéilt sinn an d’Leit wéilt vereenen, ma doraus sollt ni eppes ginn.
 
Spéitstens no engem Mordversuch ass e méi moderaten Toun am amerikanesche  Walkampf dréngend néideg, Wale ginn an enger Demokratie net mat Gewalt a Waffen decidéiert, mä et dierf een awer drun zweiwelen, ob ee vun de beschte Frënn vun der Waffelobby iwwer Nuecht zum Friddensengel ginn ass.

Et kann ee just hoffen, datt déi wichtegst Wale vum Joer net duerch eng Foto decidéiert ginn, well d’Welt brauch keen US-President, deen mat Blutt am Gesiicht an der Fauscht an der Luucht d’Leit dozou oprifft ze kämpfen, mä d’Welt brauch en US-President, dee mat killem Kapp,zesumme mat sengen Alliéierten, responsabel a gutt iwwerluechten Decisiounen zugonschte vun de Leit kann huelen.