Trotz HUT bleift eng Häerd opzeschaffen

© RTL
A manner wéi dräi Woche soll déi nei Asbl Hëllef um Terrain operationell sinn. HUT soll bekanntlech de Gros vun den nationalen Aktivitéite vun der Caritas nom Milliounebedruch iwwerhuelen. Déi Bedeelegt wëlle virun allem resolut no vir kucken, mä dat ass sech d'Saach ze einfach gemaach, fënnt d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire.
Mat sou enger Haltung gewënnt een d’Vertraue vun de Leit an de karikative Secteur nämlech sécher nëmme bedéngt zeréck. E Secteur, deen nieft der Caritasbomm och nach mat Meldunge vun enger Rout Kräiz-Mataarbechterin beispillsweis an e schlecht Liicht geréckelt gouf, déi wéinst Zouhälterei a Mënschenhandel verhaft ginn ass. Wann ee Vertrauen zréck gewanne wëll, brauch et virun allem eppes: D’Verspriechen an den Engagement, datt alles gemaach gëtt, fir sou Bedruchsfäll ze verhënneren a virun allem och éierlech Äntwerten op déi vill Froen, déi nach am Raum stinn.
Et ass engersäits jo ze verstoen, datt déi Responsabel vun der neier Entitéit HUT- Hëllef um Terrain "e klore Cut" maache wëllen, sou wéi et déi zukünfteg d’Presidentin vun der Asbl an haiteg Ombudsman Claudia Monti bei eis am Interview formuléiert huet. Anerersäits wierkt et awer sou, wéi wann et wierklech jidderengem net séier genuch géing goen, fir déi waarm Gromper Caritas lass ze ginn an och nëmmen net mat deem Numm associéiert ze ginn.
Sief et de Krisecomité ëm de Christian Billon, deen nach ëmmer net op eise Froekatalog geäntwert huet, dee mer Enn Juli eraginn hunn an deen ëffentlech strictement näischt zu all deem soe wëll, wat d’Caritas betrëfft.
De Staat, dee bekanntlech jo net d’Caritas ass, wéi de Luc Frieden net midd gëtt, ze betounen an deen et arrangéieren dierft, datt mat der Asbl och eng kritesch gesellschaftspolitesch Stëmm verschwënnt, déi net gezéckt huet, der Regierung reegelméisseg op d’Fanger ze klappen. Op alle Fall war et bis elo keng politesch Prioritéit de politesche Service vun der Caritas um Liewen ze halen.
D’Banken hunn all Interviewen iwwert d’Masch vum sougenannte Presidentebedruch ofgeblockt, obwuel den Normalstierfleche bis haut net verstoe kann, wéi iwwert all déi Wochen a Méint déi héich Virementen a Spuenien gemaach konnte ginn, ouni datt dat opgeflu wier a virun allem och, wéi d’Caritas hir Kreditlinne accordéiert krut.
Jo souguer de Bistum hat keen Erbaarmen fir no Ressourcen ze sichen, mat deenen eventuell méi international Aktivitéiten an Aarbechtsplazen, déi mat drun hänken, hätte kënne gerett ginn.
Well op sou vill oppe Froen net geäntwert gouf bis elo, gëtt déi politesch Oppositioun ëmmer méi pickeg. 6 Chamberkommissiounen si schéin a gutt, mä da misst een am beschten do och eppes méi gewuer ginn. Fir datt net duerno souguer e Majoritéitsdeputéierte wéi de Liberale Gérard Schockmel bedauere muss, datt hien net erkläert krut wéi eng nei Kontrollmechanisme geschaf goufen, fir änlech Bedruchsfäll an Zukunft ze verhënneren.
Datt de Kooperatiounsminister seng Absence an der Chamber kritiséiert gëtt, wann zwee Deeg virdru bekannt gouf, datt d’Caritas hir international Aktivitéite stoppt, dat ass evident. An dat weess de Xavier Bettel och selwer, wann en éierlech mat sech selwer ass. Sou schaaft ee just nach weidert Mësstrauen.
Iwwerraschend bleift dann och nach ëmmer d’Kommunikatioun vum Parquet an dëser ganzer Affär. Dee relativ fréi erstaunlech däitlech matgedeelt huet, datt een a Richtung Presidentebedruch enquêtéiere géif an ass zanterhier nees mam Virwand vun der lafender Enquête an de bekannte "Silence radio" vun de Justizautoritéite verfall, nodeems vill Presseorganer faktuell beluecht hunn, datt déi beschëllegt Finanzcheffin wuel awer méi eng aktiv Roll beim Detournement gespillt huet. D'Asbl HUT soll den 1. Oktober mat hirer Aarbecht ufänken, ma et bleift wierklech nach eng Häerd opzeklären an opzeschaffen.