Lëtzebuerg huet e Problem mat der Transparenz!

D’Presse- a Meenungsfräiheet si mat déi wichtegst Piliere vun enger Demokratie. D’Biergerinnen an d’Bierger hunn d’Recht informéiert ze ginn, fir sech selwer e Bild kënnen ze maachen. Et ginn awer Problematiken, déi net ëffentlech ginn. Entweeder well betraffe Leit Konsequenze fäerten, wa si eppes soen. Oder well d’Autoritéite maueren. D’Monica Camposeo fënnt am Commentaire vun haut, dass Lëtzebuerg dréngend méi Transparenz brauch.
Als Journalist dierfe mir hei am Land iwwert alles beriichten. An der Theorie. Et ginn Theemen, déi trotz Pressefräiheet am Donkele bleiwen. Et gi Communautéiten an eiser Gesellschaft, déi op der enger Säit Angscht hunn, sech ze weisen, op der anerer Säit awer och ganz bewosst verstoppt ginn.
Dacks wëlle betraffe Leit net virun engem Mikro aussoen, well si Konsequenze fäerten. An dobäi handelt et sech meeschtens ëm Persounen a ganz prekäre Situatiounen. Leit ouni Pabeieren, Persounen, déi op der Aarbechtsplaz mësshandelt oder doheem geschloe ginn, Eltere vu Kanner, déi an der Schoul gemobbt ginn oder wou d’Léierpersonal an der Kritik steet.
Dass dës Leit Angscht hunn, sech ëffentlech ze manifestéieren, an negativ Konsequenze fäerten, ass gutt ze verstoen! Dass dës Schicksaler doduerch kee Gehéier fannen, ass awer e grousse Problem fir eis Gesellschaft a fir eis Demokratie.
Natierlech ass et d’Aarbecht vun der Press, trotzdeem eng Méiglechkeet ze fannen, fir dass d’Ëffentlechkeet och dës Stëmmen héiert, och dës Liewensrealitéite gesäit. Do gëtt et awer nach e weidere Facteur, deen eis Aarbecht schwéier mécht: D’Institutiounen. Den "offizielle" Wee ass hei am Land vill ze dacks en immens schwéieren, wann et ëm kritesch Sujete geet. Gewëssen Autoritéite si bei Presseufroe méi wéi retizent. Et huet een d’Gefill, verschidden Theeme solle guer net op d’Tapéit kommen. A wann déi betraffe Leit sech dann och net trauen auszesoen, a vun offizieller Säit en Interview oder en Tournage refuséiert gëtt, ma ëm sou besser. Da gëtt einfach guer net doriwwer geschwat.
Et ass inakzeptabel, dass d’Press zum Beispill net a Flüchtlingsfoyere filmen dierf. Mir schwätzen hei vu Strukturen, déi vu Steiergelder finanzéiert ginn an an deenen een Drëttel vun de Bewunner Kanner a Jonker sinn. D’Averständnes vun de Leit selwer, déi wëlle gefilmt ginn, geet net duer. De Wëlle vun de Bewunner, déi explizitt froen, dass hiert Zëmmer, hiert Doheem gewise gëtt, gëtt net respektéiert. Et geet hei net ëm Sensatiounsjournalismus. Et geet ëm Realitéiten, déi et hei am Land nu mol ginn, mee déi kee gesäit, well se ganz bewosst hanner Mauere gehale ginn.
Lëtzebuerg brauch net just dréngend e Gesetz fir den Informatiounszougang, mee och méi Transparenz. Et geet net duer, un Donnéeën ze kommen. Déi zoustänneg Ministèrë mussen déi och sammelen. Vill ze dacks heescht et soss, dass et keng Zuele ginn. Et geet och net duer, d’Kommunikatiounsdepartement kënnen ze kontaktéieren, och Fonctionairë sollen iwwert hir Aarbecht dierfe schwätzen. Um Telefon heescht et vu Ministèren esou gutt ewéi an alle Fäll, dass een eng Mail soll schreiwen. Och bei banale Froen, gëtt et net direkt eng Äntwert. Fir d’éischt misst déi responsabel Persoun nach gefrot ginn.
Erwuesse Leit, déi de Mond vun hirem Superieur verbuede kréien, dat dierf et an enger Demokratie net ginn. Dass Leit Angscht hunn, eppes ze soen, egal ob an enger offizieller Funktioun oder als Privatpersoun, dat passt net bei en demokratescht Land.
Et brauch ee vill Courage, fir eng perséinlech Geschicht ëffentlech ze maachen. Et wier dowéinst de minimum u Respekt, dass dann och eng Regierung de Courage beweist an transparent kommunizéiert.