Iwwer Opstig a Fall: Nauru war emol schéin

Et geet ëm Ressource-Verschwendung, ëm Wuesstem, Gier an e Manktem u Reflexioun doriwwer, wat eigentlech wichteg ass.
E Gedankenustouss. Fir dass Feeler, déi scho gemaach goufen, net widderholl ginn. E Commentaire vum Diana Hoffmann.
Nauru ass e Land. Eng Insel am Südpazifik. 11.000 Mënschen op 21 Quadratkilometer. Nauru war emol dat räichste Land vun der Welt. Nauru soll e Beispill, eng Warnung sinn, fir dat wat weltwäit amgaangen ass ze passéieren.
Duerch Phosphat am Buedem goufen d‘Awunner räich. D‘Insel hat an de 70 an 80er Joren ee vun den héchste Pro-Kapp-PIB weltwäit. De Staat huet sech gekëmmert. Gesondheetsversuergung, Stroum, Botzpersonal fir d‘Biergerinnen an d‘Bierger. Gaaschtaarbechter schaffen, d‘Awunner net. Steiere ginn et keng. D‘Leit si räich. Räich u Suen, op alle Fall.
Haut, keng zwou Generatioune méi spéit, liewe vill vun den Insulaner ënnert der Aarmutsgrenz. 4/5 sinn adipös. Si si krank. D‘Natur ass futti. D’Gold vun deemools, Phosphat, ass kee méi do.
D‘Geschicht, d‘Realitéit ass déi vum permanente Wuesstem, vu Gewënnmaximéierung a vu Konsumgier.
Dass Ressourcen endlech sinn, hat ee wuel vergiess. Huet een an Europa wuel allze dacks vergiess. Wéi wichteg d‘Gesondheet ass, huet een op Nauru wuel och vergiess. Huet een hei wuel vergiess. Weider gouf, weider gëtt versicht, der Verféierung vum Räichtum nozegoen. D‘Tentatioun ass grouss. D‘Schwell vun der Empathie heefeg kleng.
All méiglech Geschäfter goufen zu Nauru gemaach, fir nees Suen an d’Kees ze kréien. 2004, kuerz virum Bankrott. En Deal: Australien proposéiert Refugiéeë géint Suen. Aus den Aen fir Australien. Problem geléist. Oder net? Net! D’Condiounen op der Insel si schlecht. Fir d’Refugiéeen a fir d’Insulaner.
D‘Populatioun zu Nauru ass antëscht gezwongenermoossen nees zu hiren Originnen zréckkomm. Den Taux vun der Aarbechtslosegkeet läit bei iwwer 80 Prozent. Sue fale keng méi vum Himmel. D‘Leit probéieren, sech mat Fëscherei iwwer Waasser ze halen. D‘Natur huet sech sou séier net vum Joerzéngte laangen Phosphatofbau erholl. Si ass sou gutt wéi komplett zerstéiert. Als Amusement op der Insel gëllt: Auto fueren. Op de knapp 30 Kilometer Stroossennetz.
Zu all deem kënnt dobäi, dass duerch d‘Äerderwiermung d‘Gletscher schmëlzen. D‘Mierwaasser kënnt. Lues a lues. Nach dëst Joerhonnert wäert Nauru warscheinlech am Waasser verschwannen.
Nauru soll eng Warnung sinn. Fir dat wat weltwäit amgaangen ass ze passéieren. Fir dat wat och bei eis kéint geschéien. Fir dat wat och bei eis geschitt.
Mécht et net Angscht, am klengen dat Grousst ze erkennen?
Mir schonn.