E schéine Putsch op engem eidele Pak

D’Gewerkschafte sollen de Verhandlungsmonopol fir Kollektivverträg behalen, dat huet de Premier Luc Frieden e Freideg kloergestallt.
Ma domat ass d’Gefor aus der Vue vun de Beschäftegten nach laang net eriwwer, warnt d’Michèle Sinner an hirem Commentaire. Au Contraire...
Well direkt nodeems de Luc Frieden versprach huet, d’Kollektivverträg géife Gewerkschaftssaach bleiwen, sot en, et misst ee gläichzäiteg de Contenu vun deene Kollektivverträg genee kucken, an ob een net verschidden Detailer misst méi um Niveau vun den Entreprisë maachen. Do virdrun hat e schonns gesot, d’Regierung wéilt d’Aarbechtszäitorganisatioun moderniséieren, dofir wier se gewielt. Dat alles huet e schéin agewéckelt a Messagen, wéi wichteg de Sozialdialog der Regierung wier, an eng Meenungsverschiddenheet tëscht Sozialpartner nach laang kee Sträit.
Fir datt een do net duerchernee gëtt, erlaben ech mer kuerz ze iwwersetzen, wat de Premier wierklech gesot huet, nämlech datt een de Gewerkschaften entweder iwwert deen een oder deen anere Wee d’Recht bei der Aarbechtszäitorganisatioun mat ze verhandelen ewechhëlt, fir se ze flexibiliséieren.
D’Aarbechtszäiten, a wéi se organiséiert sinn, sinn d’Kärstéck vun de Kollektivverträg, an dat ass och am Code du travail esou virgesinn. Wann een also “Detailer” vun deem obligatoresche Contenu vun de Kollektivverträg op den Niveau vun den Entreprise wëll verlageren, ass dat, wéi wann een de Gewerkschaften e schéine Pak mat engem décke Putsch drop gëtt, an hofft, datt se net mierken, datt en eidel ass. Well wien d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit aus de Kollektivverträg eraus hëlt, deen hëlt de Gewerkschaften hir Daseinsberechtegung ewech, e mécht se futti, egal wéi oft ee widderhëlt, wéi wichteg engem de Sozialdialog wär.
Fir d’Patronatssäit ass déi Annonce eng spéit Genugtuung. Vläicht erënnert deen oder anere sech nach drun, datt de Nicolas Buck, deen zesumme mam Luc Frieden d’Nofolleg vum Michel Wurth ugetrueden hat - deen ee beim Patronsverband UEL, deen anere bei der Chambre de Commerce - , jo, wéi hie gesot hat, d’Patrone wieren "40 laang am CPTE gebiischt ginn". Den Héichpunkt dovu war dem Nicolas Buck no dem deemolegen Aarbechtsminister Nicolas Schmit 2016 säi PAN-Gesetz iwwert d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit, déi d’Patrone léiwer an de Betriber wéi an de Kollektivverträg oder am Gesetz gereegelt hätten. D’Gesetz, wat no laangem Gestreits am Comité permanent du Travail et d’l’Emploi, eraus koum, war fir de Patronen hire Goût ze no um OGBL senge Fuerderungen. Fir méi Flexibilitéit ze kréien, hu se misse Congé amplaz ginn.
A sou schléisst sech och e Krees, wann den neie/ale Sträit tëscht de Sozialpartner ëm Kollektivverträg ausgerechent duerch eng Mindestloundirektiv entsteet, déi den Nicolas Schmit als EU-Kommissär ausgeschafft huet. Fir d’Ëmsetzung verzicht säin Nofollger um Rousegäertchen drop, de Mindestloun ze héijen, obwuel en allen an der Direktiv proposéierte Vergläichswäerter no ze niddreg ass. Brutto misst en – haalt iech un - ëm iwwer 32 Prozent eropgesat ginn, fir dem Statec säi Referenzbudget fir en dezent Liewen z’erreechen, an deem de Logement Haaptkäschtepunkt ass.
Do kann een duerchernee komme bei enger Regierung, déi nach ier et se gouf, d’Aarmutsbekämpfung zu hirer éischter Prioritéit erkläert hat – wat wier am Kampf géint d’Aarmut schliisslech méi einfach, wéi de Mindestloun an d’Luucht setzen? Mee do ass et wéi och soss beim Sozialdialog. Do missten d’Patronen eppes ginn.
An déi räich Leit sinn der Regierung awer méi no ewéi déi aarm.
Och wann een dat ganz esou cru léiwer net seet.