DäitschlandParquet confirméiert "Ufanksverdacht" géint de Schauspiller Christian Ulmen

AFP, iwwersat vun RTL
RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun de schroe Virwërf, déi déi däitsch Schauspillerin a Moderatrice Collien Fernandes géint hiren Ex-Mann erhuewen huet, gesäit de Parquet vun Itzehoe een "Ufanksverdacht" géint de Christian Ulmen.
Am Kader vun de schroe Virwërf, déi déi däitsch Schauspillerin a Moderatrice Collien Fernandes géint hiren Ex-Mann erhuewen huet, gesäit de Parquet vun Itzehoe een “Ufanksverdacht” géint de Christian Ulmen.
© CARSTEN KOALL/dpa Picture-Alliance via AFP

D’Analys vun der Berichterstattung vun der Zeitung “Spiegel” iwwer de Fall hätt dozou gefouert, datt sech een Ufanksverdacht etabléiert hätt, esou d’Ermëttler e Freideg. Strofrechtlech géif de Virworf vum Stalking am Raum stoen. De Parquet huet dorop higewisen, datt d’Presomption d’innocence gëllt.

Dem Parquet no gouf no der Publikatioun vum “Spiegel"-Artikel d’lescht Woch een Ermëttlungsverfaren nees opgeholl, dat u sech schonn am Juni 2025 agestallt gi wat. Elo géif gepréift ginn, ob nieft dem Stalking och aner Virwërf erhuewe kéinte ginn.

Am Fall vun enger Verurteelung wéinst Stalking kéint et bis zu dräi Joer Prisong oder eng Geldstrof ginn, esou de Parquet. Weider Informatioune wollten d’Ermëttler fir den Ament net ginn. Ursprénglech hat de Spriecher vun der Ermëttlungsagence, Peter Müller-Rakow, e Freideg keng Informatiounen dozou wollte ginn, ob sech Ermëttlunge vum Parquet vun Itzehoe géint den Ulmen géife riichten, deen aus enge sëllege Kino- an Tëleesfilmer bekannt ass.

De 50 Joer alen Ulmen an déi 44 Joer al Fernandes waren zanter 2011 bestuet. D’lescht Joer hu si hir Trennung bekannt ginn. Déi zwee hunn eng Duechter zesummen. D’Fernandes war d’lescht Woch mat Virwërf vun der digitaler sexualiséierter Gewalt géint hiren Ex-Mann an d’Ëffentlechkeet gaangen. Am “Spiegel"-Artikel goung et ëm Virwërf, de Christian Ulmen hätt sech virtuell iwwer Joren a Gespréicher mat anere Männer als seng Fra ausginn, an an deem Kader ënnert anerem och gefälschte Pornoe vun hir verbreet.

Den Affekot vum Christian Ulmen huet e Freideg an enger schrëftlecher Erklärung reagéiert a matgedeelt: “Eise Mandant huet zu kengem Zäitpunkt Deepfake-Videoen vun der Madamm Fernandes oder anere Persoune gemaach an/oder verbreet.” De Medienaffekot Christian Schertz sot weider: “Aktuelle Kenntnisser no gëtt dëse Virworf, aneschtes wéi deels ze héieren ass, och iwwerhaapt net erhuewen. Mat der aktueller Debatt iwwer Gesetzeslücken bei Deepfake-Pornografie stinn d’Faiten also a kengem Zesummenhang.”

A Spuenien huet si mat hire Virwërf och Plainte gemaach. D’Koppel war 2023 op Mallorca ausgewandert. D’Justiz op Mallorca préift d’Virwërf eegenen Informatiounen no elo. Zu de Virwërf gehéieren hei ënner anerem Geheimnisverrot, ëffentlech Beleidegungen, reegelméisseg Mësshandlung a schwéier Menacen. Den Ulmen selwer weist d’Virwërf vu sech an et gëllt d’Presomption d’innoncence.

D’Verëffentlechung an Däitschland huet an der Politik zu enger Debatt iwwer digital Gewalt géint Frae gefouert. D’Justizministesch Stefanie Hubig (SPD) huet annoncéiert, Gesetzeslücken zoumaachen ze wëllen.

Back to Top
CIM LOGO