Keng Exporter méi vum 1. Abrëll unRussland geet de Bensinn aus

RTL Lëtzebuerg
D'Kris am Noen Osten an ukrainesch Attacken op russesch Uelegraffinerien dreiwen d'Präisser an d'Luucht. Et ass net den éischten Export-Stopp a Russland.
Bis Enn Juli soll net exportéiert ginn
© FABIAN SOMMER/dpa Picture-Alliance via AFP

De stellvertriedende russesche Ministerpresident Alexander Nowak huet den Energieministère beoptraagt, een Entworf fir de Stopp vu Bensinnsexporter virzeleeën. Der staatlecher Noriichtenagence Tass no soll d’Verbuet vum 1. Abrëll bis den 31. Juli gëllen. Iwwer d’Noutwennegkeet vun engem Verbuet fir Dieselexporter géif nach diskutéiert ginn.

Russland hat scho méi dacks Limitatioune fir Sprit-Exporter verhaangen, fir de klammende Präisser an Enkpäss bei der Versuergung entgéint ze wierken. Der Regierung no géingen d’Quantitéite Réiueleg, déi verschafft ginn, um Niveau vun 2025 leien. Domat wier d’Versuergung mat Uelegproduite séchergestallt.

Aktuell setzt d’Ukrain Drone geziilt an géint russesch Ueleghäfen a Raffinerien an, fir datt Moskau keng zousätzlech Revenuen aus dem Iran-Krich generéiere kann. Am Februar, wéi d’Exportverbuet fir Uelegproduiten e Mount méi fréi wéi geplangt opgehuewe gi war, hat déi International Energie-Agence IEA ausgerechent, datt Russland all Dag 90.000 Barrel Bensinn an 850.000 Barrel Diesel pro Dag exportéiert hat, am Verglach mat 70.000 Barrel, resp. enger Millioun Barrel pro Dag am Januar.

Back to Top
CIM LOGO