De 5. November ass endlech do, d'Wieler an den USA decidéieren, wien wärend deenen nächste véier Joer un der Spëtzt vun hirem Land stoe wäert.

D'Demokratin Kamala Harris oder de Republikaner Donald Trump? Et war ee laange Walkampf, dee sou munch Iwwerraschunge gebueden huet an deels ganz haart gefouert gouf. Wann een déi lescht Wochen a Méint heiansdo ee Bléck iwwert de grousse Pull geworf huet, dann huet een dat driibsegt Lëtzebuerg rëm méi schätze geléiert.

De Commentaire vum Marc Hoscheid

De Luc Frieden verkeeft Fritte bei McDonalds, de Xavier Bettel verkleet sech als Drecksmännchen an d'Paulette Lenert trëtt mam Beyoncé op. Nee, vu sou Biller wéi aus dem US-amerikanesche Walkampf kënne mer hei zu Lëtzebuerg nëmmen dreemen. Am Grand-Duché war dee spektakuläerste Moment vum Chamberwalkampf wuel deen, wéi de Luc Frieden fir d'éischt ouni Krawatt gesi gouf. Wat ee krasse Schäiss! Nee, wat d'Show ugeet, do komme mer net un d'Amien erun. Gefillt kruten d'Leit hei méi vun de Walen op der anerer Säit vum Atlantik mat, wéi virdru vun den Europa-, Chamber- a Gemengewalen zesummen. Mä wann ee mol sou kuckt, wat een do ze gesi krut, huet ee sech heiansdo wéi am falsche Film gefillt. 
 
Am Ufank hu sech jo nach den Donald Trump an den Joe Biden ee Rollator-Wettrennen ëm dat Wäisst Haus geliwwert. Fir ee Land mat iwwert 330 Milliounen Awunner ass et net onbedéngt eng Glanzleeschtung, wann dat déi zwee beschte Kandidate solle sinn. Héich- oder éischter Déifpunkt war den Tëleesdebatt, bei deem een deels den Androck hat, den Joe Biden wéisst net wou hie wier. Du koum een Attentat op den Donald Trump. An egal wéi een zum Republikaner a sengen deels ganz aggressiven Aussoe steet, duerf een esou eppes net akzeptéieren. Allerspéitstens wéi d'Bild vun Trump, wou e mat Blutt am Gesiicht d'Fauscht an den Himmel streckt, ëm d'Welt goung, hat den Joe Biden keng Chance méi. Et konnt ee sech nämlech d'Fro stellen, ob de Biden bei engem Attentat iwwerhaapt gemierkt hätt, datt op hie geschoss gouf respektiv ob hie sech d'Hëft gebrach hätt, wann d'Agente vum Secret Service sech op hie geschmass hätten. 
 
Séier huet Ersatz musse fonnt ginn. Do louch et no, mam Kamala Harris déi aktuell Vizepresidentin ze huelen. Wierklech iwwerzeegt waren d'Demokraten zwar selwer net vun hir, ma dajee alt. An tatsächlech gouf et een Hype ëm d'Harris. Firwat? Ganz einfach: Si ass net den Joe Biden. An op eemol hat den Trump de Problem, datt hien deen ale Mann an der Course war. Wat mécht een dann? Ganz einfach: Et vernennt een de Géigner drop an derwidder an et schwätzt ee vun illegalen Immigranten, déi Hausdéieren iessen. Dat war iwwregens sou zimmlech dat Eenzegt, dat vum eenzegen Tëleesdebatt tëscht der Harris an dem Trump hänke bliwwen ass. Dat ass verständlech, well si mer éierlech, politesch Contenue belaaschten dach just, grad a Walzäiten. Da nennt nach ee Komiker op enger Walkampfmanifestatioun vum Trump Puerto Rico eng Insel aus Dreck an den Joe Biden, jo dee gëtt et och nach, nennt d'Supporter vum Trump Dreck. Als Reaktioun, an do si mer rëm am Ufank, sicht den Trump de Kontakt mat den Drecksmännercher an d'Harris sicht kee Kontakt méi mam Biden. A sou ass no engem zimmlech skurrille Walkampf nach ëmmer net gewosst, wien an dat Wäisst Haus gewielt gëtt. An deemno wéi gëtt d'Resultat dono net unerkannt, mee dofir ginn d'Geriichter ugeruff. A wann dat och näischt bréngt, wëssen d'Leit jo, wou de Kapitol steet, fir do sengem Ierger fräie Laf ze loossen. Kloer schéngt just, egal wie gewënnt, d'USA wäerten och an deenen nächste véier Joer ee gespléckt Land bleiwen. 
 
Do lueft ee sech dach direkt eist gutt provënziellt Lëtzebuerg. Mir schéisse net op eis Kandidaten, mee molen en héchstens mol ee Schnurres um Walplakat. Mat 60 Joer ass ee bei eis deen alen an net dee jonke Kandidat. D'Parteien ënnerscheede sech bei de politesche Contenuen zwar net grouss vuneneen, mä op d'mannst schwätze mer iwwert Contenuen. An eis Politiker kréie sech zwar och mol an d'Hoer, ma spéitstens um nächsten Dëppefest gëtt een zesummegeholl. Ma sou vill een och de Geck mat de Walkämpf bei eis oder an den USA maache kann, sief dann awer kloer gesot: Egal wéi latzeg se op der enger oder skurril se op der anerer Säit och sinn, si se nach ëmmer honnert Mol besser, wéi dat, wat a Länner wéi Russland oder China ofleeft. Dowéinst bleiwen ënnert de Supermuechten d'USA nach ëmmer dat Land, deem mir eis am meeschte verbonne fille sollten. A si mer éierlech, et gëtt dann och rëm Schlëmmeres wéi eng gutt Show, fir déi ee mol net bezuele muss.