Wëllkomm am neien CSV-Staat

An der CSV-Fraktioun huet et an de leschte Woche méi wéi eng Kéier gerabbelt. Et gëtt deck Loft bei de Chrëscht-Sozialen. Et ass e Kampf tëscht zwou verschiddene Stréimungen. Chrëschtlech-sozial géint wirtschaftsliberal. E Commentaire vum Annick Goerens.
Mir hunn en neien CSV-Staat. Nei, well et ass jo och een Touch DP mat dran. Also däitlech méi patronatsfrëndlech. An dat muss jo – per se – Mol net direkt eppes Schlechtes sinn. Et brauch eng staark Ekonomie, déi gutt dréint a kompetitiv ass. D’Zil dovunner dierf awer net sinn, fir déi Déck, nach méi räich ze maachen oder, wéi am Fall vum Gehälteraccord mat der CGFP ëmmer nach eng Schëpp méi do drop ze leeën, wou et eigentlech net gebraucht gëtt. Mee déi generéiert Sue sollen zréck an eis Gesellschaft fléissen. Et brauch dréngend eng Ëmverdeelung.
Déi Superräich – an dat gesinn mer an den USA - sinn eng Gefor fir eis Demokratie. Zeréck op Lëtzebuerg: Mir gesinn dass ënnert dem Luc Frieden een anere Wand bléist, wéi ënnert dem Jean-Claude Juncker. Zitat vum Ex-Premier bei eis um Radio: "Et ass keng gutt Entwécklung déi do amgaangen ass." Et wier liichtfankeg an d’Spill bruecht ginn, dass elo Sonndes soll dierf méi geschafft ginn. "Pang dat ass elo sou."
An hien trëfft domat den Nerv. Well genee sou “mir nichts, dir nichts” koum de Gesetzprojet iwwer d’Sonndesaarbecht vum Aarbechtsminister Mischo op eemol an de Regierungsrot. Wéi et heescht, wier d'Fraktioun op alle Fall net dovunner informéiert gewiescht. Eigentlech informéiert de Minister op d'mannst seng eege Leit, wann een e Projet op den Instanzewee bréngt, dee fir gréisser Diskussioune kann suergen. Dat huet den Aarbechtsminister awer net gemaach. “Non-Chalance" muss een dem Georges Mischo och reprochéieren am “Comité permanent du travail et de l’emploi” leschten Oktober. Säin Zickzack-Cours suergt elo nach fir extrem Tensioune mat de Gewerkschaften. Den CSV-Mann sot d’Prerogative fir Kollektivvertragsverhandlunge misst net bei de Gewerkschafte leien. Si hätte keen Monopol dorop. Domat huet hien ouni mat der Wimper ze zucken de ganze Lëtzebuerger Sozialmodell a Fro gestallt. E Mann, deen d'Aarbechtsrecht esou gutt kennt, dass hien och am Walkampf 2023 op enger Table ronde vum Tageblatt zu Esch* carrement d’Propose gemaach hat, fir de Mindestloun z’indexéieren. De Claude Meisch hat hien deemools op der Bün korrigéiert an him erkläert, dass dat scho laang de Fall wier. Al Kamellen? Jo. Mee Dir gesitt, dass verschidden Detailer besser net am Tirang verschwannen, well de Mann ass haut Aarbechtsminister. Firwat freet ee sech? Wann dem Premier Frieden de Soziale Fridden wichteg gewiescht wier, hätt hie kënnen e fréieren Gewerkschaftler an den Aarbechtsministère setzen. Firwat hien dat net wollt, doriwwer kann een och just spekuléieren. Donieft muss ee sech froen, ob déi ganz Aktioun wierklech e Cavalier seul vum Georges Mischo war oder, ob de Premier hie wéi een Testballon einfach Mol lass gelooss huet.
An der CSV gëtt aktuell vill diskutéiert an dat ass och ganz positiv. Et ass eng Vollekspartei an d'Gesellschaft ännert sech. De Fraktiounschef Marc Spautz an de Jean-Claude Juncker** schéngen déi lescht Bastiounen ze sinn, déi ganz aktiv ëffentlech de Gedanke vun der Chrëschtlecher Sozialléier promouvéieren. An dobäi schwätzen ech net vu Bibel-Zitater. Mee dovunner, dass ee sech asetzt fir d’Aarbechter, fir déi Leit, déi manner hunn. Dass een d’Caritas, déi dagdeeglech géint d’Aarmut gekämpft huet, net einfach fale léisst. Dass een net en Heescheverbuet aféiert, mee ufänkt, eidel Wunnengen ze mobiliséieren, fir dass Frae mat Puppelcher net op der Strooss landen. Dass ee vläicht awer Mol eng Etüd mécht an d’Salariéeën am Commerce selwer freet, wat si dovunner halen, dass se elo nach een Dag méi laang kéinte schaffe goen. Iwwregens de Gros Fraen. A Frontalieren, mee déi dierfe jo Mol net déi Politiker matwielen, déi duerno iwwert hiert Lous bestëmmen.
**Et ginn och eng Rei aner Deputéiert bei der CSV déi een dem "soziale Fligel" kéint zouschreiwen, allerdéngs schéngen déi sech manner ëffentlech géint hire wirtschaftsliberale Premier ze stellen.