Virun zwou Wochen hate mer iwwert de Fall vum Immobilieprojet Cité Ouschterbour zu Uewerkuer bericht. An dat net fir d'éischte Kéier: scho Mëtt 2023 hate mer an engem Reportage thematiséiert, datt et um Chantier net virugoe géing, well de Promoteur Capelli d'Baufirmen net bezuelt hat.

Déi concernéiert Proprietäre hu schonn deemools doriwwer geklot, datt si finanziell an d'Laberente géinge kommen, well si nieft dem Prêt fir dat neit Haus och nach een anere Prêt oder Loyer bezuele missten. Méi wéi annerhalleft Joer dono ass d'Firma, déi de Projet zu Uewerkuer realiséiere sollt, faillite a fir d'Leit stelle sech vill Froen, zum Beispill, ob hir Garantie d'achèvement gräift. Dobäi ass d'Cité Ouschterbour laang keen Eenzelfall, queesch uechter d'Land gëtt et Chantieren, op deenen et änlech leeft. Et gëtt Zäit, datt d'Politik aktiv gëtt a méi streng Reegelen en place setzt, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Commentaire vum Marc Hoscheid

De Logement, de Logement an nach eng Kéier de Logement; wann een déi lescht Walkämpf Revue passéiere léisst, hu gefillt all d'Parteien d'Situatioun um Wunnengsmarché ëmmer nees als gréissten Erausfuerderung fir Lëtzebuerg bezeechent. Virun allem Leit mat klengen awer och mat mëttlere Salairen hunn ëmmer méi Problemer, fir een Appartement ze finanzéieren, vun engem Haus guer net ze schwätzen. Well et illusoresch ass, ze mengen, datt de Staat dee Problem eleng léise kann, ass een als Regierung natierlech iwwert all privat Initiativ frou. Dofir brauch et Ureizer, fir Investisseuren ze motivéieren, ma gläichzäiteg braucht et och kloer Reegelen, fir d'Keefer ze schützen. Un deene Reegele feelt et awer aktuell, wéi d'Beispill vu Capelli beweist. No eisem éischte Reportage iwwert d'Cité Ouschterbour am Juli 2023 hate sech eng Partie Leit gemellt, déi eegenen Aussoen no op anere Plazen änlech Erfarunge mat deem selwechte Promoteur gemaach hunn. Matten am Chantier hunn d'Baufirmen opgehale mat Schaffen, well se net méi bezuelt goufen. Deemools hat et vu Capelli geheescht, et wier wéinst personelle Verännerungen zu Dysfonctionementer bei der Gestioun komm.

Annerhalleft Joer méi spéit ass mat der Ouschterbour SA déi Firma faillite, déi de Projet zu Uewerkuer realiséiere sollt. Dat féiert zur Fro, wéi et ka sinn, datt eng Entreprise, déi extra fir een eenzegen Immobilieprojet gegrënnt gouf, iwwerhaapt faillite goe kann, wann de Projet verkaaft ass an d'Leit mat Zäite bezuelen? Datt iwwerhaapt esou Subentreprisë gegrënnt ginn, hätt virun allem steierlech Grënn, heescht et aus dem Secteur. Hei muss géigegesteiert ginn. Promoteure sollten net dofir belount ginn, een onduerchsiichtegt Netz vu Firmen ze opzebauen, déi se am Zweiwelsfall an d'Faillite fale loossen, fir net selwer fir finanziell Problemer geruedstoen ze mussen.

Am konkrete Fall vun der Cité Ouschterbour ass et zudeem zu der cocasser Situatioun komm, datt et bei verschiddene Proprietäre Problemer mat der Garantie d'achèvement , déi bei VEFA-Projeten obligatoresch ass, gëtt. Dat, well am Acte de Vente den Numm Ouschterbour SA an an der Garantie den Numm Capelli steet. Hei stellt sech d'Fro, firwat d'Notaire net agegraff huet? Wann een e puer Dausend Euro fir een Acte bezilt, kéint ee vläicht och erwaarden, datt Feeler opfalen, oder ass dat dann awer ze vill verlaangt? Am Kader vun der Gesetzgebung ronderëm VEFA-Projete misst och iwwerduecht ginn, ob d'Leit net besser virdru geschützt misste ginn, Avancen ze bezuelen. Grad bei Chantieren, déi laang schleefen, hu Leit éischter d'Tendenz, Suen am Virfeld ze iwwerweisen, well se hoffen, datt et da méi séier virugeet. Well bei VEFAen awer guer keng Avancë virgesi sinn, sinn déi Suen dacks duerch d'Päif.

Onofhängeg vun esou Detailfroe wier et vläicht net vu Muttwëll doriwwer nozedenken, d'Konditiounen, déi een erfëlle muss, fir als Promoteur zu Lëtzebuerg aktiv dierfen ze ginn, ze iwwerschaffen. Aktuell muss een nämlech just ee Cour vun dräi Méint bei der Chambre de Commerce absolvéieren an eng Assurance virweisen. Net ganz onwichteg ass natierlech och, genuch Fric op der Säit ze hunn, fir datt d'Banken engem Kreditter ginn. Lo kann ee soen, datt doduerch schonn eng Sécherheet agebaut ass. Dat stëmmt och, an awer hätt eng ëffentlech Autoritéit aner Méiglechkeeten a kéint virun allem och besser kontrolléieren, ob alles riicht leeft, wann de Projet bis am gaangen ass, wärend d'Bank an éischter Linn am Ufank Sécherheete freet. Et wierkt jo awer e bëssi lusch, wann ee Promoteur engersäits bei Projeten, déi grad realiséiert ginn, d'Baufirmen net bezilt an anerersäits Reklamm fir nei Projete mécht. Et kéint een alt emol op d'Iddi kommen, datt een esou un nei Sue komme wëllt, déi da geholl ginn, fir do nozeschéissen, wou de Buttek steet.

A wat geschitt, wann op eemol eng grouss Zuel u Projeten net realiséiert ka ginn, well de Promoteur faillite ass? Spréngt dann, änlech wéi wärend der Bankekris, rëm de Staat an, well de Kollateralschued soss ze grouss wier? Fräi nom Motto, Gewënner gi privatiséiert, Verloschter "vergesellschaft". Fir esou een Zenario besser evitéieren ze kënnen, brauch et méi Kontroll am Immobiliesecteur. Well Haiser, déi net fäerdeg gebaut ginn, sinn net déi optimal Léisung fir de Problem um Wunnengsmaart.