Protestkultur am Schraufstack: Nei Obstakele fir friddlech Manifestanten

Eng geplangte Reform vum Versammlungsrecht setzt op méi streng bürokratesch Reegelen a Strofen. Domat ginn d’Bierger limitéiert.
Déi proposéiert Ännerung vum Versammlungsrecht stellt en déiwen Aschnëtt an déi fundamental demokratesch Prinzippien duer. Amplaz de Bierger Raum ze ginn, fir e Malaise ëffentlech auszedrécken, wëllt d’Regierung - respektiv hei den Inneminister - op bürokratesch Obstakelen a méi streng Strofe setzen.
Et wiere Mesuren, déi déi Leit ofschrécken, déi nach de Courage hunn zesummen op d’Strooss ze goen a sech fir eng “cause” anzesëtzen. An enger Zäit, an där sech elo schonn ëmmer méi Frust an den digitale Raum verlagert huet, géingen déi déi nach den direkten, ëffentleche Protest wielen, faktesch bestrooft ginn.
D’Iddi Versammlunge just dann z’accordéieren, wann e Formulaire an engem bestëmmten Delai, komplett ausgefëllt eragereecht gëtt, ass kontraproduktiv. Nieft der privater Adress an enger Kontaktpersoun mussen ënner anerem de Grond vun der Maniff, déi eventuell Marschroute an de geschate Chiffer vun de Participanten ugi ginn. Et schéngt, wéi wann ee wéilt Protester ausbremsen, amplaz se als wichtegen Deel vum demokrateschen Discours ze protegéieren.
Fënnef Deeg am Viraus soll eng Maniff beim Buergermeeschter ugefrot musse ginn. Den Ament sinn et an der Stad Lëtzebuerg esouguer 8 Deeg. Normalerweis soll dann an Zukunft bannt engem Dag eng Äntwert kommen. Normalerweis. Passéiert dat net, géing e Prinzip vum “Silence vaut désaccord” gëllen. Véier Deeg keng Äntwert op eng Ufro heescht: Net accordéiert. Bei grousse Maniffen ass fir d’Gemeng e Virlaf fir e Sécherheetskonzept néideg. Klenge Maniffen hëlt dëst awer all Méiglechkeet vu Spontanitéit.
Et kann een d’Sich no enger strenger Reglementatioun probéieren ze verstoen. Wann ee se als, aus der Zäit vun de Covid-Protester eraus gebueren, gesäit. Wou d’Police deels Schwieregkeeten hat eng Minoritéit vu fanatesche Querulanten ënner Kontroll ze halen. Ma et gëtt elo scho Gesetzer, déi Stéiere vun der ëffentlecher Uerdnung bestrofen. Esou Mënsche kënnen zur Rechenschaft gezu ginn, ouni méi streng allgemeng Strofen.
Ma warscheinlech wäert d’Gesetz, wann et an där Form Realitéit sollt ginn, net onbedéngt Maniffe vu groussen ONGen oder Gewerkschafte Steng an de Wee leen. Dës si gewéinlech gutt organiséiert a preparéiert. Mee hei kann ee just “warscheinlech” soen. Dofir heescht et esou Initiative vu vir era sauer anzemaachen. D’Chambre des salariés huet an hirem Avis en direkt a komplett Zréckzéie vum dësem Avant-Projet de loi gefuerdert.
Um Enn ënnergruewen esou Moossnamen nämlech net just d’Fräiheet, fir ze manifestéieren, mee och d’gesellschaftlech Kohesioun an dat demokratescht Fundament vum Land. Amplaz de Bierger d’Recht op e friddleche Protest z’erliichteren, gëtt e Klima geschaaft, an deem de Réckzuch an d’digital Welt – an domat en indirekte Verzicht op ëffentleche Meenungsäusserung – bal inevitabel schéngt.