Op d’USA kënne mer eis net méi verloossen a mir musse méi an d’Defense investéieren. Do si mer eis hei am Land an an der EU, wéi et schéngs, eens.

Wou kommen elo déi Suen hier a wéi sollen se investéiert ginn? Dat wäert an den nächste Méint diskutéiert ginn.
D’Carine Lemmer stellt haut awer a sengem Commentaire d’Fro, ob mer eis iwwerhaapt wëlle verteidegen?

Commentaire vum Carine Lemmer

Pazifismus ass definitiv out. E Pazifist ass géint all Form vu Krich. Souguer wann e Land attackéiert gëtt, soll dee Staat sech net mat militäresche Mëttele verdeedegen. An op Militär an Oprëschtung soll prinzipiell verzicht ginn.

Géint Krich a Gewalt ze sinn, war laang einfach

Spéitstens mam Krich an der Ukrain, no bei eis an an Europa, war Pazifismus an der ëffentlecher Meenung net méi zäitgeméiss an naiv an als Pazifist gëllt een haut séier als "Putin-Frënd". Et war och laang einfach, géint Krich a Gewalt ze sinn. Déi Responsabilitéit war wäit vun eis ewech a louch bei de grousse Muechten, der Sowjetunioun an den USA. D’USA waren de grousse Brudder, deen eis beschützt huet an op dee Verlooss war.
 
Mat der éischter Amtszäit vum Donald Trump (2017 – 2021) huet dat schonn alles ferm gewackelt an den Trump huet d’Europäer vernannt, si géifen ze wéineg fir d’Defense ausginn. Si wären net méi dat aarmt, zerbommten Europa a géife vun der NATO onfair profitéieren.
 
Dat Zwee-Prozent-Zil vun der NATO (2% vum PIB an d’Defense investéieren) gëllt zanter 11 Joer. Mä vill Länner si wäit dovunner ewech. Lëtzebuerg, dat d’NATO matgegrënnt huet, war ëmmer hannen um Wupp, huet vum NATO-Prabbeli profitéiert a gekuckt, fir net ze vill mussen ze bezuelen. A Friddenszäite schéngen Ausgabe fir d’Defense net sou néideg. Lëtzebuerg hat eng Extra-Reegelung ausgehandelt, déi awer warscheinlech nach geännert gëtt a méi séier muss ëmgesat ginn a méi héich wäert ausfalen. Wéi vill Milliounen oder besser gesot wéi vill iwwert der Milliard an Zukunft Lëtzebuerg muss an d’Defense investéieren, bleift also nach genee ze klären. Och a wat soll investéiert ginn, riskéiert eng schwiereg Fro ze ginn. Déi europäesch Rüstungsindustrie ass op déi grouss Nofro net preparéiert, also profitéieren aner Länner wéi d’USA zum Beispill.

Si mer iwwerhaapt bereet, eist Land ze verdeedegen?

Dat Materiellt ass eng Fro a mam Scheckheft ass hei am Land schonn dacks gewénkt ginn an un der Scholdegrenz kraze mer jo och net. Mä Material heescht, och Ressourcen fir dat Material ze bedéngen, spréch Fraen a Männer an Uniform. Mä: Si mir iwwerhaapt bereet, eist Land ze verdeedegen? Wëlle mer eis Jongen a Meedercher, eis Kanner an Enkelen an Urenkelen un eng Front schécken, fir Europa an domat eist Land ze verdeedegen?
 
73% vun de Leit soten an engem rezenten RTL-Ilres-Sondage, datt Lëtzebuerg muss méi a seng eege Verdeedegung investéieren. 52% ënnerstëtze Friddenstruppen an der Ukrain. Wéi vill Prozent e richtege Krichsasaz vun eisem Land ënnerstëtzen, ass eng aner Fro.
 
No 80 Joer Fridden an Europa (ofgesi vun der Situatioun an der Ukrain) ass de Krich an eise Käpp nach ëmmer ganz abstrakt. Mir hu keen obligatoresche Militärdéngscht. D’Politik wëll den Ament och keen aféieren. Villäicht ännert dat awer nach. De Wëlle sech ze wieren, feelt aktuell, wiisst awer villäicht mat der Menace. Et géif ee sech den Ament nees wënschen, rouege Gewëssens Pazifist ze sinn, ouni der Naivitéit ze verfalen. Well um Enn stëmmt a Krichszäiten, wat de Platon virun dausende Jore sot: "Nëmmen déi Doudeg hunn d’Enn vum Krich gesinn."