An de leschten dräi Joer ass d’Zuel un Ofdreiwungen am Grand-Duché drastesch an d’Luucht gaangen. Dat op d’mannst seet de Planning familial, dee sech op eegen Zuele berifft, also op d’Ofdreiwungen, déi bei hinne gemaach ginn.

Aktuell sinn dat och déi eenzeg Zuelen déi et fir Lëtzebuerg ginn. Dat muss sech dréngend änneren, fënnt d’Marlène Clement an engem Commentaire.

Commentaire vum Marlène Clement

2023 hunn iwwer 1.000 Frae beim Planning familial eng Demande fir ee Schwangerschaftsofbroch gemaach. Dat sinn der bal duebel esou vill, ewéi nach dat Joer virdrun. An dat eleng beim Planning familial wuelverstanen. Wéi vill Fraen am Ganzen am Grand-Duché decidéiert hunn, eng Schwangerschaft ofzebriechen, an et och gemaach hunn, dat ass eng grouss Inconnue. Déi Zuele gi bis ewell net vum Gesondheetsministère erfaasst, an dobäi hu mer jo mëttlerweil een Observatoire national de la santé, deen ebe grad domat kéint befaasst ginn. 
 
Eng Saach vu politeschem Wëllen. Genee ewéi d’Decisioun, d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren, ewéi Frankräich dat als éischt Land weltwäit virun engem Joer gemaach huet. Spéitstens nodeems den Ieweschte Geriichtshaff an den USA d’Grondrecht op Ofdreiwung viru knapp dräi Joer gekippt huet. Oder allerspéitstens elo, mat engem onberechenbaren US-President Trump, deen direkt am Ufank zwee Dekreeter vu sengem Virgänger Biden ausgesat huet, fir den Accès zu enger Ofdreiwung weider anzeschränken, misst nees kloer sinn: D’Rechter vun de Frae sinn ni acquis. Dat huet schonn déi franséisch Schrëftstellerin a Feministin Simone de Beauvoir viru 76 Joer gesot. D’Recht op Ofdreiwung muss deemno extra gutt geschützt ginn. An dofir brauch et eng Verankerung an der Verfassung.
 
D’Recht op Ofdreiwung huet zu Lëtzebuerg ee laange Wee, respektiv Kampf hannert sech. 1978 koum dat éischt Gesetz. Virun zéng Joer ass de Schwangerschaftsofbroch awer iwwerhaapt eréischt aus dem Code penal gestrach ginn. An och beim aktuelle Gesetzestext muss nach nogebessert ginn. Rezent nach ass déi aktuell CSV-DP-Regierung enger laangjäreger Fuerderung vum Planning familial nokomm an huet decidéiert, déi obligatoresch dräi Deeg Bedenkzäit virun enger Ofdreiwung ofzeschafen. Dat entgéint der Recommandatioun vun der Associatioun vun de Gynekologen, et bei deenen dräi Deeg ze beloossen, fir d’Frae virun enger eventuell iwwerstierzter Decisioun ze "schützen". Fir déi betraffe Frae selwer fillt dat sech awer dacks net un, wéi wa se géinge protegéiert ginn, mä vill méi wéi, wann ee fir si iwwer hire Kierper géing decidéieren. 
 
Mam Ofschafe vun där obligatorescher Bedenkzäit setzt d’Regierung een Zeechen an dréit dem Recht vun de Fraen op kierperlech Selbstbestëmmung Rechnung. Dat ass ee wichtege Schrëtt. Elo gëllt et, de Problem bei der Wuerzel ze paken a sech ze froen, wéi déi Betraffen an esou eng Situatioun geroden a firwat et iwwer déi lescht Joren eng Hausse bei den Ofdreiwunge gëtt. Läit et un der Preventiounspolitik? Ass et well manner verhüt gëtt? Oder ass et, well d’Aarmut zouhëlt a manner Famillje sech ee Kand leeschte kënnen? Fir deene Froen op de Fong ze goen, brauch een endlech Zuelen.