D'Diskussiounen iwwert d'Defense-Ausgaben, déi musse massiv eropgeschrauft ginn, d'Debatten iwwert d'Reform vum Pensiounssystem an d'A-Fro-Stelle vun demokratesche Strukturen a Valeuren - dës 3 Sujeten hu vill méi mateneen ze dinn, wéi een et géif mengen - a wäerten déi Jonk nach virun akut Defie stellen - seet de Roy Grotz a sengem Commentaire.

Commentaire vum Roy Grotz

...deen ech iwwerschriwwen hunn "we didn't start the fire", där aler Schank vum Billy Joel aus dem Joer 89, déi ëmmer dee selwechte Refrain widderhëlt an dann 120 komplett verschidde Sujeten a Personnagen uschwätzt, déi déi lescht Joerzéngte markéiert hunn.

Jo, kloer - och MIR hunn dat aktuellt Feier net ugefaangen - och MIR Europäer hunn den Demagog Trump a seng autokratesch Marionetten, déi am net-securiséierten Signal-Chat wéi pubertär Bouwen eng Attack am Jemen plangen, net op hir Podester gesat an och MIR hunn den Agressiounskrich an der Ukrain net ugefaangen, mee et si MIR, déi mat deem onkontrolléierte Feier mussen ëmgoen an net nëmme läschen, mee vigilant a mat oppenem Viséier ugoen. Wat heescht dat?
 
Ma dat heescht zum Beispill fir eng Regierung net, sech wëllen den Triple-S-Deckmäntelchen unzedoen an dann op grouss Debatten an Nodenk-Manifestatiounen ze setzen, mee kloer an däitlech ze soen, wéi d'Pensioune sollen déi nächst Joerzéngte bezuelt ginn an datt duerfir och Sacrificë vun ALLEN néideg sinn - spréch och méi héich Cotisatiounen.

Et ass genee un där selwechter Regierung, fir elo Leadership ze weisen an net just ze soen, datt d'Ausgabe fir Verdeedegung, Truppen an Equipement, also Waffen an Dronen, musse massiv eropgesat ginn, mee och wéi!
Et geet net duer, nëmme wëllen an de Geldbeidel ze gräifen an z'investéieren, fir gerüst ze sinn, wann den Ennemi aus dem Osten op eemol do steet, well den "ancien ami" aus dem Westen dermat beschäftegt ass, e Golf-Resort a Gaza ze bauen a Grönland ze koloniséieren - neen - et ass un der Politik, ELO de Jonken, genee wéi beim Dossier Pensiounen, net weider Floskelen an Denkfabricken unzebidden, mee hinnen d'Aen opzemaachen, wat muer op se duerkënnt.
 
Dozou gehéiert kloer och d'Aféiere vun engem obligatoresche Service un der Gesellschaft - e Biergerdéngscht, dee sozial oder militäresch ka sinn, mee dee muss sinn - dee muss sinn, fir datt eis Jonk sech net komplett hannert den Ecrane verniwwelen an duerch toxesch Influencer verdommt ginn, mee datt se léieren, e Stéck vun der Gesellschaft ze sinn, an där se liewen.
 
Dat wier dann och den Objet vun enger sënnvoller Chamberkommissioun mam Numm "Zukunft a Resilienz", amplaz sech an enger steriller Pro-Forma-Spezialkommissioun iwwer héichgradeg kriminell Dote bei enger Caritas z'echangéieren - e stompege Knäipchen.
 
Da wier eng politesch Energie och nëtzlech agesat, keng artifiziell Intelligenz, mee richteg Denkaarbecht, déi eist Land resilient mécht an do usetzt, wéi mer schonn emol gekrasch hunn, datt mer duerch d'restriktiv Covid-Mesuren en Deel vun eise Jonken "verluer" haten.

Wann dat net nach emol soll geschéien a mer se allen Zorte vu Fake-News-Scharlatanen iwwerloossen, da musse mer handelen - déi politesch Responsabel, d'Enseignanten, d'Press, Elteren an Net-Elteren.

Nach ass et net ze spéit an de latzegen Defäitismus, deen all Dag duerch Hiobsmessagen aus dem nationalistesch libertär-dirigéierte White House geniert gëtt, ass kee Wee - mee mir mussen et wëllen - keng verluere Generatioun, mee eng, déi seet, "mir hunn d'Feier net ugefaangen, mee mir hunn d'Geschicht mat markéiert".

Mir holzen net mat de Musk-Motorseeën of, mee bauen op, éier vum Bëschbuedem nëmmen nach eng brong Supp iwwreg ass.

Duerfir Jonker liest d'Geschicht, informéiert Iech grëndlech a breetgefächert, echangéiert Iech, gitt wakereg eraus, kuckt kritesch vum Ecran erop an engagéiert Iech- an dir Politiker an Erwuessener: sidd do, wann déi Jonk kommen a Froen hunn a gitt hinnen d'Moyenen, hiert eegestännegt Liewen ze liewen.

Dem Einstein gëtt d'Citatioun "d'Welt gëtt net bedreet duerch Leit, déi béis sinn, mee duerch déi, déi dat Béist zouloossen" - zougeuerdent - loosse mer et net souwäit kommen.