Marine Le Pen gëtt a Frankräich verurteelt an dierf net u Walen deelhuelen. An der Tierkei gëtt den Ekrem İmamoğlu wéinst méiglecher Korruptioun verhaft. Déi zwee Fäll sinn net gläichzesetzen, ma d'Reaktioune lafen awer no engem änleche Muster of, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

E Méindeg gouf d'Marine Le Pen vun engem Paräisser Geriicht wéinst Bedruch schëlleg gesprach. Nieft véier Joer Prisong, dovunner zwee mat Sursis an zwee mat enger Foussfessel, krut si och verbueden, an deenen nächste fënnef Joer fir ee politescht Amt ze kandidéieren. Sondagen no hätt si gutt Chancen, bei den nächste Presidentiellen an zwee Joer op d'mannst am éischten Tour déi meeschte Stëmmen ze kréien. 
 
An der Tierkei sëtzt iwwerdeems zanter e puer Wochen de Buergermeeschter vun Istanbul Ekrem İmamoğlu an Untersuchungshaft. Him ginn ënnert anerem Korruptioun an Ënnerstëtzung vun Terrorismus virgeworf. Dem Oppositiounspolitiker gëtt zougetraut, an dräi Joer bei de Presidentewale gewannen ze kënnen. A béide Länner sinn d'Ënnerstëtzer vun deenen zwee Politiker skandaliséiert. Déi zwee Fäll sinn net gläichzesetzen, ma d'Reaktioune lafen awer no engem änleche Muster of, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
 
D'Marine Le Pen huet sech nom Urteel selwer als Affer vun enger politescher Justiz duergestallt. Et sollt verhënnert ginn, datt si an zwee Joer bei de Presidentiellen untriede kann an dat wier eng "Attack op d'Demokratie". Ganz änlech Téin héiert een aus dem Ëmfeld vum Ekrem İmamoğlu. Wärend den designéierte Presidentschaftskandidat vun der Partei CHP aktuell an engem Héichsécherheetsprisong sëtzt, schwätze seng Affekote vun engem "Coup d'État". A béide Fäll gëtt also de Reproche erhuewen, datt eng politesch gesteiert Justiz eng potentiell geféierlech Oppositioun ausschalte wëllt. 
 
Ganz änlech sinn dann och d'Reaktiounen aus dem Ausland ausgefall. Aus villen europäesche Länner gouf d'Verhaftung vum Ekrem İmamoğlu kritiséiert an d'Onofhängegkeet vun der tierkescher Justiz a Fro gestallt. Et wier warscheinlech, datt de President Erdogan, deen nawell zimmlech autokratesch ënnerwee ass, esou säi stäerkste Géigner bei de Walen an dräi Joer ausschalte wéilt. Datt den Erdogan virun e puer Joer erkläert hat, datt en 2028 net méi untriede wäert, gëtt him anscheinend net gegleeft. Op där anerer Säit schéngt d'Tatsaach, datt den İmamoğlu ee Kritiker vum Erdogan ass, hie géint Korruptioun oder Sympathie fir eng Terrororganisatioun wéi déi kurdesch PKK immun ze maachen. Fräi nom Motto: De Feind vu mengem Feind ass mäi Frënd a ka kee Schlechte sinn.
 
"Je suis Marine", dee Sproch huet iwwerdeems den ungaresche Ministerpresident Viktor Orbán an de soziale Medie gedeelt. Dat ass natierlech eng Uspillung op de Sproch "Je suis Charlie", mat deem nom Attentat virun zéng Joer Solidaritéit mat der Redaktioun vun der Satirzeitung Charlie Hebdo ausgedréckt gouf. An de Kreml huet kritiséiert, datt an der europäescher Politik ëmmer méi dacks d'Grenze vun der Demokratie iwwerschratt géinge ginn. Dat war wuel dee Moment, an deem de fréiere russeschen Oppositiounspolitiker Alexander Nawalny sech am Graf ëmgedréint huet.
 
Dobäi geet et weder dem Orbán a scho guer net dem Kreml dorëms, datt d'Rechter vun der Oppositioun grondsätzlech respektéiert solle ginn. Engersäits gesäit een am Marine Le Pen eng Alliéiert am Kampf géint eng staark a vereenten Europäesch Unioun an anerersäits ass et eng kloer Retourkutsch dofir, datt de Westen an der Vergaangenheet dacks mam moraleschen Zeigefanger op Entwécklungen an aneren Deeler vun der Welt reagéiert huet, déi senger Meenung no net am Sënn vun enger fräiheetlecher Demokratie waren. 
 
Fir hir Kritik ze ënnermaueren, kënnen Orbán, Putin a Co dorobber verweisen, datt d'Verbuet fir d'Marine Le Pen, fir politesch Mandater ze kandidéieren, direkt a Kraaft trëtt, obwuel si nach an Appell goe kann. Ma et deit sech awer un, datt d'Urteel an engem zweete Prozess schonn am Summer d'nächst Joer geschwat kéint ginn. Hire Sëtz an der Assemblée nationale dierf si sou oder sou bis 2027 behalen. Et sief op dëser Plaz och dorobber higewisen, datt den Emmanuel Macron an zwee Joer sécher net méi untriede wäert an et fir hien also net dorëms geet, eng potenziell geféierlech Konkurrentin ausschalten ze loossen.
 
Onofhängeg dovunner, ob den Erdogan 2028 nach eng Kéier untriede wäert oder net, geet een an der Tierkei elo scho méi wäit. Den Ekrem İmamoğlu gouf als Buergermeeschter vun Istanbul ofgesat, obwuel hie mol nach net an éischter Instanz verurteelt ass.

Een Ënnerscheed gëtt et och bei de politesche Reaktiounen a Frankräich an der Tierkei. Bei eisen Nopere kënnt Kritik um Ëmgank mat der Marine Le Pen net just vum Rassemblement National, mä esouguer vun deenen anere Parteien, déi d'Urteel deels als ze haart bezeechnen a soen, et wier besser, bei Wale géint si ze gewannen wéi si vun de Walen auszeschléissen. Dat héiert ee vu Vertrieder vum Erdogan senger Partei AKP éischter net. An och een Interview zur beschter Sendezäit, wéi d'Marine Le Pen e bei TF1 krut, gouf et fir den Ekrem İmamoğlu net. An deen hätt ee wuel och net kritt, wann en net am Prisong sëtze géing. An et dierf op d'mannst och bezweifelt ginn, datt, sollt et a Frankräich elo zu Protester kommen, änlech wéi an der Tierkei eng 2.000 Leit festgeholl ginn.
 
Ma egal wéi dierft déi politesch Situatioun esouwuel a Frankräich wéi an der Tierkei ugespaant bleiwen. Datt d'Entwécklungen a béide Länner och am fräiheetleche Weste genee suivéiert ginn, ass nëmmen normal. Dobäi wier et awer gutt, deen een net ze fréi ze verdäiwelen an deen aneren net ze fréi helleg ze schwätzen. Um Enn ass et un der Justiz ze decidéieren, a bis een där hir Aarbecht final bewäerte kann, wäert et wuel nach eng Zäitchen daueren.