D'Trauer zu Roum ass grouss. De Poopst François ass op Ouschterméindeg gestuerwen a gëtt e Samschdeg begruewen.  De Jorge Mario Bergoglio huet d'Kierch positiv verännert, trotzdeem ass de Bilan net just positiv. De Pit Everling huet sech Gedanke gemaach.

Commentaire vum Pit Everling

Wéi virun 12 Joer zu Roum de wäissen Damp zum Schaarschtech eraus koum an den argentinesche Jesuit mat italieenesche Wuerzelen op de Balcon wénke koum, hate vill Gleeweger d'Impressioun, datt mam neie Mann Reforme kéinte kommen.
 
E frësche Wand huet iwwer d'Péitersplaz geblosen: den neie Chef vun der kathoulescher Kierch war "anescht". En einfache Mann, no beim Vollek, ouni materiell Besoinen, dee léiwer mam klengen italieeneschen Auto gefouert gëtt ewéi mam Papamobil.

D'Kierch gouf mat him manner elitär.

Beim Pontifikat bleiwe virun allem déi sozial Säit an den Asaz fir déi aarm a schwaach an der Gesellschaft an Erënnerung.

De François huet vill Wäert op d'Sujete Klimawandel a Migratioun geluecht an de Vatikan finanziell ëmgekrempelt. Hien huet vill den Dialog mat Kierche-Vertrieder vun anere Plazen op der Welt gesicht, sou datt Europa net méi am Zentrum stoung.

Bannent der Kierch gouf de Poopst bei verschiddenen als Vetrieder vun der politescher Gauche wouer geholl, wat konservative Forcen net geschmaacht huet.

Et gëtt dann och Stëmmen, déi soen, datt genee dës Stréimungen de Poopst François um Enn ausgebremst hunn, well déi wierklech gesellschaftspolitesch Revolutioune bloufen och ënnert him aus respektiv se stinn nach ganz am Ufank.

Frae kruten zwar Féierungsposten, däerfen awer net Diakonin ginn.
Bei de Rechter vun Homosexuelle koum d'Ännerung, datt gläichgeschlechtlech Koppelen däerfe geseent ginn, hire Mariage akzeptéiert de Vatikan awer nach ëmmer net.

Zejoert huet de Pontifex sech missen entschëllege wéinst homophoben Aussoen, déi hie bei enger Reunioun hanner zouenen Diere gemaach hat. Bei der Visitt zejoert an der Belsch hat hien Ofdreiwung als Mord beschriwwen, Aussoe vun deenen déi belsch Regierung sech an der Suite distanzéiert huet.

Bei der Opklärung vu Mëssbrauchsaffären huet de Poopst François ëmmerhin d'Reegele verschäerft, zum Beispill gouf d'Obligatioun, fir Virfäll ze mellen, ausgeweit a méi strikt gemaach.
 
Wou steet d'kathoulesch Kierch 2025?

Mir sinn eng Minoritéit ginn, seet de Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich. An de säkulariséierte westeuropäesche Länner spillt d'kathoulesch Kierch keng grouss Roll méi. Dofir gëtt et vill Grënn, eng ganz Partie dovunner sinn hausgemaach.

Vill Leit wäerten och egal wéi de Wee net méi zeréck an d'Kierch fannen, egal, wat den nächste Poopst mécht. Deem seng Missioun muss et trotzdeem sinn, sech un d'Realitéite vum 21. Joerhonnert unzepassen. Soss riskéiert d'Kierch - op d'mannst an Europa - an der Bedeitungslosegkeet ze verschwannen.

De Poopst François geet an d'Geschicht an, als een, deen d'Dieren opgestouss huet an de Wee preparéiert huet fir d'Moderniséierung.
Sollt sech am Konklav en Traditionalist duerchsetzen, riskéiert d'Kierch op deem Wee awer Demi-tour ze maachen.