Et ass du Jamais-vu, wat d’Lëtzebuerger Wort an de leschten zwee Deeg publizéiert huet. Rieds ass vun engem nach lafende Geriichtsprozess, wou ee Mann wéinst Pedo-Kriminalitéit ugeklot ass, deen an der Theaterwelt an am ëffentleche Liewen hei zu Lëtzebuerg keen Onbekannten ass. De Mann huet en plus seng eegen Duechter mëssbraucht a kritt elo am Wort e ganzen Artikel, wou hie sech als Affer duerstellen däerf. Een absolutten No-Go fënnt d'Annick Goerens am Tëscheruff.

Voyeurismus amplaz Journalismus / Tëscheruff vum Annick Goerens

Wéi dem Lëtzebuerger Wort läit och RTL d’Urteel vir mat immens ville fuerchtbare Fakten. Et war e redaktionelle Choix vun RTL, fir net am Detail dorop anzegoen, fir ënner anerem d’Meedche vum 59 Joer ale Mann ze schützen. Seng Duechter ass 15 Joer al a gouf och vu sengem Papp mëssbraucht.

An engem éischten Artikel steet: "Eine bekannte Person aus der Theaterwelt stand im Februar vor Gericht. Die Vorwürfe wiegen schwer, doch in der Szene will niemand etwas davon gewusst haben." Domadder stellt d’Zeitung et duer, wéi wann iergendeen aus der Kultur-Zeen dat hätt misse wëssen. Ech soen et elo mol sou... du kanns kengem an de Kapp kucken. 
 
D’Journalisten am Wort hunn du gemengt, et wier eng gutt Iddi, fir den Täter an engem zweeten Artikel zu Wuert kommen ze loossen, wéi si schreiwen "im Rahmen einer fairen Berichterstattung". A wéi enger Welt liewe mir dann haut? Wou et anscheinend normal ass, fir wärend engem lafende Prozess** engem Täter d’Plattform ze ginn, fir seng eege krank Versioun vun der Geschicht kënnen ze verdeedegen? Dat ass kee Journalismus, dat ass puere Voyeurismus a Clickbait. Wou bleiwen do d’Iwwerleeunge fir d’Affer? An et ginn 3 Affer, virop d’Meedche vum Mann an zwou Frëndinne vun him. Guer net ze schwätze vun all de Fotoen a Videoe vun anere Kanner, déi mëssbraucht ginn.
 
Mir schwätzen hei net méi vu Pedophilie, also sexuellen Interessi fir Kanner a Jugendlecher, mee vu Pedo-Kriminalitéit. Dat heescht: den Täter huet op säin "Trieb" reagéiert an aktiv selwer Akte begaangen an net just Videoe gekuckt.

Am éischten Urteel, géint dat de Mann an Appell gaangen ass, steet an enger Expertis vun engem Neuro-Psychiater dran, hien hätt eng "indifférence totale à l’égard des victimes [...] qu’il a considéré comme simples objets pour assouvir ses désirs sans considération aucune quant aux conséquences en résultant pour les enfants et leur développement futur.” Donieft ass rieds vun senger “tendance à vouloir relativiser et minimiser très fortement son attirance pour du contenu à caractère pédopornographique [...] tentant de nier la nature de son problème [...] taisant par là les actes commis sur la fille." Déi Akte si schonn am Alter vun engem Joer geschitt, wou d’Meedchen nach e Puppelche war an hu sech jorelaang weidergezunn.
 
Um Journalist ass et, Faiten an de richtege Kontext ze setzen. Dat ass hei net geschitt. Am Artikel dierf den Täter sech als Affer duerstellen. Et steet do, hie géing ufänken duerchzedréinen an hätt d’Gefill, hie wier eng Persona non grata. Hien dierf carrement soen, et wier jo just doheem geschitt an net an all deene Veräiner, wou hien als Benevole engagéiert war. Hien hätt sech fräiwëlleg engagéiert a géing elo dofir bestrooft ginn. A kengem Ament goufen déi Aussoe kontextualiséiert. Well den Neuro-Psychiater ass am Prozessdokument däitlech "cependant en pleurnichant sur son sort et “sa maladie”, de sorte que son repentir est à prendre en considération avec une certaine prudence". De Psychiater huet dobäi "Maladie" ënner Anfürungszeeche gesat. Meng Interpretatioun dovun ass, dass den Täter sech wëll hannert enger Krankheet verstoppen, fir seng Doten erofzespillen. Am Wort seet hien, "für meine Krankheit gibt es keinen Funken Verständnis". Hie seet, hie géing un de Pranger gestallt ginn. Kee Wuert vun den Affer! Kee Wuert, wat hie sengem Meedchen ugedoen huet an dass hie seng Strof verdéngt. 
 
Déi wichteg Froen, déi misste gestallt ginn, goufen net gestallt. Firwat koum 2019 een Indice vun Europol an eréischt 2020 gouf eng Perquisitioun gemaach? Firwat wunnt de Mann nach ëmmer mat sengem Meedchen zesummen a konnt riicht weider Kontakt mat Mannerjäregen hunn? Wéi eng Pedo-Kriminell-Reseaue ginn et hei am Land a si mir gutt genuch opgestallt, fir dorop ze reagéieren?

*den Täter huet Appell géint d'Urteel an éischter Instanz gemaach.
 
Firwat et sou laang gedauert huet vum éischten Hiweis bis zum Urteel a wéi et mam Afferschutz steet, héiert Dir an engem Reportage e Freideg den Owend um 17.40 Auer um Radio.