De Mann gouf an éischter Instanz zu 13 Joer Prisong mat 8 op Sursis verurteelt. D’Urteel ass nach net rechtskräfteg, well Appell gemaach gouf.

Iwwert eng Zäit vun op d’mannst 10 Joer huet de Familljepapp, dee laang Zäit am Theatermilieu geschafft huet,  kannerpornografesch Fotoen a Videoe gekuckt a selwer produzéiert. Och seng Duechter, sou wéi zwou vun hire Frëndinne goufen Affer vum Mann.
 
Verurteelt gouf hie wéinst Attentat à la pudeur, sexueller Exploitatioun vu Kanner, Hierstellung a Verbreedung vu kannerpornografeschen Inhalter, sou wéi de Besetz vun illegalem Contenuen.
 
Ausgangspunkt vun den Ermëttlunge war en Hiweis vun Europol den 21. August 2019, dass am Internet 72 Dateie mat pedokriminellem Contenu vum Account vum Ugekloten erofgeluede goufen. Op de Biller ware majoritär plakeg Meedercher ënner 10 Joer ze gesinn, mat de Been auserneen. E puer Opnamen hu Mannerjäreg bei sexuellen Handlunge gewisen.
 
Eréischt eng 10 Méint méi spéit, den 9. Juli 2020, koum et zu enger Perquisitioun beim Verdächtegen. Dësen Dag huet den deemools Verdächtege gesot, hien hätt keng sexuell Phantasmen, wann hie Mannerjäreger gesäit an hätt och keng Fotoe vu plakege Mannerjäregen. Dat geet aus den Erklärungen am Urteel ervir. An der Suite goufen iwwer 23.000 Dateie fonnt, déi Kannerpornographie oder sexualiséierte Contenu weisen.
 
Op engen 10.000 Biller an iwwer 600 Video gesäit ee Mannerjäreger tëscht engem a 16 Joer of, déi ënner anerem oral, vaginal an anal vun Erwuessene vergewaltegt ginn, déi Geschlechtsverkéier ënnerteneen hunn oder sech wärend sexuellen Akte filmen. Weider Biller weise Mannerjäreger tëscht 3 a 16 Joer, déi am Bikini oder an Ënnerwäsch poséieren. Op 1.500 Biller ass doriwwer seng plakeg Duechter ze gesinn. An e puer Fäll ass och dem Ugeklote säi Geschlechtsdeel op der Foto. Dausenden Noriichten an Chat-Verleef dokumentéieren säin Austausch mat anere Pedokriminellen. Hei praalt hie mat sengen Neigungen an deelt och Fotoe vu senger mannerjäreger Duechter.
 
Éischt noweisbar Serie vu Biller, déi an d’Kategorie vu Kannermëssbrauch falen, ginn et zanter Mee 2013. Et gëtt awer geschat, dass d’Faite sech op eng Zäit tëscht 2010 an 2020 belafen. Also bis zum Zäitpunkt vun der Perquisitioun.
 
Tëschent 2020 an 2023 gouf dunn ermëttelt an déi saiséiert Datespäicher goufen analyséiert. Dem Mann seng Duechter a seng Fra goufen den 23. Mäerz 2023 gehéiert. Si hunn den Ugekloten net weider belaascht. D’Mamm huet bei de Fotoen deels vun normale Familljefotoe geschwat. Bei verschidde sexuellen Handlungen tëscht hier an hirem Mann war d’Kand esouguer donieft an huet zum Beispill e Film um  Handy gekuckt.

Den 12. Juni 2024 huet d’Chambre du conseil dann de Fall un d’Strofkummer weiderginn. Et gouf also eng Uklo erhuewen. Tëscht dem 25. an dem 27. Februar 2025 koum et zum Prozess. De 27. Mäerz gouf d’Urteel an éischter Instanz gesprach. Am Urteel heescht et dann och, den Ugeklote selwer wier elo zanter 3 Joer a psychiatrescher Behandlung. D’Majoritéit vun de Reprochen hätt hie gestanen.

Faille am Justizsystem

Eréischt mat engem Schreiwes vun der Theaterfederatioun en Dënschdeg koum d’Affaire un di breet Ëffentlechkeet. D’Federatioun weist sech schockéiert iwwert säi fréieren Administrateur a seet, bis rezent, näischt gewosst ze hunn. D'selwecht reagéiert de Verwaltungsrot vum Kasemattentheater. Si verurteelen d’Faite vun hirem fréiere Member schaarf a weisen drop hin, dass d’Faite sech just am Privaten ofgespillt hunn an a kengem Zesummenhang mat sengen Tätegkeeten am Kulturberäich stéingen.
 
E Méinden huet de Verwaltungsrot vum Kasemattentheater festgehalen, mam Ugekloten ze briechen, an him den Zoutrëtt zum Theater ze verbidden. Et wier een awer och schockéiert, dass zanter der Alerte vun Europol oder spéitstens zanter der Perquisitioun keng Protektiouns- oder Informatiounsmesurë geholl gi wieren. Och net bei de kulturellen Ariichtungen, déi fir a mat Kanner schaffen. Och wann dat am Kasemattentheater net de Fall wier. De Verwaltungsrot gesäit hei eng Faille am Lëtzebuergesche Justizsystem.