D’Regierung wäert bei de Pensioune Waasser an de Wäin musse schëdden

Et ass dat éischt richtegt blot Aen fir Schwaarz-Blo an de Grond dofir sinn d‘Pensiounen.
D‘Koalitioun hat sech schonn an de séchere Gewässer vun der politescher Mëtt gesinn a Richtung nächst Walvictoire schwammen.
Ma mam neie Politmonitor gëtt et eng kleng op den Deckel, virun allem fir de CEO.
Déi Zopp ass awer hausgemaach. Versalzt huet se de Chefkach Luc Frieden mat sengen iwwerraschende Rezepter fir d‘Pensiouns-Reform.
60% vun de Leit weise bei deem Menü déi rout Kaart.
D‘Form, d‘Kommunikatioun an den Timing ware schlecht an d‘Fro stellt sech op d‘Verlängerung vun de Cotisatiouns-Joren iwwerhaapt nach ëmzesetzen ass.
Datt um Pensiouns-System muss gefréckelt ginn, steet ausser Fro an déi déi dat nach ëmmer a Fro stellen, brauchen en neien Täscherechner.
D‘Regierung muss op där Plaz also gelueft gi fir de Courage, dat waarmt Eisen iwwerhaapt unzepaken, obwuel et vun de Parteie méi éierlech gewiescht wier, dëst och am Walprogramm ze ernimmen.
Domat wier kloer, datt beim Pensiouns-System iergendwou Concessioune musse gemaach ginn an et ass natierlech en delikaten Exercice fir de Leit ze soen, datt eppes manner gutt gëtt.
Datt net alles am Konsens mat enger ganzer Gesellschaft ka geschéien, ass kloer.
Et kann een awer versichen, sou no wéi méiglech dodrun erun ze kommen, andeems een eng „seriö“ ëffentlech Consultatioun bei de Bierger mécht, andeems ee bei Gewerkschaften, beim Patronat a bei anere Acteuren de Bols fillt an no Kompromësser sicht. Ëmmerhi gëtt et bei de Pensiounen eng ganz Rëtsch Stellschrauwen.
Et kann een awer och higoen a mëtten an deem Consultatiouns-Prozess vun engem Riednerpult erof eppes an de Raum geheien, wat keen um Schierm hat, wat net duerchduecht schéngt, wou wichteg Detailer net erkläert kënne ginn a wat virun allem déi soll treffen, déi d‘Gesellschaft grad mat hirer Aarbecht um Lafen halen.
E Schoss an den Uewen.
Bannent der schwaarz-bloer Famill entstinn éischt gréisser Schréipsen am Lack. Déi bis dato schwaach Oppositioun fënnt aus hirer Perspektiv gekuckt endlech eng gräifbar Ugrëffsfläch.
D‘Gewerkschafte ware souwisou scho muffeg a fanne mat de Pensiounen finalement awer nach déi Ënnerstëtzung an der Populatioun, bei där se sech mat de Sujeten Aarbechtszäite, Sonndesaarbecht a Kollektivverträg zënter Méint iergendwéi schwéier dinn.
Op alle Fall huet dës Regierung et fäerdeg bruecht, datt LCGB an OGBL deemnächst formell matenee kummeren, wat viru wéinege Joren nach kee sech hätt kënne virstellen.
Och bei villen aneren Acteuren aus de sougenannte „Forces vives“ ass d‘Stëmmung wéinst de Pensioune mëttelméisseg, do hëlleft et och net, datt op d'mannst d‘Patronat weider net op d‘Barrikade klëmmt.
De wuel wichtegste Message kënnt awer aus der Populatioun selwer an deen ass an dësem Fall am Politmonitor nozeliesen.
Jo, e Sondage ass e Sondage a jo, deen ass eng Momentopnam.
Mä d‘Resultat léisst dann awer wéineg Marge fir Interpretatiounen an et gëtt virun allem ee responsabel gemaach an zwar de Chef.
D‘Réckgrat vun der Gesellschaft ass déi aktiv Populatioun a fir där ze verklickeren, datt hir Pensioun no hanne réckelt an dat net just e bëssen, dat ass an Zäite vu work-life-balance mat Betounung op life net esou einfach.
Hir dann och nach ze vermëttelen, datt hir Meenung zum Sujet komplett Wurscht ass, dat mécht d‘Bëtschel da finalement fett.
D‘Pensiouns-Pëll ass bedeitend méi batter, wéi d‘Regierung oder Deeler vun hir sech dat virgestallt haten a si gëtt vum Vollek net sou einfach geschléckt.
D‘Fro stellt sech net ob- mä wéi de Kapitän Frieden bei de Cotisatiounsjoren zeréck ruddere wäert, ouni säi politescht Gesiicht a seng Credibilitéit ze verléieren.
Net datt seng eege politesch Pensioun op eemol nach méi fréi kënnt wéi him léif ass:
à voir!