Nationalfeierdag läit hannert eis. An de Grand-Duc Henri ass zanter 25 Joer um Troun. An nach ëmmer stinn d‘Lëtzebuerger eigentlech hannert der groussherzoglecher Famill. Ganzer 69 Prozent vun de Befrote soten am neiste Politmonitor, dass d‘parlamentaresch Monarchie déi beschte Staatsform fir Lëtzebuerg wär. Iwwer d‘Hallschent fënnt awer och, dass mol eng Kéier an engem Referendum iwwer d‘Monarchie ofgestëmmt kéint ginn. Dem Pierre Jans no kann dat just eppes heeschen.

Nämlech, dass d‘Monarchie en Nice to have ass. Obwuel den Haff eis Steierzueler zejoert gutt 19 Milliounen Euro kascht huet... mir kënnen eis e leeschten. Nach. Mä ganz festleeën, wëllen d‘Lëtzebuerger sech dann trotzdeem net.
An awer: och wa mir et net ëmmer zouginn: Vill vun eis hunn de Pomp fir Nationalfeierdag gär, oder wann et Mariagen um Haff ginn, oder Nowuess. E bësse Voyeurismus spillt och mat. De Klatsch an Traatsch vum Haff animéiert ëmmerhi sou munch lëschteg Ronn. Mir hunn eis eege Royal Family. A wann de Grand-Duc éierens ass, léisst dat déi mannst komplett kal.

Commentaire vum Pierre Jans

 
Genee dora läit och d‘Stäerkt vun engem Monarch – natierlech net am vereelzte Sënn vum souveräne Monarch à la Jean Bodin, deen als Gott op Äerden iwwer allem steet – nee ech mengen dat, well et nämlech och auslännesche Politiker esou geet ewéi dem Bierger, wann en dem Grand-Duc d‘Hand rëselt: et begéint een him, et begéint een dem Land mat Respekt. Dat kann hëllefen, eng Firma op Lëtzebuerg ze kréien oder am Ausland en Deal u Land ze zéien. Den Tamtam ronderëm, den duerch-getakte Protokoll, déi solennelle Arrivéeën, d‘Garde-Corpsen, seng Uniform, alles dat ass natierlech drop ausgeluecht, en Effekt ze kreéieren. Opgepasst: hei kënnt eng ganz wichteg an dichteg Persoun.
 
Ech war eemol mam Grand-Duc op Staatsvisitt am Senegal. Ënnerwee mat engem klenge Schëff vun Dakar op d‘Île de Gorée ass mer éischtens opgefall, dass de Grand-Duc Henri extrem gutt gekleet ass. Den aktuell nees ganz beléiften "Old money“-Kleedungsstil krut hie wuertwiertlech an d‘Wéi geluecht. Eng klassesch Ray-Ban op der Nues. Handy raus: Ech hunn e misse knipsen. Zweetens ass mir deemools bewosst ginn, dass de Grand-Duc iergendwou awer e Mënsch ass, an e sympatheschen dobäi. Ech muss mech erklären. Hien als Persoun a seng Roll a säin Optrëtt sinn net gläichzesetzen. Hie verlaangt de Protokoll net, aner Leit decidéieren villes fir hien. Virun engem Interview am Senegal krute mir Journalisten déi kloer Consigne vu sengem Entourage: Dir haalt Är Mikroen dohin, de Grand-Duc mécht e Statement, keng Nofroen. Du kënnt de gudde Mann, stellt sech virun eis, waart zéng Sekonnen, kuckt mech beduckst a freet mat engem Grinsen: Stell Dir keng Fro?!
 
E puer Joer méi spéit krut de Grand-Duc Henri an engem opwänneg organiséierten Interview mat RTL an 100komma7 am Palais vill Froe gestallt. Zum Beispill och, ob hien e Referendum iwwer d‘Zukunft vun der Monarchie géif fäerten. E kloren Nee, mat der Explikatioun, hie géif seng Funktioun als Service gesinn. Fair enough. Mä da seet hien e Saz, deen awer zimmlech verbruet eriwwerkoum: Da gi mir, dat ass guer kee Problem. Nom Motto: wien eis net wëll, huet eis net verdéngt. Déi Reaktioun war manner cool. Well – och wann den Henri net dofir kann, dass hien adeleg gebuer ass - wie bezilt hei fir wien?
 
Änlech Rendez-vouse mat der nationaler Press huet den Haff rezent souguer ofgesot. D‘groussherzoglech Koppel géif et den Ament „net fillen“. D‘Leit kruten de Bols gefillt. A jo: si wëllen d‘Monarchie. Nach.