Cavalier seul funktionéiert net

De Message vun der Strooss e Samschdeg war däitlech. De Premier Luc Frieden reagéiert séier a mécht de Gewerkschaften d'Dier op fir Verhandlungen. E Feeler gëtt hien awer net zou a verpasst et virun allem, seng Manéier ze regéieren an ze kommunizéieren a Fro ze stellen, bedauert d’Marlène Clement an sengem Commentaire.
Et waren ongewinnte Biller um Knuedler. Dausende Mënsche mat gréngen a roude Gileten a Kapen, déi der schwaarz-bloer Regierung d’rout Kaart weisen. Dausende Leit, déi net averstane si mat der aktueller Politik vu Schwaarz-Blo, oder solle mer soen, vu Schwaarz? De Koalitiounspartner kritt een nämlech relativ wéineg ze gesinn an ze héieren ënnert dem Luc Frieden. Den CSV-Regierungschef hëlt wichteg Decisiounen ebe gären am Alleingang. Datt dat bei der geplangter Pensiounsreform ee Feeler war, wëll sech de Premier awer och no der Maniff net agestoen.
Wie sech un den Dossier Pensiounen eruntraut, muss sech op Kritik astellen, argumentéiert de Premier. An dat stëmmt. Et brauch Courage, déi Debatt ze lancéieren. Kee wëll eppes ewechgeholl kréien a kee wëll méi laang schaffe goen. An awer muss de System iergendwéi ugepasst ginn, datt e laangfristeg funktionéiere kann, bei enger Populatioun déi ëmmer méi al gëtt. Wéi wäit d’Onzefriddenheet a Roserei bei de Pensioune ka goen, hu mer virun zwee Joer um Beispill vu Frankräich gesinn. Ëmmer nees koum et zu Masseprotester géint déi geplangte Pensiounsreform. Millioune Leit sinn op d’Strooss gaangen. An déi Maniffe si bei wäitem net esou friddlech iwwer d’Bün gaangen, ewéi d’Maniff e Samschden um Knuedler. Datt et Kritik un der annoncéierter Pensiounsreform gëtt, ass also net verwonnerlech. Wat de Premier awer net ze verstoe schéngt, ass, datt et méi ëm de "wéi" geet, wéi em de "wat". Wéi bréngen ech de Leit dat bäi a wéi ginn ech un esou ee sensibelen Dossier erun? Do ginn et X Méiglechkeeten. An alles wier warscheinlech besser gewiescht, ewéi eng iwwerraschend Annonce wärend der Ried zur Lag vun der Natioun. Déi, wéi et schéngt, och fir verschidde Majoritéitsvertrieder een Iwwerraschungsee war.
Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet am RTL-Interview confirméiert, datt déi liberal Fraktioun net am Detail wosst, wat de Luc Frieden a senger Ried iwwer d'Pensioune géif soen. An domat war hien net eleng. Wann also net nëmmen d'Gewerkschafte sech virun de Kapp gestouss fillen, ma och de Koalitiounspartner, da leeft eng schif. D'Propose vun de Sozialpartner fir eng Pensiounsreform leien um Dësch. Och de Consultatiounsprozess ass antëscht ofgeschloss. Firwat also déi iwwerstierzten Annonce virun e puer Wochen, ouni all d'Partner mat anzebannen? De Luc Frieden wier gutt berode gewiescht, hei kee Cavalier seul ze maachen. Da kréich en d’Roserei elo och net eleng ze spieren.
Et ass iwwerdeems net den eenzegen Dossier ëm deen de Premier sech héchstperséinlech wollt këmmeren. Mir erënneren un d'Caritas-Affär de leschte Summer. Mat de Concernéierte gouf net laang diskutéiert an Zack: eng Annonce virun der Press gemaach, datt de Staat kee Su méi géing un d’Organisatioun ginn, nom Finanzbedruch ëm 61 Milliounen Euro. Kuerzerhand gouf déi nei Organisatioun HUT gegrënnt. Och hei gouf et vill Kritik un der Kommunikatioun oder besser gesot: Net-Kommunikatioun vun der Regierung. Eppes wat de Premier duerno och zouginn huet. Also manner "Chefsaach", méi Teamaarbecht. Manner ech, méi mir. Dat muss den neie Luc nach léieren.
Den 9. Juli, also e Mëttwoch an 8 Deeg sinn d'Gewerkschaften an d'Patronat an de Staatsministère invitéiert, fir Dräier-Gespréicher mat der Regierung. OGBL an LCGB hunn e Méindeg matgedeelt, datt se der Invitatioun vum Premier nokommen. Et ass awer u Konditioune gebonnen, nämlech dass notamment den Ordre du jour ugepasst gëtt.