Gewerkschaftsfront geet den 9. Juli bei de Luc Frieden

OGBL an LCGB hunn um Méindeg de Moie beroden a wäerten den 9. Juli der Invitatioun vum Premier fir eng Sozialronn nokommen.
Spréch: sech mat Regierung a Patronat ëm een Dësch sëtzen. Dat haten d'Presidente Back an Dury e Méindeg de Moien am RTL-Interview schonn ugedeit, a confirméieren et och an engem Bréif un de Premier, deen eis virläit.
Et ass awer u Konditioune gebonnen, nämlech dass notamment den Ordre du jour ugepasst gëtt. Iwwer véier Punkte muss geschwat ginn: D’Kollektivverträg, d’Sonndesaarbecht, de Mindestloun an d’Pensiounsreform.
D’Gewerkschaftsfront wëll awer och verschidde schrëftlech Zousécherungen. Notamment, dass d’Syndikater weider Kollektivverträg aushandelen an ënnerschreiwe sollen.
Bei den Ouvertureszäite soll de geplangte Gesetzprojet ëmgeännert ginn, fir déi aktuell Zäite bäizebehalen, an e Verlängere just via interprofessionellen Accord oder ebe via Kollektivvertrag méiglech ass.
Déi dräi Sozialpartner sollte sech och nees iwwert en Tripartite-Modell eens ginn. Gëtt d'Reunioun de 9. Juli en Echec, wier ee prett bis zum Äussersten ze goen, soten eis e Méindeg de Moien d’Cheffe vun OGBL an LCGB. Wat dat genee heescht, géif da kommunizéiert ginn.
Vu Patronatssäit heescht et op eis Nofro, dass een op konstruktiv Gespréicher mat de Gewerkschafte géif hoffen.
Politesch Reaktiounen
No de Gewerkschafte reagéieren och déi politesch Parteien op d’Maniff an d’Aussoe vum Premier Frieden e Samschden hei op RTL. Deen hat do net wëlle vu Feeler schwätzen, an op en neits betount, et wier een dialogbereet.
Den 9. Juli soll et eng Sozialronn ginn, ma Deeler vun der Oppositioun si skeptesch, wéi effikass déi Gespréicher wäerte ginn. Dem Franz Fayot vun der LSAP stéisst et sauer op, dass de Luc Frieden keng Feeler zougi wëllt: " Et ass jo net just eng Fro fir nozelauschteren an dann ze maache wat ee wëllt, mee fir anzegoen op d’Sozialpartner, an ech weess net, ob se capabel sinn, dat ze maachen. Wann ech dem Premier nogelauschtert hunn owes um Dag vun der Manifestatioun bei Iech op der Antenn, wou en erëm eng Kéier drop beharrt, dass hien onfeelbar ass, an dass en näischt falsch gemaach huet, da mengen ech net, dass dat dote gutt ausgeet. Ech gesinn net déi Capacitéit, fir deen éierlechen Dialog ze féieren".
De Fred Keup (ADR) weist sech do méi optimistesch, ma och hinne géifen déi aktuell Regierungsproposen am Pensiounsdossier net duer: "Ech mengen, dass ee muss soen, dass mir als ADR och eng ganz Partie vun de Revendicatiounen, déi do op de Manifestatiounen zur Sprooch koumen, och deelen. Ënnert anerem wat d’Pensiounen ugeet, dass et net op déi Léisung kann erauslafen, déi den Här Frieden proposéiert huet, mee dass mir do eppes anescht brauchen. Mir wäerten eis dofir asetzen, an ech denken, dass do en Ëmdenke kënnt".
De Premier bleift och um Méindeg de Moie bei sengen Aussoe vu virun zwee Deeg, a betount, dass eng Pensiounsreform net einfach wier. Hien huet op en neits op Dialogbereetschaft verwisen, och am Beräich Aarbechtsrecht.
Dass den 9. Juli net nëmmen iwwer d’Pensiounen, mee och iwwer Kollektivverträg, d’Ëffnungszäiten am Commerce an d’Sonndesaarbecht, sou wéi d’Ëmsetzung vun der europäescher Mindestloundirektiv geschwat gëtt, ass eng Konditioun vun de Gewerkschaften, fir dass si deen Dag iwwerhaapt un den Dësch kommen.