Ass Zuch fueren net flott...

D'Summervakanz steet virun der Dier, dat heescht net just Vakanz fir d’Schoulen, mee och grouss Chantieren op wichtegen Transport-Achsen. Tëscht dem 11. Juli an dem 15. September fueren zum Beispill keng Zich tëscht Beetebuerg an der Stad wéinst Aarbecht um Netz. Et sinn Aarbechten, déi batter néideg sinn, fënnt den Tim Morizet a sengem Commentaire... well Zuch fueren déi lescht Méint war keen einfach Exercice.
Deck gëtt dauernd getéint. Déi éischt nei Coradia-Zich sinn op de Schinnen ënnerwee. Méi Capacitéit – e Gewënn fir jiddereen. Offiziell läit d'Pünktlechkeet bei knapp 91 Prozent. Am Verglach mam Ausland souguer guer net schlecht.
Mee wien déi lescht puer Méint op de Schinnen ënnerwee war, weess, datt d’Welt, esou schéin ewéi d’CFL se och gäre bei hire järleche Bilane schwätzt, definitiv net ass.
Sief et duerch iwwerfëllten Zich aus der Belsch. Problemer well déi belsch Bunn-Kolleegen net genuch homologéiert Ween hunn, fir zu Lëtzebuerg ze fueren. Bis zu zu de reelle Retarden op der Streck tëscht Ëlwen a Rodange/Péiteng. Déi Pünktlechkeet läit reell nämlech bei 77 Prozent. Am Wëssen, datt zu Lëtzebuerg just e Retard markéiert gëtt, wann den Zuch iwwer 5 Minutten a 59 Sekonnen ze spéit ass.
Dauernd ginn et Problemer um Reseau zu Beetebuerg. Technesch Panne, iwwer technesch Panne... dann och zu Näerzeng. Zich falen einfach aus. Iwwerfuerdert, feint Zuch-Personal probéiert de Clienten auszehëllefen an Infoen ze ginn, déi se gréisstendeels sëlwer net hunn. De Passagéier gëtt, klassesch Lëtzebuerger Standard, am däischtere gelooss. Eng propper Kommunikatioun iwwer App oder Internet klappt d’Hallschent vun der Zäit net.
"Oh net schonn erëm", héieren ech op d’mannst eemol d’Woch am Zuch, well erëm eppes net geet. D’Passagéier ronderëm ee si mol net méi rosen. Einfach just, alt nees, enttäuscht.
Op ville Plazen uechter d’Welt gi bei gréissere Pannen direkt Ersatzbusser agesat. An der Moyenne dauert dat zu Melbourne an Australien ronn 30 Minutten nodeems eng Panne annoncéiert gouf. Zu Lëtzebuerg heescht et: "Good luck!" Du kenns jo Muer souwisou zeréck.
Stréim vu Leit flüchten aus der Stater Gare op der Sich no Linnebusser fir heemzekommen. Bei 35 Grad dobaussen an der praller Sonn. Fir da vum Buschauffer aus dem iwwerfëllte Bus geheit ze ginn. Well jiddereen deen net sëtzt, dierf net matfueren. Et ass null Versteesdemech fir déi leider net esou extraordinär Situatioun. De Passagéier gëtt ugebaupst. Ugegranzt.
En Dag ewéi een en ze dacks zu Lëtzebuerg erlieft, ass ee mam Zuch ënnerwee. Ahhh, ass et net schéin Zuch ze fueren.