De Fall vum Fussballprofi Gerson Rodrigues huet an de leschte Wochen a Méint héich Welle geschloen.

Datt e verurteelte Sportler weider um Terrain gefeiert an als Virbild presentéiert gëtt, ass keen Eenzelfall a wërft allgemeng d’Fro op wéi ee Kënschtler, Sportler a Prominenter, déi sech strofbar gemaach hunn, nach eng Plattform ka ginn. E Commentaire vum Claudia Kollwelter:

De Commentaire vum Claudia Kollwelter

Beispiller ginn et der leider wéi Sand um Mier. De Sänger vun der franséischer Band "Noir Désir" Bertrand Cantat gouf 2004 wéinst Doudschlag u senger deemoleger Frëndin Marie Trintignant verurteelt, stoung 2010 allerdéngs erëm mat senger Band op der Bün a gouf vum Public gefeiert.

De Roman Polanski, deen 1977 wéinst sexuelle Mëssbrauch un engem Mannerjärege verurteelt gi war, huet 2020 nach e César gewonnen als beschte Regisseur.

De Gérard Depardieu gouf dëst Joer wéinst sexuellen Iwwerfäll verurteelt, schauspillt awer nach weider.

De Gerson Rodrigues gouf dëst Joer wéinst Gewalt a Kierperverletzung an 3 Fäll zu 18 Méint Prisong mat Sursis verurteelt. Trotzdeem gouf hie weider fir d’Matcher vun der Nationalekipp selektionéiert.

An déi Lëscht kéint ech leider nach onendlech weiderféieren. Et ass keen neit Phänomen, an déi Fäll si sécherlech net all an en Dëppen ze geheien, mee hu leider gemeinsam, datt gemaach gëtt, wéi wann näischt geschitt wier. Ganz nom Motto “The show must go on!”.

Well wéi ass am Fall vum Gerson Rodriguez argumentéiert ginn: hie wier jo awer ee vun de beschte Fussballspiller, oder, hien hätt eng zweet Chance verdéngt. Dat wëll ech och net bestreiden. Mee genee déi Aussoen, wéi och de Sproch “Konscht vum Kënschtler ze trennen” dierfen net als éiwege Schutzmechanismus benotzt ginn. E Feelverhalen dierf net verharmloost oder ignoréiert ginn, egal wéi talentéiert déi Persoun ass. A bei Leit, déi an der Ëffentlechkeet stinn, geet et nu mol net just ëm hire perséinleche Pardon, mee ëm eng ëffentlech Responsabilitéit.

Wann een als Star gefeiert gëtt, e Publikum "entertaint" oder beaflosst, dann huet een och eng ethesch Verantwortung. D’Show dierf ebe grad net einfach viru goen, wéi wann näischt geschitt wier. Well et si Saache geschitt: Leit si sexuell mëssbraucht ginn, si geschloe ginn, oder souguer ëmbruecht ginn! Fir Iwwerliewender vu Gewalt oder Mëssbrauch ass et op en Neits e Coup, wann den Täter an der Ëffentlechkeet verherrlecht gëtt, amplaz zur Rechenschaft gezunn ze ginn. A wéi e Bild vermëttelt dat net just un d’Affer mee och un d’Supporter, un déi Leit déi de Star als Idol feieren? Datt e Verhalen net esou schlëmm ass, datt et Konsequenzen huet! Vill ze dacks gëtt dat wat geschitt ass, wat déi Persoun gemaach huet, ënnert den Teppech gekiert fir dem Image net ze schueden.

Mee net just Filmstudioen, Musekslabelen oder Sportfederatiounen, och d’Medie bidde Verurteelten deels nees eng Plattform andeems se hir Versioun vun der Geschicht erziele kënnen an d’Perspektiv vun den Affer vernoléissegt gëtt. D’Bild vun der Responsabilitéit a Schold vun den Täter gëtt esou verwässert.

Wa Prominenter wéinst sexuellem Mëssbrauch, Gewalt oder souguer Doudschlag verurteelt goufen a weider vun Dausenden gefeiert ginn, stellt sech d’Fro, wou eis Gesellschaft d’Grenz zitt. Argumentatioune wéi Konschtfräiheet, "Présemption d’innocence" oder Trennung vu Persoun a Wierk sollen net komplett fale gelooss ginn an awer muss een sech och froen, wéini déi Trennung net méi drobar ass.