No der Tripartite, déi net däerf Tripartite genannt ginn, kann een der Regierung trotz Konzessioun punkto Kollektivverträg e gewëssen Erfolleg accordéieren: et huet keen d'Dier geklaakt. D'Kou ass nach laang net vum Äis. Inhaltlech koum net ganz vill eraus an dat no Méint Stëllstand. Et war sech eigentlech och net anescht z'erwaarden, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire.

Commentaire vum Annick Goerens

Bis spéit an d'Nuecht, iwwer 11 Stonnen, gouf diskutéiert. Déi dräi Lager - Regierung, Patronat a Gewerkschaften – waren de gréissten Deel vun der Zäit getrennt, eleng ënnert sech. D’Regierungsvertrieder hu sech ëmmer nees missten ënnertenee beroden. Am Bestietnis tëscht der DP an der CSV gëtt et wuel och nach déi eng oder aner Saach ze klären. Wéi de Vize-Premier Bettel sot: "Et si keng Flitterwoche méi, mee d'Bestietnis ass ënnerschriwwen." Dat schwätzt jo fir sech. Wéi et aus gutt informéierte Kreesser heescht, hätt sech d’DP duerchgesat an net d’CSV. D'DP huet sech jo och an de leschte Woche versicht, als soziaalt Gewësse vun der Regierung ze orchestréieren. Wat der CSV natierlech net geschmaacht huet. Bei de Chrëschtlech-Soziale war den Ex-Gewerkschaftler Marc Spautz do an der Ëffentlechkeet iwwer Méint relativ eleng un der sozialer Front gelooss ginn. Iert anerer aus der Deckung komm sinn.

Der Regierung kann ee wéi gesot loossen, datt de Sozialdialog deblockéiert ass. De Premier Frieden huet Waasser a säi Wäi geschott, wat d’Kollektivverträg ugeet - déi rout Linn fir d’Gewerkschaften. Déi behalen hiert Exklusivrecht fir Kollektivverträg a sougenannten "Accords d’entreprise" dierfen ze verhandelen. Dass d’Nora Back sot, se wiere just op deem Punkt d'accord, hannerléisst den Androck d'Gewerkschafte wieren ni zefridden a géinge just blockéieren. Mee u sech gëtt d'Patronat de Gewerkschafte och Grond dofir. De President vun der UEL, Michel Reckinger, sot an der Nuecht op en Donneschdeg: “Am Moment ass nach keen Dossier zou” an dat trotz den Deklaratioune vum Premier. A genee dat weist, dass déi Kou nach laang net vum Äis ass. An dass och bei der nächster Reunioun e Méindeg nach laang näischt giess ass.

De Michel Reckinger sot zum Schluss nach, et wier spéit ginn an hien hätt eng Pizza giess, déi him géing um Mo leien. Dobäi dierft him wäit méi wéi den Deeg vum Bacchus senger Pizza um Mo leien. Well d’Fronten hu sech net just zanter Untrëtt vum Luc Frieden an dem Aarbechtsminister Georges Mischo verhäert, mee scho Joerzéngte virdrun. Wärend an no der Pandemie, déi eng Zäsur fir eis Gesellschaft an eis Aarbechtswelt war, sinn d’Vuë vun "Arbeitnehmer" an "Arbeitgeber" weider ausernee geklafft mat maximalistesche Fuerderungen op béide Säiten.

Dass de Premier sech mat dësem Sozialdialog iwwerschat huet, dat weisen déi 11 Stonne mat awer entspriechend wéineg Resultat. Et kann een dem Luc Frieden - wéi d’Oppositioun et mécht - virwerfe Feeler gemaach ze hunn. Dat stëmmt. Mee wat och stëmmt, ass datt déi lescht 2-3 oder méi Regierungen a Punkto Aarbechtsrecht, mee och Renten a Logement net vill Opweises hunn, awer zimmlech staark waren am Verdeele mat der Strenz. Déi zwou Saache sinn zu engem groussen Deel dru Schold, datt d’Fronten tëscht de verschiddene Schichte vum Land sech verhäert hunn.