Kamoud an Nout
Ech verroden iech e Geheimnis: E Commentaire schreiwen, ass dee schwéiersten Exercice an eisem Beruff. Grad an dësen Zäiten. Bon, op d'mannst fannen ech dat.
Ech wëll elo net soueren, mä et ass manner däreg, en Thema ze recherchéieren, Interviewen mat Pro a Kontra driwwer ze maachen an dann neutral doriwwer ze beriichten. E Commentaire dogéint ass perséinlech, ëmmerhin äussert ee seng Meenung ëffentlech – hei bei RTL wuel um bekanntsten Noriichtesite am Land. Mat Foto iwwer dem Text. Et mécht ee sech ugräifbar. Dann hätt een eigentlech och direkt Politiker kéinte ginn. Ëmmerhin ass hire Salaire wéinst representative Käschten zur Hallschent steierfräi.
Ech ginn iech e Beispill: Et wär natierlech elo eng Méiglechkeet ze kommentéieren, dass den ukrainesche President Selenskyj alles muss maachen, fir dass de Krich ophält: occupéierten Territoire u Russland oftrieden, weider keng Uspréch stellen, frou sinn, wann et eriwwer ass, well da keng Leit méi stierwen an d‘Arméi souwisou schonn zanter ville Méint un der Limite vun hire Kräften ass. Éischtens huet mäi Pefferkär awer keen Afloss an zweetens wär et och iech Lieser géintiwwer net éierlech. Dee Commentaire géif der Komplexitéit net gerecht ginn. D‘Ukrain ka jo net einfach quasi kapituléieren an d‘ganz Welt géif dann akzeptéieren, dass de Putin mat all deem einfach duerchkéim. Dat weess ech och hei aus der Distanz. Wat genee vu Friddenspläng um Dësch läit an deemno um Spill steet, dat weess ech, wéi dir, och an der Haaptsaach vun den internationale Korrespondenten, déi op der Plaz sinn. Am Verglach dozou si Commentairen iwwer den Noen Oste kompletten Harakiri. Kloer: Wann ee sech entweder op d‘Säit vum Staat Israel oder awer op déi vun de Pro-Palestinenser stellt, da kënnt de Stuerm all Kéiers vun der anerer Säit. Wann een awer neutral am Sënn vun enger friddlecher Zwee-Staate-Léisung kommentéiert, sinn d‘Aktivisten op béide Säiten rosen. Et ass einfach extrem komplex: Hannert all Meenung verstoppe sech honnert Argumenter dogéint.
Dozou passt en Essay um Deutschlandfunk, deen ech éinescht vun engem sympatheschen Här bei engem Owesiesse recommandéiert krut: de Soziolog a Journalist Mathias Greffrath beschreift doran d‘Experienz vun der “Ohnmacht”. Am Lëtzebuergeschen gëtt et leider keen eegent Wuert dofir. Et mengt ee grad, hei hätt ee schonn ëmmer gewosst, wat ze maache ass. Op alle Fall: Et geet ëm deen Zoustand, wann een d‘Gefill huet, et hätt een ebe keen Afloss, keng Kontroll méi. Dat kann an enger bestëmmter, relativ kuerzer Situatioun sinn, awer och an enger Epoch. Wien déi lescht Joren Noriichte konsuméiert, deem ka schonn dronke ginn: Slapstick-Politik vum Trump, de Putin, deen internationaalt Recht mat Féiss trëppelt, nuklear Oprëschtung, potenzielle Genozid a Gaza, Antisemitismus, Handelskricher an als Kiischt um Kuch an ëmmer als Menace iwwert allem: de Klimawandel. Leider geet et domat nach net duer. Dem Mathias Greffrath no ass dat do nach alles mam Besteck vum 20. Joerhonnert ze begräifen: Monokapitalismus, Imperialismus an esou weider. Déi richteg Revolutioun – quasi de K.O. fir all Mënsch, deen nach mengt, den Duerchbléck ze hunn - kéim eréischt. Virun deem Prozess, deen d‘Kënschtlech Intelligenz matsechbréngt, kann ee just resignéieren. Vläicht arrangéiert een dee Gedanken och. "Et ass esou kamoud, net responsabel ze sinn. Ech hunn e Buch, dat fir mech Verstand huet..." an esou weider. Dat huet schonn de Kant geschriwwen. D‘KI hëlt engem dann all Aufgab of - e Commentaire schreiwen zum Beispill. Mä dat ka jo och net d‘Léisung sinn, op Dauer iwwerflësseg ze ginn.
Fir all déi, déi den Essay vum Mathias Greffrath net wëlle ganz liesen: Jo, de Soziolog proposéiert och en Hëllefsmëttel, wéi ee sech awer fir d‘Welt interesséieren a sech engagéiere kann, ouni de Courage vis-à-vis vu senger eegener "Ohnmacht" ze verléieren: sech mat aneren zesummendinn, sech an der Gesellschaft engagéieren, zesummen un d‘Reegele vun der Demokratie gleewen.