D'Chrëschtsaison fänkt vu Joer zu Joer éischter un an de BlackFriday an de CyberMonday ginn ëmmer méi present a gigantesch. D'Fro stellt sech, wien hei nach d'Kontroll huet, wiem et wierklech eppes bréngt a wou dat Ganzt hiféiert. D'Claudia Kollwelter huet sech a sengem Commentaire dozou Gedanke gemaach.

Knapps sinn déi éischt Blieder vun de Beem gefall, gëtt an de Butteker schonn de Konscht-Schnéi ausgestreet, de Liefkuch an d'Adventskalenneren an d'Rayone geluecht an d'Chrëschtbeliichtung opgehaangen. Wat fréier eréischt an der Adventszäit ugefaangen huet, ass hautdesdaags schonn um Programm wann d'Temperaturen nach am zweestellege Beräich sinn.

De Commentaire vum Claudia Kollwelter

Spéitstens am November da kënnt den éischten Héichpunkt an der Konsum-Saison, nämlech de BlackFriday an de CyberMonday. Wat fréier en eenzelen Dag mat Prozenter war, ass hautdesdaags eng ganz Serie vu Prozent-Wochen a souzesoen den inoffizielle Startschoss fir d'Chrëschtgeschäft. Mat Sloganen ewéi "Nëmmen haut! 50% op alles" ginn d'Leit gelackelt a reagéieren esou wéi déi grouss Plattforme sech et wënschen: eng Bestellung hei, en Deal do.

D'Livreuren hunn all Hänn voll ze dinn, d'Hale mat Päck, déi aus- oder och zréckgeschéckt ginn, fëllen sech an an aneren Deeler vun der Welt schaffe Leit ënner extrem prekäre Konditiounen, fir datt eis "Schnäppchen" esou bëlleg a séier wéi méiglech bei eis ukommen. Gläichzäiteg réckelt Chrëschtdag ëmmer méi an de Schied. Oder op d'mannst dat, wat fir vill Leit den eigentleche Kär vun deem Fest ass: Zesummesinn, Rou an eng kleng Paus vum Alldag.

Dominéiere mécht awer de wirtschaftleche Gedanken: méi a méi fréi verkafen, méi héijen Ëmsaz, méi Konsum.Konsum un sech ass jo kee Problem an Deel vun eiser Wirtschaft, eisem Liewen, eisem Wuelstand. Mä d’Vitess, mat där mir haut zum akafen animéiert ginn, ass faszinant a mécht midd. Mat der permanenter Presenz vu Reklammen, Promotiounen a "Last Chance Deals" ass et ëmmer méi schwéier, bewosst ze iwwerleeën, wat ee wierklech brauch. An dat net just materiell, mee och emotional. Impulsiivt Kafe léisst zwar kuerzfristeg Glécksmomenter aus, mécht een doriwwer eraus awer rar wierklech zefridden. Ze vill Besëtz kann och eng Belaaschtung sinn.

Fir d’Ëmwelt si Konsequenzen nach méi evident. All zousätzleche Pak bedeit Verpackung, Transport, Emissiounen. De Black Friday an déi virgezu Chrëschtsaison belaaschten d’Klimabilanz. Enger Studie vun 2023 no goufe wärend dem Black-Friday-Weekend bis zu 1,2 Milliounen Tonnen CO2 eleng duerch d'Liwwere vu Päck ausgestouss. Ma och d'Produktioun vun de Versand-Këschte verursaacht ronn 4.000 Tonnen CO₂, an e groussen Energie- a Waasserverbrauch.

D'Fro bleift: Musse mer dat matmaachen? Musse mer eis schonn am Oktober an d’Chrëschtstëmmung drécke loossen, just well de Marché et esou virschreift? Musse mir eis vum Black-Friday-Mechanismus manipuléiere loossen, just well de Marketing méi staark ass wéi eise gesonde Mënscheverstand? D'Äntwert ass kloer: Nee. Konsum ass eng Decisioun – keng Naturgewalt. A jidderee ka selwer bestëmmen, wéi vill Plaz en a sengem Liewen anhuele soll. Vläicht wier et un der Zäit, en anere Rhythmus ze fannen. Een, deen eis net all Joer méi fréi an deen nämmlechte Kreeslaf aus Kaf-Rausch, Stress a Massen-Offere katapultéiert. Een, deen erëm Plaz léisst fir richteg Virfreed, fir bewosst Decisiounen an d'Erkenntnis datt "manner" heiansdo och "méi" ka sinn.