Brave new world – schéin nei KI-Welt
© rtl.lu
Den Ament gëtt hei am Land a Bipartitten iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun diskutéiert. Iwwerdeems riskéiere bei Amazon bal 500 Leit hir Aarbecht ze verléieren, ënnert anerem wéinst KI. Déi Kënstlech Intelligenz ass zimmlech sécher net Thema vun den Diskussiounen tëscht Regierung a Sozialpartner, nach net. Mä et kéinte weltwäit Milliounen Aarbechtsplaze verschwannen.
Et kléngt net nëmme wéi Science-Fiction, mä et ass Science-Fiction. Kee weess effektiv, wéi d’Zukunft an der Aarbechtswelt ausgesäit. An déi weltwäit Experte widderschwätzen sech.
Den Elon Musk an aner Tech-Milliardären hunn op alle Fall eng Visioun: KI soll esou vill Aarbecht iwwerhuelen an och sou vill Sue verdéngen, datt déi un d’Leit weider verdeelt gëtt. Wa KI all oder bal all eis Aufgaben iwwerhëlt, da sollen d’Mënschen um Benefice bedeelegt sinn. Dat ass déi „geschéinte“ Versioun. Kee Massechômage, mä Wuelstand an e Grondakommes fir jiddereen. Finanzéiert vun de Maschinnen, déi eis ersetzen.
Méi KI, méi Muecht fir Tech-Firmen
Ech fäerten, datt soll éischter vun de reelle Problemer vun der Automatiséierung oflenken. Tech-Entreprisë maachen eis – a besonnesch déi Jonk – net nëmme süchteg no TikTok a Co., mä wäerte mat enger ëmmer méi staarker KI zousätzlech Muecht kréien.
Digital Léisungen ersetzen dacks repetitiv Aarbechten. Schéin a gutt kéint ee mengen. Mä ginn et dann nach genuch Aarbechtsplaze fir Beruffsufänger oder manner Qualifizéierter?
Den Nobelpräisgewënner Geoffrey Hinton warnt, datt KI fir massiv Aarbechtslosegkeet wäert suergen, déi Räich nach méi räich mécht an den Tech-Firmen nach méi Muecht gëtt.
Kéint e Grondakommes d’Léisung sinn?
Sou, wéi prominent Tech-Mënschen eis dat proposéieren? Éischter net. E Grondakommes heescht jo, datt all Bierger eng gewëssen Zomm Suen oder Bitcoins oder wat och ëmmer kritt, ouni eng Géigeleeschtung. Pilotprojete mat engem Grondakommes gouf oder gëtt et, mä alles am Klengen. D’Resultater si gemëscht. A vill Leit hunn trotz 1.200 Euro zum Beispill weider geschafft. Mä wou keng Aarbecht ass, kann och net méi geschafft ginn.
Schaffen net nëmme fir Suen ze verdéngen
Eng vill méi staark Automatiséierung riskéiert dem Mënsch ze schueden. Mënsche ginn net nëmme schaffe fir Suen ze verdéngen, mä och fir e Sënn an hirem Liewen. Fir eppes Produktives a Soziales ze maachen. Et kann theoretesch flott sinn, wa repetitiv oder nerveg Aarbechten ewech falen, mä wat maachen déi Leit dann amplaz? Et kann ee Sue spueren, wann Aarbechtskräften agespuert ginn, mä wat sinn d’Alternative fir déi Leit? Pessimismus bréngt sécher näischt, mä naiven Optimismus och net. Ech fäerte schonn, datt ee sech drop preparéiere muss, datt wéinst KI Aarbechtsplazen – wéi massiv muss sech weisen - ewech falen. Domadder mussen sech och d’Gewerkschafte befaassen.
KI hätt iwwregens och dëse Commentaire mat Pro a Contra kënne schreiwen. Huet en net. A schwätzen – mat Stëmmprouwe vu mir – warscheinlech och.