Knapp zwee Joer ass d'CSV-DP-Regierung elo um Rudder. No 10 Joer Blo-Rout-Gréng war an de méi konservative Kreesser eng gewëssen Opbrochstëmmung ze spieren, vun där awer net méi ganz vill bliwwen ass. D'Meenungsëmfroe weisen, datt d'Koalitioun un Zoustëmmung verluer huet. Ma och wann een d'Regierung kritiséiere kann, virun allem fir hir Kommunikatioun, muss een awer och soen, datt d'Alternativen net wierklech besser sinn, fënnt op d'mannst de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Commentaire vum Marc Hoscheid

Fänke mer mat der Piratepartei un. Jo, déi gëtt et nach ëmmer, obwuel de Sven Clement an de Marc Goergen virun engem Joer gefillt alles doru gesat haten, fir sech selwer ze versenken. An och wann et mëttlerweil vill méi roueg ginn ass, sinn d'Spannungen nach ëmmer do. Sou krute Clement a Goergen et mol net hin, virun der Summervakanz dat traditionellt Fraktiounsiessen ze organiséieren. Dobäi wier dat dach déi perfekt Virlag fir e bëssi Selbstironie gewiescht: Se hätten d'Press einfach sollen an de McDonalds invitéieren a fir all Journalist een Happy Meal bestellen, ma amplaz vun enger Spillsaach hätt et eng Tondeuse aus dem Fressnapf ginn.

Déi Lénk maachen am Fong dat, wat se quasi nach ëmmer gemaach hunn, si gi sech vill Méi, lénk Alternativen op den Dësch ze leeën. An dat maache se konsequent, sou datt et laanscht déi grouss Majoritéit vun de Leit geet. Et ass dann awer dacks ze vill Klassekampf, deen an de Riede vu Marc Baum an David Wagner matschwéngt an deen esou guer net an dat turbokapitalistescht Lëtzebuerg passe wëllt. Sou schlecht, wéi et bei deene Lénken heiansdo kléngt, geet et deene meeschte Leit hei am Land dann awer net. Op d'mannst geet et op de Marc Baum zeréck, datt den Avortement als Fräiheet an d'Verfassung kënnt. Dat ass jo dann ee klengen Trouscht fir déi Stéit, déi sech kee Kand leeschte kënnen.

D'ADR ass an der blöder Situatioun, datt een zwar an der Oppositioun ass, awer am Fong vill Projete vun der Regierung, op d'mannst d'Stoussrichtung, zimmlech gutt fënnt. Just bei engem Sujet, ehm Thema, ka keen et der ADR Recht maachen: der Lëtzebuerger Sprooch. Just nach e puer Deeg vum endgëltegen Ausstierwen ewech, muss endlech Schluss mat der Symbolpolitik sinn, amplaz braucht et konkret Mesuren. Also fuerdert d'ADR dat eenzegt, wat d'Sprooch vum Dicks a vum Lentz nach rette kann: Lëtzebuerger Wierder a Spréch um Fluchhafe Findel. Déi droen déi chineesesch Touristen da mat an hir Heemecht an äert ee sech versinn huet, schwätzen iwwert eng Milliard Leit Lëtzebuergesch. Naja, mee et ass ee jo scho frou, wann d'ADR net fuerdert, datt um Findel alles op Russesch soll ausgeschriwwe ginn.

D'LSAP muss sech no gefillten 150 Joer an der Regierung nach un déi haart Oppositiounsbänk gewinnen. Do hu se awer op d'mannst hiert Häerz fir déi chrëschtlech Sozialléier entdeckt. Et wier ee Skandal, datt d'Regierung d'Caritas net gerett hätt. Iergendwéi ginn ech d'Gefill net lass, datt et genee esou ee Skandal gewiescht wier, wann d'Caritas gerett gi wier. Da wier warscheinlech vum Comeback vun der C-Famill an deem albekannte Gemauschels geschwat ginn. D'Sozialiste ware sech jo och net ze domm, fir am Ufank vum Debat iwwert d'Pensiounsreform all Upassungen ze verdäiwelen, fir dono ze kritiséieren, datt awer net ganz vill erauskomm wier. Et ass souwisou net ganz glafwierdeg, wann ee sech dogéint wiert, datt d'Leit méi laang schaffe ginn an dee Message da vum Mars Di Bartolomeo kënnt. Schéckt dee fir d'éischt mol an d'Pensioun an da schwätze mer virun.

Fräi nom Motto "Unter den Blinden ist der Einäugige König" hannerloossen déi Gréng bis elo nach dee beschten Androck. Woubäi een "déi Gréng" och duerch "dat Gréngt" ersetze kéint, well am Schied vum Sam Tanson kréien déi aner dräi Deputéiert net ganz vill Sonn of. Ee Sam Tanson, dat och nach op engem schlechten Dag besser schwätzt wéi een Taina Bofferding op engem gudden. Woubäi och fir d'Sam Tanson d'Beem net an den Himmel wuessen. Sou konnt si zum Beispill net wierklech beleeën, firwat si der Meenung ass, datt d'Envergure vum Bedruch bei der Caritas manner grouss gewiescht wier, wann de System bei der Spuerkeess richteg funktionéiert gehat hätt. An datt ee bei deene Gréngen nach ëmmer sou mécht, wéi wann den Henri Kox ee gudde Logementsminister gewiescht wier, weist, datt een déi 10 Joer an der Regierung nach net ganz opgeschafft huet.

Ob déi aktuell CSV-DP-Koalitioun et 10 Joer packe wäert, steet nach an de Stären. Ma sollt se schonn 2028 duerch eng aner Majoritéit ersat ginn, kéint och do d'Euphorie nees séier eriwwer sinn.