En Individualist. Dat ass e Mënsch, dee sech selwer a seng eege Vue an den Zentrum stellt. Den Individualismus ass ee vun de Piliere vun der moderner Demokratie, wéi mer se an eise Breedegrade kennen. Hautzedaags drécke verschiddener d‘Konzentratioun op dat eegent Wuelbefannen awer bësse wäit an dat gëtt laangfristeg zur Gefor fir de ganze System, fënnt de Pit Everling a sengem Commentaire. 

Alles ass méiglech, kruten d‘Kanner aus den 70er, 80er an 90er méi oder manner direkt vermëttelt, vun Elteren, Enseignanten an aneren.

De Kontext am véierte Véierel vum 20. Joerhonnert huet déi Opbrochstëmmung absolut hierginn, d'Gesellschaft hat sech ëmmerhi grad vu rigiden traditionelle Strukture lassgeléist. An d'Generatioune sinn eraus gezunn an d'Welt, op der Sich no der neier Fräiheet, der absolutter Erfëllung, nom gemoolten Drampartner, dem perfekte Beruff, dem Hobby, deen dat éiwegt Gléck soll erbäi bréngen an natierlech och dem finanzielle Wuelstand.

De Commentaire vum Pit Everling

Individualismus, en éischter westlecht Phänomen, un deem op den éischte Bléck absolut näischt falsch ass. De fräie Choix an d'Selbstbestëmmung  an d'Onofhängegkeet zielen zu de wichtegste Grondlage vun der liberaler Demokratie an et ass och gutt, datt de Staat dem Eenzelen déi Libertéite garantéiert.

Leider gëtt et net wéineg Individuen, déi d‘Sich nom eegene Wuelbefannen e bëssen op d‘Spëtzt dreiwen a mir kréien ëmmer méi virun Ae gefouert, datt d'Gesellschaft vun den "Ech-Mënschen" un hir Limitte stéisst.

"Mir dach egal, ech maache wat ech ech wëll"

Aus Individualismus kann Egoismus ginn, wann déi eege Besoine récksiichtslos iwwer alles gestallt ginn an d'Empathie géintiwwer anere verluer geet.

Aus Individualismus kann Non-Konformismus ginn, wann all etabléiert Norme refuséiert ginn

Individualismus kann dozou féieren, datt keng Reegele méi agehale ginn, moralescher an och legaler.

Individualismus kann als Konsequenz hunn, datt Autoritéit net méi acceptéiert gëtt, dat geet vum Net-Respekt vis-à-vis vum Schoulpersonal, dem Patron oder der Verwaltung, bis hi bei d'Net-Unerkennung vun der Regierung, der Police oder der d'Justiz.

Individualismus kann dozou féieren, datt an Entitéite wichteg Decisioune net kënne geholl ginn, well ze vill Acteure matschwätzen a well Eenzeler hir Bedierfnesser iwwer dat Kollektiivt stellen, dat fänkt am Keeleclub un hält bei der Europäescher Unioun op.

Individualismus kann der Ekonomie schueden, well déi eege Verwierklechung an d'Schaffmoral sech heiansdo géigesäiteg am Wee stinn, awer och well aus Eegen-Interessi vu Mataarbechter abuséiert gëtt.

Individualismus kann natierlech als Konsequenz hunn, datt d‘Natur laangfristeg futti geet.

Individualismus kann zu sozialer Isolatioun féieren, well déi eege Besoine schwéier kompatibel si mam Rescht vun der Gesellschaft.

Individualismus kann awer och zu Stress a psychesche Krankheete féieren, well sech Drock gemaach gëtt, fir dat éiwegt Gléck vum Liewen dann och ze fannen, well sech Stress gemaach gëtt, wann déi (ze) héich gesaten Ziler net erreecht ginn, oder wann déi iwwerhaapt mol net kloer definéiert kënne ginn.

Ze vill Individualismus ka laangfristeg zum Problem ginn.

Wa lauter eenzel Besoinen erfëllt musse ginn, kommen déi vun der Gesamtgesellschaft ze kuerz. 
 
Wa jidderee sech just ëm déi eegen Achs dréit, fiert de Jabel op eemol net méi.
Un den individuelle Fräiheete soll net gefréckelt ginn, mä et däerf net ze vill op d'Käschte vun der Allgemengheet goen. 
Et wier un der Zäit, d'Leit och mol nees op hir kollektiv Responsabilitéit opmierksam ze maachen nom Motto "zesummen" amplaz "jidderee fir sech".
E schwieregen Exercice.