It’s not just the economy, stupid.
© Eric Ebstein - rtl.lu
“Fir ee staarke Sozialstaat brauch et eng staark Ekonomie”: Eng Ausso, déi een ëmmer nees vu Säite vun der Regierung héiert. Am Commentaire en Dënschdeg fënnt d'Céline Eischen déi Ausso net falsch. An hiren Ae sollt awer net vergiess ginn, datt awer ee staarke Sozialstaat a sozial Kohesioun och fir d'Ekonomie an de Wirtschaftswuesstem wichteg sinn.
‘’It’s the economy, stupid’’ war ee vun de bekanntste Sloganen am Bill Clinton senger Campagne 1992. De Message zu där Zäit, an där déi amerikanesch Ekonomie kuerz virun enger Rezessioun stoung, war kloer: Fir de Wieler zielt just d’Ekonomie, alles anescht ass egal.
An de leschte Méint, an deenen hei am Land vill an hefteg iwwer de soziale Fridden an déi sozial Kohesioun diskutéiert gouf a gëtt, hunn ech ëmmer erëm missen un dee Sproch denken. Aus de Regierungsreie kënnt nämlech dacks de Message: Et brauch eng staark Ekonomie, fir iwwerhaapt ee staarke Sozialstaat ze hunn. Dobäi ass déi Ausso sécher richteg, mee ass et wierklech just "economy first"? Oder geet dës Kausalitéit och an déi aner Richtung?
Och wann natierlech eng funktionéierend Wirtschaft néideg ass fir de Sozialstaat hei am Land ze ënnerhalen, sou ass et awer och de soziale Fridden an ee gewëssenen Niveau u sozialer Stabilitéit, déi et brauch, fir déi ekonomesch Performance an de Wirtschaftswuesstem unzedreiwen. Recherchë weisen, datt soziale Fridden d’Ekonomie stäerkt, well d’Zefriddenheet an d’Vertraue vun de Leit an d’Institutiounen erop ginn, d’Produktivitéit gestäerkt an d’Gesellschaft méi resilient gëtt.
Indicateure weisen allerdéngs och, datt déi strukturell Problemer hei am Land wuessen an domat dëse soziale Fridden op d’Spill setzen: Hei am Land muss een ëmmer méi vu sengem perséinleche Budget fir d’Wunnen ausginn. Betriber zu Lëtzebuerg hunn dowéinst och ëmmer méi Schwieregkeeten, Leit aus dem Ausland ze rekrutéieren. Och d’Inegalitéite ginn net manner: Akademiker behaapte scho méi laang, datt wirtschaftlech Inegalitéiten d’Vertrauen an d’Institutiounen an domat och an d’Demokratie schwächen. Alles dat schued och der Ekonomie.
Dausende Leit sinn am Juni duerch d’Stad gezunn, well se d’Gefill haten, datt de Sozialdialog, ee vun de wichtegste soziale Stabilitéits-Pilieren hei am Land, géif bréckelen. Ma et ass dëse Modell Lëtzebuerg, dëst Vertrauen, datt et sech lount schaffen ze goen a sech am deiere Grand-Duché awer kënnen een anstännegt Liewen opzebauen, deen zu der wirtschaftlecher Entwécklung aus deene leschte Joerzéngte bäigedroen huet.
An all dësen Diskussioune sollt een also net vergiessen: Investitiounen a bezuelbare Wunnraum, zum Beispill, an domat och an d’Sozial Kohesioun si keng erausgehäite Suen a kënnen esouguer der ekonomescher Reprise a méi schwieregen Zäiten hëllefen. Et sinn déi Investitiounen, déi net just déi sozial, mee och déi ekonomesch Stabilitéit ofsécheren. Well d’Iddi, datt déi ganz Gesellschaft automatesch eleng dovunner profitéiert, datt d’Wirtschaft wiisst, huet nach ni funktionéiert.
Dowéinst: Fir méi Wuelstand brauch et ënner anerem eng staark Ekonomie, mee net nëmmen. It’s not just the economy, stupid.