12 Méint fir d'Santé ze retten
Et ass net fir d'éischt, datt d'Doktere sech mam Santésministère uleeën. An de leschte Joerzéngten hat déi liberal Dokterschaft sech systematesch mat de meeschtens sozialistesche Gesondheetsministeren an den Hoer. Schwaarz-Blo huet virun allem am Walkampf, mä och am Koalitiounsaccord vill versprach, mä bis elo nëmme wéineg geliwwert. Ënnert anerem duerfir ass der AMMD elo de Colis geplatzt. An den Drock schéngt och ze wierken. Mä, Drock ass net ëmmer gutt – e Commentaire vum Claude Zeimetz.
Wéi de Premier Luc Frieden e Méindeg de Moie bei eis am Interview gefrot gouf, wat da lo seng Haaptprioritéite wieren, huet hien d'Modernisatioun vun der Santé direkt als zweet genannt. An den nächste sechs bis 12 Méint sollten d'Antenne baussent de Spideeler Realitéit ginn.
De Wee dohinner bleift schwiereg. Plakativ eng "sozialistesch Planwirtschaft" an der Santé am Walkampf ze kritiséieren ass nu mol vill méi einfach wéi duerno dann och Reformen an engem System ëmzesetzen, an deem de Personalmanktem an déi finanziell Lächer an der Keess rapid méi akut ginn, d'Patienten ëmmer méi an ëmmer méi al ginn, a wou och vill Interessien openeen treffen.
Eng schwaarz Ministesch mam schwaarze Péiter
Dat léisst sech ganz gutt mat de Konflikter illustréieren, mat deenen d'Martine Deprez grad konfrontéiert ass. Engersäits reprochéiert d'Staatsbeamtegewerkschaft hir ouni Dialog mat der geplangter nationaler "Akafs- a Logistikzentral" staatlech Käraufgaben a privatrechtlech Strukturen auszelageren. An op der anerer Säit waarden déi liberal Doktere mat Schwäerzen drop, datt d'Regierung endlech méi Behandlungen aus Spideeler auslagert.
D'Ministesch, déi sech bekanntlech bei de Pensioune schonn eng bluddeg Nues geholl huet, muss also elo d'nächst Joer och an der Santé liwweren, och fir ze verhënneren, datt um Enn d'Patienten awer op hire Sue sëtze bleiwen.
An och bei der CNS ginn déi nächst 12 Méint decisiv. Dat Ganzt zesummegeholl ass e Minnefeld, fir dat ee sech jo och bewosst wuel eng Quereinsteigerin an d'Regierungsboot geholl huet.
Wie vertrëtt d'AMMD eigentlech?
Et géif hinnen drëms goen, datt d'Leit méi séier bäi kommen an d'Patiente vum moderne Fortschrëtt an der Medezin profitéiere kënnen, argumentéiert d'Doktesch- an d'Zänndokteschassociatioun. Datt d'AMMD awer net nëmmen aus puerem Altruismus raus d'Konventioun mat der CNS kënnegt, weist awer eleng d'Tatsaach, datt se réischt dunn zum Forcing ugesat huet, wéi se bei den Tariffer net dat krut wat se wollt. Well natierlech geet et och ëm Suen an natierlech ass d'AMMD virun allem mol eng Gewerkschaft, déi d'Interessie vun hire Membere vertrëtt.
An et dierf och d'Fro erlaabt sinn, wien iwwerhaapt de Chantage vun der AMMD alles matdréit? D'Salariatsdoktere warnen, d'Spideeler mat hiren Nuetsdéngschter a Garde géife riskéiere Personal un d'Privatcabineten ze verléieren. Reng vun den Zuelen hier huet grad mol ronn en Zéngtel vun de ronn 2.670 Medezinner virun dräi Wochen hiren Accord gi fir d'Konventioun ze kënnegen.
An da sinn och nach d'Generaliste bei den Dokteschgesellschaften net op enger Linn mat der AMMD. D'Hausdoktere wéilte wéi d'Regierung, datt dës Gesellschafte just aus Dokteren an anere Gesondheetsberuffer zesummegestallt sinn. D'AMMD hätt antëscht awer kee Problem méi domadder, wa sech minoritär och géife Financiere bedeelegen. Do si mer da rëm bei de Suen...
An de Patient? Deem seng Vertriedung huet zwar rezent hiren 30. Gebuertsdag gefeiert a sech och per Communiqué zu der Konventiounssaach zur Wuert gemellt, mä fir de Rescht ass et elle roueg ginn ëm de Pizzaferri-Veräin. Schued.