Andeems d'Dokteschgesellschaft AMMD d'Conventioune mat der CNS gekënnegt huet, wollt se – eegenen Aussoen no – eng grouss politesch Verhandlung lass trëppelen. Se wëll ënnert anerem méi Tarifautonomie a stellt domadder den traditionelle System a Fro. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet awer verséchert, d'Regierung wéilt keng Zwou-Klasse-Medezin. Am Commentaire haut vermësst de Fränz Aulner an der ganzer Debatte de Courage fir ze warnen, datt et esou oder sou schwiereg wäert ginn den aktuellen, dach generéise System déi nächst Joren z'assuréieren.

Commentaire vum François Aulner iwwer de Gesondheetssystem

Fir dat Wesentlecht ofzesécheren, wäerten Efforten oder méi Bescheidenheet op alle Niveauen néideg sinn. Kollektiv an individuell. Änlech ewéi fir eise Pensiounssystem mécht d'demographesch Entwécklung Drock op de Gesondheetssystem. De Projektiounen no kéint d'Zuel vu Leit iwwer 65 Joer sech tëscht 2019 an 2050 méi ewéi verduebelen. Schonn eleng a fënnef Joer kéinten 32.000 Leit iwwer 80 hei am Land wunnen – e Plus vun 8.000 oder 25 Prozent par Rapport zu 2019.

Gläichzäiteg sollen dem Rapport Lair no nei diploméiert Dokteren d'Departe vun Dokteren an d'Pensioun net kompenséiert kréien. Dokteren aus dem Ausland ulackele riskéiert iwwerdeems knapp ze sinn, well de Reservoir vun der Groussregioun och seng Limitten huet.

Innovatioun, mee kee Geschäft

D'Digitaliséierung, technologesch a medezinesch Fortschrëtter a méi Preventioun si wichteg Bestanddeeler vun der Gesondheetspolitik, déi de System sécher wäerten entlaaschten, mee méiglecherweis net genuch. Kann d'Aarbecht vun Dokteren a Fleegepersonal tatsächlech duerch kënschtlech Intelligenz genuch vereinfacht oder méi effizient gemaach gi fir der virprogramméierter, méi héijer Demande nozekommen? Wat d'Preventioun ugeet gi Progrèsen gemaach, mee duerch nei Krankheeten oder nei ongesond Phenomener nees no hanne geheit.

Och d'Infrastruktur, vum Spidol an den Urgencen iwwert d'Generaliste-Cabineten bis hin zu den Apdikten, geréit deelweis schonn un hir Limitte wann eng gréisser Well ass. Ob d'Investissementer, déi gemaach goufen a geplangt sinn, duergi sief Mol dohi gestallt.

Alles dat jäizt no méi Invest an tatsächlech nei an innovativen oder kreative Formullen. Dobäi muss opgepasst ginn, datt weder d'Spideeler oder eenzel Spezialisatioune benodeelegt oder geschwächt ginn. Datt d'Tariffer – d'Nomenclature – mussen ugepasst ginn héiert ee scho laang. Engersäits misst Zäit mam Patient méi valoriséiert ginn a verhënnert ginn, datt verschidden Akten esou favoriséiert wieren, datt se aus deenen Akten e lukratiivt Geschäft géinge maachen.

#Resilienz

Wieren all dës Hausaufgabe gemaach misst d'Politik awer och all Mënsch méi responsabiliséieren. Iwwerdeems d'Leit riskéieren duerch de bequeeme Paiement immédiat direkt d'Notioun vum Präiss vun der Medezin ze verléieren, gëtt zanter Joerzéngte kritiséiert, datt Leit och Mol fir Bagatellen an d'Urgence géinge goen.

D'Floskel, déi ee vun alle Säiten héiert – "de Patient muss am Mëttelpunkt stoen" – ass natierlech richteg. De Patient dierf net duerch eng Zwou-Klasse-Medezin zum Client ginn, mee e soll sech och net vu selwen ewéi e verwinnte Client behuelen.

D'Santé ass keng Selbstverständlechkeet.