"Die Geister, die ich rief..."
Lëtzebuerg ass definitiv nees an den Zäite vun der Postkutschen-Ära ukomm - op d'mannst wat d'Kommunikatioun ugeet. An Zäite vun Deep-fakes, Spams a soss Phishing setzen d'Gewerkschaften op dee gudden ale Bréif, dee jo an der Zäit an der Postkutsch transportéiert gouf - sou almoudesch d'Methodik - sou effikass an aktuell awer sinn d'Messagen, fënnt de Roy Grotz a sengem Commentaire.
Effikass, well duerch d'schwaarzt op wäisst Festhalen um Bréif vu Kriticken a Fuerderungen de Message kloer eriwwer kënnt an aktuell, well d'Sujeten, déi d'Gewerkschaften opwerfen et a sech hunn - genee nämlech wéi beim Dossier Sonndesaarbecht, wou den CSV-Minister Mischo jo frontal an d'Schosslinn geholl gouf, maachen d'Syndikater mat den Attacke géint d'Santés-Politik vun der Ministesch Deprez déi nächst Front op a sinn a Kampf-Batailloune forméiert.
D'Krichszon vun de Gewerkschaften ass d'Strooss a mat deem, wat si do op d'Blat bréngen a punkto (an hiren Aen) culottéiert Aart a Weis vun der AMMD, fir d'Konventioune mat der CNS ze kënnegen, an der phlegmatescher Manéier vun der Ministesch ass e Remake vun der Maniff vum 28. Juni virprogramméiert.
Woubäi och d'Gewerkschafte sollte gutt oppassen, wéi wäit si hei d'Eskalatiounsspiral wëllen dréinen, well d'Leit sinn nëmme massiv ze mobiliséieren, wann et ëm Hiert geet - mee bei der Gesondheet, de garantéierte Soinen an der medezinescher Offer ass dee Succès garantéiert.
Souwäit zum Kontext - dann zur Form - sou old school wéi et wierkt, mat Bréiwer ze kommunizéieren, mee do sinn d'Gewerkschafte komplett op der richteger Schinn, well hir Fuerderungen och bei de Richtegen ukomm sinn, well Matenee-Schwätze schéngt jo komplett aus der Zäit gefall a Castegnaro a Juncker si Personnagë wéi iwwerlieft, al griichesch Philosophen.
De Fong dann: d'Gewerkschafte viséieren natierlech kloer déi fréier AMMD-Cheffe-Garde Wilmes a Schmit, déi sech mam waakregen, gutt connectéieren Entrepreneur Giorgetti, dem Bänker Hoffmann an dem Influencer a Staatsrots-Vize Kinsch zesummegedoen hunn, fir dem "Client Patient" hir Zerwisser zur Dispositioun ze stellen.
Hei spillt da voll a ganz d'NAGA-Connection, déi sech an deem Etablissement virun de Walen op enger Gebuertsdagsparty a Presenz vum deemolegen CSV-Spëtzekandidat Frieden forméiert hat, fir de Gesondheetssystem op liberal Been ze setzen - dozou gehéiert dann och eng geplangt Offer am Wickrenger Taj Mahal vum hellegen Auto/Moto der GridX-Clinic.
Alles medezinesch One-Stop-Shoppen, e Guichet-Unique vun Offer a Soine fir d'aiséiert Patienten, déi sech kënnen à l'aise beroden an zerwéiere loossen, an deenen et egal ass, wat rembourséiert gëtt a wat net. Domat dann och d'Zwee-Klasse-Medezin par excellence, fir déi Déck, déi praktesch um Findel mam Jet kënnen ureesen.
Et ass lo indispensabel an dëser Situatioun vun Onsécherheet, Desinformatioun a Gestreits de Luc Frieden ze héieren, dee seng Roll muss iwwerhuelen an Uerdnung an de Buttek bréngen. Hie soll sech gutt flankéiere mam Bréckebauer Bettel an dem Finanzmeeschter a futur-Staatsminister in spe Roth a sech net eleng op seng zwéin partei-intern Ressortministere verloossen, déi ewell ugeschoss duerch d'Politlandschaft geeschteren.
D'Geeschter, déi d'Regierung am Koalitiounsaccord am Kapitel Santé geruff huet, mat vu Spideeler lass geléisten Doktesch-Strukturen an engem System open to all, si lo ukomm - pénktlech no Halloween an Allerhellegen - d'Béchs vun der Pandora ass lo op an et weess een och zwee Joer no de Walen net, wou et da mat der versprachener Liberaliséierung a Privatiséierung soll higoen - die Geister, die ich rief - an d'Regierung do stoe léisst, wéi verlueren a verdaddert Zauberléiermeedercher a -bouwen.